Och wann ech et net ganz verstinn, mee et ass schon faszinant, wat an der däitscher Gesellschaft ofgeet, zënter dem Suicide vum Robert Enke. Lo gët suguer eng Trauerfeier fir hien, aus engem vollbesetztenen Stadion mat Museker déi optrieden, live op der Tele gewiesen. Wéivill Läit woussten virun 3 Méint ween den Robert Enke woer?
Mee villäicht sinn dat normal Reaktiounen fir eng Gesellschaft, wou den Doud, an och Ursaachen, déi zu em féieren wéi halt schwéier Depressiounen, normalerweis tabuiséiert ginn. Sou en publiken Suicide konfrontéiert d’Läit och mat der eegener Mortalitéit an erlaabt et hinnen, Themen unzespriechen, déi jo soss ëmmer verschwiegen ginn.
Well et geet jo manner em den Robert Enke als Persoun, opwuel seng Geschicht natierlech tragesch ass, wéi em d’Fragilitéit vum Liewen usech. Den Enke symboliséiert dat just, gehollef duerch seng Berühmtheet. Well et bréngen sech jo all Dag x Läit ëm an dat kritt quasi keen mat an duerfir pickt dat och die mannsten. Obwuel all Selbstmord tragesch and traureg ass.
Mee et deet der Gesellschaft wuel gutt, wann se mol eng Kéier iwwert aner, méi deif an fundamental, Saachen nodenkt, wéi just iwwert irgendeng nei Reality Show an wat den Dieter Bohlen nees gesot huet.
Et ass awer irgendwéi bizarre, dass dësen Suicide lo vun deenen verschiddensten Parteien (Privatläit, Politiker, Journalisten, etc) sou ‘gehyped’ gët … ech ennerstellen awer do mol keng schlecht Motiver! Et ass just bëssen surreal …
Rezent Kommentarer