Muss ech henno mol probéieren.
Mengen ech dat nëmmen oder huet d’Léa Linster all hier Employéen op de Mond gekusst!? (direkt um Ufank vum Reportage)
Ass dat eng Lëtzebuerger Traditioun, déi ech net kennen?
Whopper Virgins an dësem Fall.
Usech eng originell Iddi a gutt emgesat, mee et bléiwt natiirlech en liicht schalen Nogeschmaach vun ‘Globalisatioun, US-Dominanz vun Allem, Risiko vun Eenheetsbräi, etc’.
Perséinlech fannen ech den Whopper och tonnen besser wéi den Big Mac.
Ah jo, an ass eigentlech lo zu Belval en Burger King oder net? Wuel net, soss hätt ech schon eppes dovunner héieren mengen ech …
Hat mer desläscht dem Jamie Oliver säin neit Buch ‘Ministry of Food’ aus England matbruecht an de Mëtten mol zur Ofwiesselung meng Elteren agelueden (soss ass et Sonndes éischter emgedréint) an eppes draus gemaach. Woer déck fäin ginn!
Kann d’Buch nëmmen recommandéieren. Sinn och vill schéin Biller dran, déi d’Aarbechtsschrëtt erklären an nët nëmmen dat fäerdegt Resultat wéisen. Och ginn praktesch Saachen zum Thema Kachen an Kichen generell erkläert.
Et gët et lo och schon op däitsch un ech gesinn: Jamies Kochschule.
10/10
Rezent Kommentarer