Archive

Archive for the ‘Gehir’ Category

Här am eegenen Haus.

December 3, 2008 10 comments

An nee, Surprise, et geet dës Kéier mol eng Kéier nët em eise Nach-Souverain. Mee ëm mëch resp. usech ëm eis alleguer. Wourunner een ëmmer rem gesäit, dass een net wirklech Här am eegenen Haus (= Kierper) ass, ass zum Beispiel d’Aschlofen. Et ass onméiglech ’sëch selwer’ ze soen (an dat alleng klengt usech schon komesch): “Sou, LO schléifs de. An zwar direkt!”. E bëssen méi einfach, mee meeschtens ëmmer nach extrem schwiereg sinn och Saachen wéi: “Sou, LO hälls de DIREKT op mat traueren, vermëssen, etc”.

A ween seet do eigentlech weem eppes? Den Conscient dem Subconscient? D’Séil dem Gehiir? Ween huet eigentlech dat läscht Soen?

Egal wéi, zumools esou en Knäppchen, mat deem een sech an den Schlofmodus setzen kéint wier heiandsdo extrem praktesch. Zzzzzzz …

Categories: Gehir, Religion/Philosophy

Warnung: Ferien gefährden ihre Intelligenz!

November 30, 2008 10 comments

Ech sinn grad am Gaang dem Malcolm Gladwell säin neit Buch ‘Outliers‘ ze liesen (en kompletten Review kënnt méi spéit) an et ass voll mat faszinanten Erkenntnisser. Een Kapitel analyséiert den Schoulsystem (wat ech perséinlech en ganz interessant Thema fannen) a firwat Kanner aus räichen Familjen generell besser Resultater hunn, wéi Kanner aus aarmen Familjen. An die ziemlech onerwaarten (opmanst fir mëch) Erklärung: zevill laang Vakanzen an ze man eigentlech Schoulzäit.

An sou sinn se drop komm:

Am éischten Schouljoër sinn d’Differenzen an den Testresultater tëschent aarmen a räichen Kanner nach relativ kleng (329 zu 361 Punkten), am fennëften Schouljoër huet déi Differenz sëch awer schon méi wéi verduebelt (461-534). Normalerweis gët dat dann doduerch erkläert, dass soit die méi aarem Kanner méi en nidderegen IQ hunn oder dass eis Schoulen irgendwéi versoen an deenen aarmen Kanner d’Saachen net gutt genuch bäibrëngen kënnen.

Mee wéi et schéngt, ass keng vun deenen zwou Erklärungen richteg. Well et ass dunn een op d’Iddi komm fir ze kucken, wéivill die jeweileg Kanner sech pro Schouljoër (vun September bis Juli) verbessert hunn. An do sinn die aarem an die räich Kanner quasi gläich op! An zwar 189-184 Punkten. Dat heescht, dass béid Gruppen d’selwecht vill an der Schoul bäigeléiert hunn. Wou kënnt also die Differenz hier, wann et net un deem läit wat AN der Schoul geléiert gët? Richteg! Sie kënnt aus deem hier, wat AUSSERHALB vun der Schoul passéiert.

Fir déi Theorie ze testen hunn se dunn gekuckt, wéi den jeweilegen Kanner hieren ‘reading score’ direkt no der grousser Summervakanz ausgefall ass. An kuck do: deenen aarmen Kanner hieren ‘reading score’ ass no der éischter Summervakanz ëm 3.5% gefall während en bei den räichen Kanner ëm 15% geklomm ass! No der fennëfter Summervakanz huet een bei den aarmen Kanner en Total vun +0.26 % an bei den räichen Kanner een vun +52.49%!

A wéi kënnt dat? Natiirlech doduerch, dass räich Kanner (normalerweis) méi edukéiert Elteren hunn, déi sëch och an der Fräizäit vun hieren Kanner ëm déi këmmeren. Sie ginn mat hinnen an de Musée, ginn hinnen Bicher fir ze liesen, diskutéieren mat hinnen, etc. Aarem Kanner (déi meeschens éischter ignorant Elteren hunn, déi selwer net grad eenz ginn) tendéieren éischter dozou an hierer Fräizäit haaptsächlech ronderem ze hänken, Tele ze kucken, Videospiller ze spillen, villäicht Sport ze man, etc. DAT ass also den Grond firwat se méi schlecht sinn, an net well se (generell gesinn) genetesch méi domm wieren an déi intellektuell Fähegkeeten net kéinten entwéckelen. Die aarem Kanner vergiessen an hierer Fräizäiz just nees ales vill méi séier, wéi die räich, well sie, eben am Géigensaatz zu deenen anren, sëlwer näischt dofir maachen fir hiert d’Wëssen ze behalen, voir auszebauen.

Dës Erkenntnis gët och konfirméiert duerch en Schoulprojet an den USA (KIPP)*, un deem Kanner aus sozialen Problemschichten per Lotterie kënnen deelhuelen. Kanner an deenen Schoulen hunn bis zu 50% méi Léierzäit an hierem Stonneplang wéi d’Kanner an deenen ‘normalen’ Schoulen. Wat och doduerch kënt, dass sie zB Samsdes an d’Schoul musse goen an och manner laang Summervakanz hunn. An och doheem mussen se nach méi Hausaufgaben man wéi d’Schüler an traditionellen Schoulen. Ausserdem ginn se och Saachen wéi Disziplin, Responsabilitéit, Respekt, etc geléiert. Dat klengt no, an ass en effet, natiirlech e gudde Koup Stress méi wéi normal. Mee d’Resultater schwätzen fir sëch: 90% vun dësen KIPP-Schüler kréien Stipendien vun privaten Highschools (hier Elteren kéinten dat jo nie bezuelen) a mussen also net an hier relativ delabériert Public Schools goen, an 80% vun hinnen ginn henno weider op den College (oft sinn sie die éischt an der Famill, déi sou eppes man). Sou gesinn ass et wuel keen Fehler fir en Deel vun senger Fräizäit/Kandheet ze opferen (Kanner aus räichen Familjen man dat an engem gewëssen Sënn jo och mat all hieren Zousaatzcouren, etc) fir dann awer henno ordentlech Chancen ze hunn aus der Armut erauszekommen. Well d’Alternativ ass jo wéider ze piddelen, wéider Zäit ze verschwenden, sech villäicht eg Zäit gutt z’amëséieren mee awer à la longue aarem ze bléiwen!

Eng interessant Randnotiz ass, dass eisen Schoulsystem mat sengen laangen Vakanzen schéngt eng Konsequenz ze sinn vun eisem Agrarwiesen. Am 19. Johrhonnert ass d’Gehiir vum Mënsch (an zumools vum Kand) wéi en Feld ugesinn ginn: et däerf een et net iwwerstrapazéieren an muss et heiandsdo brachleien loossen, soss kënt et zur Katastroph an et kann guer näischt méi leeschten. 1871 huet zb den Kommissär vun der Edukatioun en Bericht vun engem Edward Jarvis mam Titel “Relation of Education to Insanity” publizéiert, an deem behaapt gët, dass 205 vun 1741 Fäll vun Wahnsinn ‘over-study’ schold woer: ‘education lays the foundation of a large portion of the causes of mental disorder’ … Duerfir also nët iwwerstrapazéieren a schéin laang Vakanzen man (natiirlech hunn ech mech fréier och iwwert 2 Méint Vakanz gefreet, mee ab engem gewëssen Moment hunn ech och fonnt, dass et einfach ze laang wier an hätt zb méi oft awer méi kuerz Vakanzen besser fonnt).

Am Géigensaatz dozou stinn d’Asiaten, déi duerch hier ‘Räis-Kultur’ (déi sech total vun éiser ‘Weess-Kultur’ ennerscheed) eng ganz aner Approche zum Schaffen (a Léieren) hunn: desto méi, desto besser! Dat erkläert och firwat d’Asiaten bei internationalen Concouren, zumools an der Mathe, emmer ganz vir dobäi sinn. Dat gët allerdëngs an engem aneren Kapitel vun dësem Buch nach separat méi genau erkläert.

*KIPP Schoulen sinn Primärschoulen. Hier Klassen sinn grouss: all fennëft Schouljoër huet zwou Sectiounen vun je 35 Schüler. Et ginn keng Examen oder Konditiounen fir ugeholl ze ginn, dat geschitt per Lotterie. D’KIPP Schoul an der Bronx besteet aus zu je enger Halschent Schwaarzen an Latinoen. D’Elteren vun dräivéirels vun hinnen sinn Alleinzerziehend.90 Prozent vun hinnen hunn Urecht op gratis oder präiss reduzéiert Mëttesiessen an der Schoul well hier Familjen sou aarem sinn.

Noisy skin-bags.

November 29, 2008 Leave a comment

This is what it’s like to sit around the dinner table. At the top of my field of vision is a blurry edge of nose, in front are waving hands … Around me bags of skin are draped over chairs and stuffed into pieces of cloth, they shift and protrude in unexpected ways … Two dark spots near the top of them swivel relentlessly back and forth. A hole beneath the spots fills with food and from it comes a stream of noises. Imagine that the noisy skin-bags suddenly moved toward you and their noises grew loud, and you have no idea why, no way of explaining them or predicting what they would do next.

Being autistic – Gopnik (1993)

Die Beschreiwung klengt scary an awer novollzéibar …

Categories: Gehir, Literatur, Wëssenschaft

Dragon.

June 19, 2008 Leave a comment

Cool:

Zumools ech mer virun enger Zäit eng Kéier sou een selwer am Klengen gebastelt hat.

Categories: Fun, Gehir, Video

Audi!

May 6, 2008 2 comments

Auditiv (seet een dat sou?) Täuschungen fannen ech nach bal besser, wéi optëscher! Hei ginn et binaural Opnahmen. Onbedengt mat engem Kopfhörer lauschteren an d’Aan zouman!

(Jo, die eischt vun deenen hat ech mengen ech schon eng Kéier verlinkt)

Categories: Fun, Gehir

Do the test!

March 11, 2008 3 comments

Am Fall, wou der en nach net gemaacht hutt: Do the test!

Categories: Gehir, Video, Wëssenschaft