Archive

Archive for the ‘Medien’ Category

Edukatioun.

September 20, 2009 1 comment

Pour info: die aktuell Ausgab vum ‘Lëtzebuerger Land‘ huet eng Bäilag zum Thema Edukatioun, déi wierklech interessant an gutt gemaach ass. Sou kritt een mol en ziemlech breeden Iwwerbléck iwwert die aktuell Situatioun, an dat aus verschiddenen Bléckwénkelen.

Generell kann ech d’Land och, als national Wochenzeitung, nëmmen recommandéieren! Genau wéi d’Newsweek als international Wochenzeitung.

An et ass einfach eng Freed Artikelen offline, ouni Hyperlinks an ouni Animatiounen ze liesen, hehe. Fillt een sech richteg zen.

RadioLab.

August 6, 2009 2 comments

Falls een un engem qualitativ héichwärtegen Podcast iwwer wëssenschaftlech an philosophesch Themen interesséiert ass: RadioLab.

Radiolab believes your ears are a portal to another world. Where sound illuminates ideas, and the boundaries blur between science, philosophy, and human experience. Big questions are investigated, tinkered with, and encouraged to grow. Bring your curiosity, and we’ll feed it with possibility.

En ass informativ, interessant, humorvoll an en plus auditiv super gemaach.

Perfekt fir beim (alleng) Trëppelen oder an der Hängematt ze lauschteren!

Galore.

July 10, 2009 Leave a comment

Fir Läit, déi gären Qualitéitsinterviewen liesen: Galore ass lo just nëmmen nach am Netz. An d’Archiv ass och gratis.

Mol gespaant op sie esou iwwerliewen kënnen. Sinn zwar Ex-Abonnent, mee ech hoffen et fir sie.

Ech wäert op alle Fall lo regelméisseg op hiere Site goen.

Sonndeszeitung.

January 11, 2009 2 comments

Et hu jo schon anerer dat kommentéiert, mee lo nach eng Kéier: wat e Blödsinn, sou eppes ‘Sonndeszeitung’ ze nennen! Mee bon, eng Marketingmasche wéi eng aner vun RTL fir hieren Schrott ze recycléieren an Page Impressions ze kréien …

Categories: Luxembourg, Medien

Accès zu qualitativem Journalismus am 21. Joerhonnert.

January 10, 2009 1 comment

Traditionell Zeitungen hu jo ferme Problemer z’iwwerliewen. Engersäits wéinst der Online-Konkurrenz usech an och well d’Attention Span vun de Läit ëmmer méi schéngt erofzegoen. Bloggen an Artikelen op den Siten vun de News-Siten si jo schéin a gutt, ersetzen awer ganz seelen wirklech recherchéiert an ausféierlech Artikelen aus Pabéier-Zeitungen.

D’NY Times huet do eng gutt Léisung fonnt: hier iPhone App! Hieren gesamten (mengen ech) Contenu ugepasst un den iPhone an mat engem schéinen GUI. Sou soll dat sinn.

A lo kann een souguer um ‘Throun’, oder an der Salle d’attente oder wou och ëmmer, sech d’NY Times eranzéien. Besser wéi die x-ten Bunte!

Freet sech just, wéi NY Times dat do rentabel maachen kann …

Jakob Trollbäck.

November 4, 2008 Leave a comment

Rethinking the music video:

Categories: Konscht, Medien, Musek, Video