Faux 3D.

Cool.

Brainman.

Nach bis um 20.15 um däitschen RTL. Net oninteressant!
Update: Den Brainman ass den Daniel Tannet.
Ha, an lëschtegen Zoufall! Hien bidd op sengem Site och Sproochencouren (no engem neien Schema an fir mol guer net sou deier) un. Kucken mer dat mol un. Léieren grad Spuenesch …

Net falsch!

Sou, klengen (krassen) Themenwiessel. Ech halen mech jo net nemmen periphär um Lafenden, wat et Neies a Punkto Unterschichtenfernsehen gët, mee ech man och nach Saachen, déi total uncool sinn, wéi zb liesen. An do sinn ech iwwer Folgendes gefall, wat mer gefall huet:
Did I mention that brains are stupid? Well, at least sometimes and [...]

Kucks du hier!

Klassiker, mee emmer rem gudd:
1. Kuck dem Mouvement vun dem rotéierenden rosa Punkt no an e bleiwt rosa. Fixéier dat schwarzt Kräiz an der Mëtt an de rosa Punkt gët greng!

2. Focusséier dain Bléck op een gielen Punkt. No kurzer Zäit verschwannen die aner zwee.

(via)

Innocent minds.

Je no Alter an Experienz interprétéiert een Objet’en anescht.
Dat hei:

erënnert mëch un dat hei:

Kanner gesinn nemmen Forchetten an Delphiner. Net-Kanner erkennen nach aner Saachen.

Memory.

Ech interesséieren mech fir d’Gehiir an fir d’Gediechtnes. Duerfir hat ech mer virun enger Zäit eng Kéier en Buch kaaf, wéi een Zuelen an generell Saachen besser verhalen kann. Lo kann ech zum Beispill meng 16stellegen Coden fir die divers Online-Banking Siten auswenneg (wat mech arrangéiert, well ech jo eischter faul sinn an emmer die [...]