Archive

Archive for the ‘Musek’ Category

Soundtrack?

November 9, 2009 11 comments

Ech misst eng Foto-Slideshow (10 min) mat Musek ënnerléeën. Wees een villäicht e Site, wou een sech sou (am beschten instrumental/generic) Musek gratis zesummenbastelen kann? Vun mir aus och eng Schleif, déi sech widderhëllt. Oder huet soss een eng Iddi, wéi een sou eppes ugeet?

Villäicht wier och Filmmusek eng Optioun, an déi Titelen sinn jo och oft méi laang …

All Suggestioun ass awer wëllkomm!

Update: mengen ech exportéieren d’Slideshow (ouni Musek) aus dem iPhoto als Quicktime an importéieren de Fichier dann an den iMovie, wou een dann anscheinend mat der Musek méi flexibel ass … ?

Categories: Musek, Perséinleches

Stereomood.

October 31, 2009 Leave a comment

Extrem prakteschen Site (opmanst fir een wéi mech, deen sech selwer net esouvill mat Musek beschäftegt): Stereomood.

Categories: Musek, Wired world

LP.

October 31, 2009 14 comments

Ech hu mer lo d’LP Versioun vun ‘The Doors: 40th Anniversary  Mixes’ am iTunes kaaft an fannen de Format nawell mol guer net sou schlecht! Schéin präsentéiert, Fotoen, Liddertexter, Hannergrondinfo, e puer Video’en. Bréngt wierklech deen LP Feeling eriwwer. Ass och en idealt Format fir den ‘iTablet’ deen demnächst erauskommen wäert (an iwwer AppleTV kann een se jo och lo ofspillen).

Mol gespaant, wat lo nach fir Alben an dem Format erauskommen wäerten.

Categories: Musek, Wired world

Carl Sagan ft. Stephen Hawkins.

September 30, 2009 Leave a comment

De Carl Sagan woer en ziemlech bekannten amerikaneschen Astronom (ënner anerem) an huet extrem vill fir d’Populariséierung vun wëssenschaftlechen Themen op der Tele an den ‘80er gemaach.

Lo huet een hien zum ‘Sangen’ bruecht. Ah, die Wonner vun der moderner Technik:

Mir gefällt et.

PS. Dësen ‘autotune’ Effekt gët och vill vun ‘richtegen’ Sänger benotzt, wat erkläert firwat der vill live sou Schrott sinn an een net méi wierklech muss sangen kënnen …

Categories: Fun, Musek, Video, Wëssenschaft

8-bit.

August 24, 2009 5 comments

Grandiosen Video (an Hommage):

Categories: Musek, Video, Wired world

A nach eng cool Foto.

June 26, 2009 Leave a comment

Déi ech bis lo net kannt hunn.

Scho schued, dass et irgendwéi net méiglech woer, dass dësen Bouw konnt normal bleiwen. Well Talent hat en. Am Ufank, a wéi en nach gutt woer.

Ok, läschten Post iwwert den MJ. Mee ech si jo ëmmerhin mat him als DEE Popstar an den 80er opgewuess … a wann déi Ikonen dann ufänken mat stierwen, ass schon komesch. Ok, de Kurt Kobain ass och scho laang ënnert dem Buedem, mee do woer ech selwer schon méi aal. Nirvana woer d’Jugend, mee Michael Jackson woer d’Kandheet.

Ps. Grandios Tapéit!

Categories: Gesellschaft, Musek