Ech hu festgestallt, dass an der Läscht ëmmer méi vu mengen Frënn, oder och soss Läit, déi ech kennen, wéi ech selwer bei de Staat gewiesselt resp. direkt do ugefaangen hunn. Dat ass sécher keng nei Entwécklung, mee sie ass awer trotzdem frappant.
Geschätzten 3/4 (oder méi) vu mengem Familjen- an Frëndeskrees missten an der Tëschenzäit soit beim Staat oder an der Edukatioun schaffen. Usech jo och kee Problem, au contraire. Déi Läit hunn jo all, zumools an der Carrière Supérieure, op ‘éiweg’ finanziell ausgesuergt (wann se net iwwert hier Moyen’en liewen) a kënnen sech jo wierklech drop konzentréieren d’Liewen (oder opmanst hier Fräizäit) ze genéissen. Well finanziell an Aarbechtsplaaz-Suergen falen jo mol gréisstendeels ewech. Heiandso erschéngt de Staat mer wierklech wéi eng Zort Luxus-Kommunismus innerhalb vun der Gesellschaft.
Duerfir ass et dann emsou méi krass, wann ech aner Bekannten a Frënn gesinn, déi aus deenen verschiddensten Grënn net beim Staat ënnerkommen kënnen an wéi déi heiandsdo struewelen mussen fir iwwert d’Ronnen ze kommen resp. net sécher sinn, wou si an engem Joer wäerten sinn. Do ass dann näischt mat sech direkt en neien 3er BMW oder eng fäin Wunneg/Haus kafen. Obwuel sie, reng vum Effort, sécher opmanst esou vill schaffen.
An natierlech kann een och am Privaten ferme Suen, a suguer nach méi Suen, verdéngen, wann eng Rëtsch Fakteuren gënschteg zesummenfalen. Mee och bei deenen kéint, reng theoretesch, séier nees eng Kéier domadder Schluss sinn. Ok, ausser sie sinn (Zänn-)Dokter oder sou, déi gi jo ëmmer gebraucht.
Par conter, wann ee beim Staat ass, da misst jo schon d’Welt usech +- ënnergoen, fir a ‘Gefor’ ze kommen. A suguer dann giff et eis wuel nach besser goen, wéi deenen meeschten am Privé.
Duerfir bléiwt beim Staat/Gemeng/Edukatioun-schaffen jo wuel op weideres de Lëtzebuerger Dram?
Och wann dat sech, à la longue, wuel schlecht op d’Land usech auswierken wäert (keng Innovatioun, Kreativitéit, etc déi vun Lëtzebuerger kënt). A wäerte net generell eng Rëtsch vun eisen Lëtzebuerger Illusiounen demnächst platzen, wa Lëtzebuerg bis all seng Privilégien verléiert, déi et him joerzengtelaang erlaabt hun, wéi d’Made am Speck ze liewen … ?
Rezent Kommentarer