Accès zu qualitativem Journalismus am 21. Joerhonnert.
Traditionell Zeitungen hu jo ferme Problemer z’iwwerliewen. Engersäits wéinst der Online-Konkurrenz usech an och well d’Attention Span vun de Läit ëmmer méi schéngt erofzegoen. Bloggen an Artikelen op den Siten vun de News-Siten si jo schéin a gutt, ersetzen awer ganz seelen wirklech recherchéiert an ausféierlech Artikelen aus Pabéier-Zeitungen.
D’NY Times huet do eng gutt Léisung fonnt: hier iPhone App! Hieren gesamten (mengen ech) Contenu ugepasst un den iPhone an mat engem schéinen GUI. Sou soll dat sinn.
A lo kann een souguer um ‘Throun’, oder an der Salle d’attente oder wou och ëmmer, sech d’NY Times eranzéien. Besser wéi die x-ten Bunte!
Freet sech just, wéi NY Times dat do rentabel maachen kann …

Rezent Kommentarer