Kids going to war.
Interessanten Fotoreportage: The making of an American soldier.

Interessanten Fotoreportage: The making of an American soldier.

Die Projet’en sinn zwar vun VW gesponsert, mee sie sinn trotzdem interessant a kreativ, voire poetesch. Sie probéieren alldeeglech Saachen nees méi originell ze maachen an doduerch d’Läit ze motivéieren matzeman (den Hoken ass natierlech, dass de Mënsch sech séier u Saachen gewinnt an den ‘novelty effect’ nees séier ofhëllt).
Fläschecontaineren:
Trapen:
Pubellen:
As you are, we once were.
As we are, you will be.

“1057 Luxemburger an Schweinegrippe erkrankt”
Ok. A wéivill vun deenen sinn an der Tëschenzäit nees gesond … ?
Well einfach sou kléngt dat, wéi wann lo 1057 mat der Schwéngsgripp giffen doheem leien.
Radiolab huet nees en neien, brillianten Podcast op hiere Site gestallt: ‘New normal?‘ (en passt och an die rezent Genderdebatte, déi hei um Blog stattfonnt hat).
Wéi sou oft besteet hier Show aus dräi Reportagen:
Dat huet mech och un dat Experiment (villäicht ass et och eng Legend, mee egal) ërennert, wou se 3 Aafen an engem Käfeg hunn. An der Mëtt ass eng kleng Trap, déi zu engem Podest féiert. D’Wëssenschaftler loossen dann eng Banann op dee Podest falen. D’Aafen sinn firwëtzeg an een geet sech d’Banann sichen a grad, wéi en se wëll huelen, ginn déi aner zwee Aafen naass gesprëtzt (an dat hunn se guer net gär). Dat Spill widderhëllt sech e puermol bis d’Aafen verstan hunn, dass, wann een d’Banann siche geet, die aner naass gesprëtzt ginn. Wa lo ee probéiert d’Banann sichen ze goen, stierzen sech déi aner op en an halen en dovunner of.
An da kënt de Clou: d’Wëssenschaftler tauschen een Aaf aus. Et kënt nees eng Banann, de neien Aaf probéiert se ze huelen, mee die aner zwee stierzen sech op en an halen en dovunner of. Dat geet dann puermol sou bis och deen Neien dat verstan huet. Dann gët nach een ‘originalen’ Aa ausgetosch géint e neien. De gesäit nees d’Banann, probéiert se ze huelen, die aner zwee halen en dovunner of. Dat geet nees e bëssen sou weider bis dann deen drëtten, an läschten, original Aaf ausgetosch gët. De neien Aaf probéiert och nees d’Banann ze huelen, mee gët vun deenen aneren zwee ofgehalen! Wuel gemierkt: vun zwee Aafen, déi SELWER nie naass gesprëtzt gouffen an duerfir och guer net ‘wëssen’ firwat een d’Banann net däerf huelen.
Et ass halt just ëmmer sou gemaach ginn …
Ass jo mol alles am groussen Still virbereed:
Am Dienstag, den 27. Oktober, beginnen die Impfungen gegen die sogenannte Schweinegrippe. In einer ersten Phase, die sich über die kommende Woche erstreckt, werden jedoch nur bestimmte Personengruppen in den sieben Impfzentren geimpft. In jedem Zentrum werden rund 40 Personen dafür sorgen, dass die Impfungen schnell und effizient über die Bühne gehen.
Déi mussen jo wierklech mat engem riesen Undrang rechnen. Si mol gespaant op dat sech och esou erfëllt.
Well immens berouegend sinn Kommentarer wéi dei hei net:
Bei den 11- bis 17-Jährigen und bei den über 60-Jährigen ist zurzeit noch unklar, ob der Impfstoff in zwei halbe Dosen aufgeteilt werden muss.
Uh, kléngt wéi wann se dat alles jo super getest hätten!
Mee bon, Haaptsaach mol rem Tonnen Impfungen kaaft. D’Pharmaindustrie reiwt sech d’Hänn. Wou stinn eigentlech déi Massen vun ongebrauchten Impfstoffer vun der viireschter Pandemie-Hysterie?
Ech wäert mech net impfen lossen. An et sollt och kloer gesot ginn, dass dës Schwëngsgripp manner eng Gefor ass fir d’Gesondheet (déi normal Gripp ass méi schlëmm) a méi eng, opmanst potentiell, fir d’Economie (wann op eemol giffen extrem vill Läit zesummen fir e puer Deeg krank ginn). An da kann jo jidereen entscheeden op en et riskéieren wëll fir 3 Deeg doheem ze bléiwen an dann nees schaffen ze goen oder op en sech wëll impfen loossen. Mat eventuellen Niewenwierkungen.
(source)
Rezent Kommentarer