Archive

Archive for the ‘Konscht’ Category

Vill Suen.

November 10, 2009 4 comments

Vill Suen muss dat hei kascht hunn, an jo et hätt een sécher méi Ethesch-Korrektes mat deene Sue machen kënnen, mee spektakulär ass et trotzdem: Dubai Fountain.

(via)

 

Categories: Design, Konscht, Video

Den Ansel Adams konnt och anescht.

October 29, 2009 Leave a comment

Den Ansel Adams ass jo haaptsächlech fir seng schwarz-wäiss Fotoen bekannt, mee hien huet och interessant faarweger gemaach:

Méi faarweg Fotoen fënnt een hei.

Categories: Konscht, Photographie

Villäicht déi bescht Intro ever vun enger Serie.

October 17, 2009 6 comments

Ass net néi, mee ëmmer rem genial:

Categories: Design, Konscht, TV, Video

Burning Man.

September 11, 2009 4 comments

Ech wéilt dat wier net sou wäit fort vun hei … Mee bon, mir hunn natierlech och net sou cool Wüsten.

Categories: Design, Gesellschaft, Konscht

Onwards > Avatar.

August 21, 2009 9 comments

Dee Shortfilm hei gefällt mir 10x besser wéi den Trailer fir ‘Avatar’.

Mee bon, wéi ëmmer wuel: affaire de goût.

Categories: Film, Konscht, Video

Vegetal City.

August 16, 2009 2 comments

07_bz

Woer lo gëschter zu Bréissel an hunn endlech dës Ausstellung gesinn: Vegetal City (vum Luc Schuiten).

Brilliant! Ech kann se nëmmen jiderengem recommandéieren deen sech fir Architektur an/oder Futurismus a Punkto Stadt-Design interesséiert. Seng Zeechnungen sinn fantastesch an seng Iddien wéi Stied kéinten an Zukunft aussinn sinn extrem poetesch, voire magësch. Natierlech sinn et Utopien, mee duerfir sinn se jo sou attraktiv. Gewëss Aspekter dovunner, zumools natierlech déi die d’Integratioun vun der Natur betreffen, kéint een awer en effet beim Design vun de Stied méi consideréieren.

(Ech sinn frou, dass Lëtzebuerg schon vun sech aus sou eng grëng Stad ass.)

An engem Interview sot hien och, dass d’Globalisatioun nët nëmmen zu enger Diminutioun vun der biologescher Artenvielfalt féiert, mee och zu enger architektonescher. D’Stied ähnlechen sech ëmmer méi, lokal Eegenvarianten ginn ëmmer méi rar. A Recht huet en. Leider.

D’Ausstellung leeft nach bis den 30. August.

06_az

01_az

02_az