E groussen Dag fir d’Mënscherechter!

Gëschter woer e groussen Dag fir d’Mënscherechter hei zu Lëtzebuerg. Och wa sech staark Kräften dogéint gestemmt haten.
Ech schwätzen natiirlech vun der Décisioun fir d’Propose de loi Err/Huss unzehuelen. An ech muss soen, dass ech awer iwwerrascht si wéi quasi eestëmmeg religiéis-fundamentalistesch d’CSV an dëser Fro gewielt huet (d’Nancy Kemp-Arendt ass eng luewenswäert Ausnahm, well [...]

Vreck!

Am Kader vu mënger Formation continue woer ech haut an engem Cours fir richteg Lëtzebuergesch schräiwen ze léieren. Kann ech jiderengem nëmmen recommandéieren an ech wäert och probéieren mëch lo hei op dësem Blog drun ze halen. Ech giff ët jo och blöd fannen, fir feelerhaft Däitsch oder Franséisch ze schräiwen. Garantien, dass alles hei [...]

Polizeistaat.

Dat neit Police-Gesetz ass jo anscheinend schon um Instanzenwee, mee d’Commission Consultative des Droits de l’Homme erklärt sech awer nach onzefridden. Gudd sou.
Well dat Gesetz giff erlaaben dass d’Police, déi mech an enger Alkoholskontroll pëtzt, Accès op mäin ganzen Dossier bei der Sécurité Sociale kéint/giff kréien. An mat wat fir engem Argument? Fir géint die [...]

Ganz schéin.

Eis Stad woer jo emmer sou ellen. Mee an der Läscht gët se endlëch méi schéin! Net nëmmen ginn et lo die wonnerschéin Këschten vum Essentiel an dem Point24, nee, lo ginn et och nach en plus iwwerall die schéin nei Reklammentafelen vun JCDecaux, déi jo bekanntlecherweis die Velos-Initiativ an der Stad sponseren … Weider [...]

Emmer rem krass.

Emmer rem krass, wéi agréabel et op der Strooss ze fueren ass, wann Schoulvakanzen sinn! D’Halschent vum Land (an och vun de Frontalieren?) schengt dann en effet nees an d’Vakanz gefuer ze sinn.

Gute Freunde …

Ausseministeren ennert sëch: