Archive

Archive for the ‘Edukatioun’ Category

Wou ech de Proffen mol eng Kéier Recht ginn.

April 1, 2009 6 comments

(an dat hei schéngt jo keen Abrëllsgéck ze sinn)

617 Enseignanten aus dem Secondaire Technique hunn der Edukatiounsministerin een oppene Bréif geschriwwen.

An deem Bréif fuederen d’Enseignanten, dass déi aktuell Promotiouns-Kritèren op den ënneschte Klassen (déi scho méi dacks a fir d’lescht 2005 ugepasst goufen) nees geännert ginn.

Et kann een den Ament effektiv zwou, och déck, Datzen, a wichtege Fächer hunn an da packt ee säi Joer, ouni richtege Noexamen awer nach an dat ass net normal, seet de President vum Proffecomité aus dem LTNB, den Yves Schmartz.

Kompenséiren JO awer op engem méi héige Niveau, dat ass d’Fuederung vun deene 617 Enseignanten. Den Titel vun hirem Bréif ass dann och: „Wat solle mir schaffen, mir komme jo souwisou duerch!”

Grondtenor doran: D’Schüler kréien et zevill einfach gemeet a profitéiren dovunner, wat emol kee Reproche u si, mee un de System ass. Wien net muss léieren, dee mécht et och dacks net … Zitat: “C’est un secret de polichinelle que de nombreux élèves négligent les branches ‘qu’ils n’aiment pas trop’ et se contentent du minimum strictement nécessaire pour passer en classe supérieure.”

(source)

Mee d’Mady wëll jo, dass jidereen duerchkënt, egal op en qualifizéiert ass dofir oder net …

update: d’Kommentairen op der RTL-Säit sinn och net oninteressant.

Chemical reactions!

March 16, 2009 2 comments

Sou misst Chimie geléiert ginn, dann hätt och ech se a. interessant fonnt an b. verhalen:

TED Prize winner

February 21, 2009 Leave a comment

How to protect the blue heart of the planet: Video.

Onbedéngt kucken, wann engem och nëmmen e bëssen eppes un eisem Planéit läit …

ocean-turtle

Rapucation.

February 18, 2009 2 comments

Ah, schéin. Sou eppes nennen ech gutt Noriichten. All Versuch fir Bildung un de Mann, oder eischter d’Kand, ze kréien ass luewenswäert.

Happy Birthday!

February 12, 2009 2 comments

Happy Birthday, Charles! And thanks again for your brilliant work.

charlesdarwin

225px-charles_darwin_seated

467px-charles_darwin_01

Fun fact: Die läscht Foto gouff iwwregens vun enger Photographin gemaach. Fraen woren deemools nach net op Konshtakademien zougeloos fir Molen ze léieren, mee selwer mat der Photographie experimentéieren woer ok.

Holocaust & the UK?

February 9, 2009 2 comments

Krut grad en Powerpoint iwwert den Holocaust an do stung dran, dass d’Thematik vum Holocaust aus den englëschen Geschichtscouren an der Schoul verschwonne wier, well e puer Moslemmen sech do kéinten gestéiert fillen!

Stëmmt dat???

Wees een do méi? Wann dat stëmmt, wier dat jo awer en Riesenskandal.