
Meng spontan Äntwert op d’Fro ‘Sollen d’Atombommen ofgeschaaft ginn?’ wier, wéi wuel bei deenen meeschten Läit, en kloren ‘Jo!’ gewiescht.
Nodeem ech awer lo die kontrovers Coverstory vun der läschter Newsweek gelies hunn (‘Learning to love the bomb‘, hei och als Podcast) wier ech tentéiert ‘Nee’ ze äntwerten. D’Argumenter am Artikel firwat eng Welt ouni Nuklearwaffen, ugeholl dat wier iwwerhaapt ze realiséieren, méi geféierlech wier, wéi eng mat, hu mech nawell iwwerzeecht. Opmanst mol op den éischten Bléck. An ech fannen et ëmmer gutt, fir traditionell Meenungen ze hannerfroen. Oft behaapten Läit einfach Saachen well aner Läit virun hinnen dat och schon behaapt hunn an sou weider. Ouni sech eigentlech mat der Fro usech am Fong beschäftegt ze hunn.
Hei lo den ‘Résumé’.
Zwou Observatiounen fir unzefänken:
1. Zënter 1945 gouffen keng Nuklearwaffen méi agesat.
2. Et huet nie eng Nuklearkrich, an och keen Net-Nuklearkrich!, tëschent zwee Nuklearstaaten statt fonnt.
Konventionell Kricher entstinn normalerweis, wann den Ugräifer der Meenung ass, hien giff mat senger Aggressioun ongeschuer dovunner kommen oder opmanst selwer nëmmen ganz limitéierten Schued ze erleiden. Atomwaffen änneren awer déi Prämisse enorm: wann een eng Natioun ugräift, déi eng Atombomm huet, sou riskéiert een selwer am Géigenzuch och, dass eegen Stied pulveriséiert ginn. An dorobber si mol net die verrécktesten Diktatoren wierklech schaarf. Am Géigendeel: sie gesinn an, dass se sou en Krich net gewannen kéinten.
Natierlech hunn d’Amerikaner an d’Russen konventionell Stellvertreter-Kricher geféiert, mee sie hunn sech géigensäiteg NET mat Atomwaffen attackéiert. An dës Kricher, ob an Korea, Vietnam, Angola oder Südamerika, hunn zB nie d’Envergure vun engem 2. Weltkrich errecht, wou die meescht Affer jo och duerch konventionell Waffen em d’Liewen komm sinn (Hätt den Hitler d’Land X ugegraff, wann d’Land X eng Atombomm gehat hätt?).
Eng direkt, nuklear Konfrontatioun ass also ëmmer vermieden ginn an et ass ganz wahrscheinlech, dass dat och an Zukunft sou bleiwen wäert.
Well suguer an enger extremer Situatioun wéi der ‘cuban missile crisis’ 1962 hunn d’Leaderen op béiden Säiten schlussendlech agesinn, a villäicht fir déi éischten Kéier wierklech, dass en Atomkrich von kengem wierklech ze gewannen wier.
An dat Muster huet sech widderholl duerno: Nuklearmuechten stéieren op e Krich zou mee zéien sech dann nees zeréck éier et ze spéit ass. An ëmmer aus dem selwechten Grond: et well keen Atombommen op säin eegent Land falen gesinn! Rezent Beispiller heifir ass d’Verhalen vun Indien an Pakistan.
Kritiker wenden awer dann ass, dass et jo wuel extrem naiv wier fir ze mengen, dass Läit wéi den Kim Jong Ill oder den Ahmadinejad net fäheg wieren eng Atombomm ze zünden. Mee sinn déi zwee wierklech méi verréckt wéi den Mao oder den Stalin, déi allen béid jo och Zougang zu Atomwaffen haten? Béid hunn och gedroht hier Feinden ze vernichten an hunn awer den decisiven Schrëtt nie ënnerholl. Kee woer gewëllt en nuklearen Suicide ze begoen.
Nordkorea ass just en klengt, veraarmtent Land mat enger ganzer Geschicht vun Okkupatiounen, deem säin Haaptziel et ass fir ze iwwerliewen. An d’Atombomm (als Ofschreckung) hëlleft hinnen dobäi. Nordkorea rasselt vun Zäit zu Zäit mam Säbel an kënt dann awer ëmmer rem zum Verhandlungdësch zeréck. An den Ahmadinejad säi Pouvoir ass limitéiert duerch die ierwescht Kleriker, déi ëmmer fäheg woer fir raisonabel ze sinn, wann hiert eegent Iwwerliewen um Spill stung.
Dat nächst Géigenargument wier natierlech d’Gefohr duerch Terroristen. Mee och déi ass ziemlech geréng, well firwat sollten zB d’Mullah’en hier Krounjuwelen un d’Hisbollah oder d’Al Qaeda ginn, iwwert déi sie wéineg Kontroll hunn? Zumools wann d’USA et kloer gemaach hunn, dass Länner, déi Terroristen giffen Zougang zu Atombommen ginn, giffen als Krichspartei giffen ugesinn an dementsprechend behandelt ginn. Nuklearwaffen weider ze ginn giff also och engem nuklearen Suicide gläichkommen.
A suguer, wann ee fäert, dass duerch politeschen Chaos an Putscher op eemol Atombommen giffen duerch d’Luucht fléien: dat woer 1964 a China net de Fall, an och net an de 1990er Joeren, wéi d’UDSSR auserneen gebrach ass (d’Amerikaner haten deemools de Russen gehollef, d’Waffen ze sécheren). An och de Risiko am Pakistan ass am Endeffet extrem kléng: suguer wann de ganzen Staat giff kollabéieren, sou wier et nach schwiereg fir d’Waffen ze aktivéieren well se duerch komplizéiert Systemer geséchert sinn, déi net esou einfach (oder alleng) ze knacken sinn. En plus sinn Atomwaffen wesentlech méi komplizéiert ze handhaben an instand ze halen, wéi e klengen Revolver. Dat kann net jidereen. En plus sinn se relativ einfach ze ‘disablen’.
Et besteet natierlech de Risiko vun engem Wettrüsten. Mee och deen muss een a Perspektive setzen: an 64 Joër gouff et maximal 12 Atomstaaten. Momentan sinn et der just 8. Ass also net, wéi wann déi Zuel explodéiert wier. Vill Länner hunn hier Atomwaffenprogrammer opginn, well se ze komplizéiert, ze kontrovers oder ze déier woeren (oder d’USA gesot hunn, sie giffen hieren Nuklearprabbeli op sie ausdehnen).
D’Logik vum nuklearen Fridden berout also op enger e bëssen beängschtegender Prämisse: mir akzeptéieren de klengen Risiko, dass eppes ganz Schlëmmes kéint passéieren (Atomkrich) well deen d’Chance, dass eppes ganz Schlëmmes (konventionellen Krich) NET passéiert, enorm vergréissert.
Amplaz also ze probéieren d’Atomwaffen ofzeschafen (wat wuel kaum méiglech, an jo villäicht och net wënschenswäert, ass) sollt een weiderfuerschen, sou dass een technësch an der Lag wier, fir no all eventuellem Atomugrëff kënnen festzestellen vun wou déi Atombomm komm ass an sou den ‘Übeltäter’ séier festzestellen wier. Dat giff déi ‘rogue states’ dann en plus nees präventiv découragéieren well se wéisten, dass sie dann eng Vergeltung fäerten missten.
En plus sollt ganz kloer an oppen gesot ginn, ween Nuklearwaffen huet. Well wéi et schon am Doctor Strangelove heescht: ‘The whole point of a Doomsday Machine is lost if you keep it secret!’. Dat giff verschidden Läit vun potentiell dommen Iddien ofhalen.
E weideren wichtegen Aspekt wier fir sécher ze stellen, dass ALL Nuklearmuechten eng ’survivable second-strike option’ hunn. Dat wier eng weider Ofschreckung fir deen Staat net nuklear unzegräifen well sécher gestallt wier, dass den Aggressor och ze leiden hätt.
Ausserdem sollten d’USA all den Nuklearstaaten, genau wéi se et an de Fäll vun Russland a Pakistan gemaach hunn, hëllefen hiert Nuklearmaterial anstänneg ze sécheren. Suguer wann et feindlech Natiounen sinn.
Villes vun deem kléngt op den éischten Bléck natierlech verréckt a konter-intuitiv. Mee et geet drëm fir eng nuklear Welt, déi eng Realitéit ass an wuel bléiwt, méi sécher ze man. An do ginn Dreem vun Harmonie a Fridden alleng leider net duer …
Rezent Kommentarer