EU-Präsident?
Wéi soll dat lo eigentlech goen? Wéini kontaktéiert zb en Obama lo den Van Rompuy a wéini d’Merkel, den Sarko oder den italieneschen Playboy resp. wéini an concernant wat fir Sujet’en schwätz den EU Präsident lo fir déi aner?
Wéi soll dat lo eigentlech goen? Wéini kontaktéiert zb en Obama lo den Van Rompuy a wéini d’Merkel, den Sarko oder den italieneschen Playboy resp. wéini an concernant wat fir Sujet’en schwätz den EU Präsident lo fir déi aner?
Wat wier eng realistesch Alternativ zu eiser Konsumgesellschaft?
Well wat mech perséinlech zb stéiert ass, dass jidereen MUSS konsomméieren, an zwar ordentlech, fir d’ass d’Economie rullt, Läit hier Aarbechtsplazen behalen oder neier kreien, an déi dann duerch hier Salairen och nees konsomméieren kënnen fir sou d’Geschicht um Rullen ze halen.
Wann een par conter sech dem Konsum verweigert oder einfach just spuere wëll, schued een usech der Economie a wann sech suguer vill Läit giffen sou verhalen, dann hätt een d’Situatioun nees, wou Butteker missten zoumaachen, wou Läit missten entlooss ginn (déi dann och manner konsumméieren kënnen well am chômage sinn), etc.
Wa natierlech jidereen genuch Suen huet an ‘am richtegen Mooss’ konsumméiert, ass dat natierlech e perfekten System (d’Emweltbelaaschtung mol ausgeklammert). Mee wann awer op eemol Läit ophalen ze konsumméieren, soit aus ekonomesch, soit aus ideologeschen Grënn, da kënt de System awer och séier un seng Limiten …
En plus gesäit een och ferme ennerscheeder op d’Läit (oder Client’en) zb beim Staat oder am Privé schaffen. Die am Privé mussen em hier Plazen zidderen, déi beim Staat par conter kënnen sech erlaben ze soen: ‘Krise? Wat fir eng Krise? Ech hunn die selwecht Paie, mee kann méi konsomméieren, well d’Präisser rofginn’. Fir sie ass et eng win-win Situatioun.
Halen sie, duerch hieren stablen (voire erhéijten) Konsum, d’Economie mat um Rullen?
A wat wier wann jidereen eng stablen Plaz mat engem stablen Akommen hätt? Wier dat besser oder méi schlecht? Ugeholl et wier iwwerhaapt realisabel? Oder giff dat op eng Planwirtschaft erauslafen?
D’Alice Schwarzer bréngt d’Saach op de Punkt:
“Wenn ein Priester nach Jahrzehnten endlich zur Rechenschaft gezogen wird wegen Missbrauchs und Vergewaltigung Minderjähriger, dann sind alle zufrieden. Wenn ein Filmregisseur wie Roman Polanski, der eingestandenermaßen eine 13-Jährige mehrfach vergewaltigt hat, endlich zur Rechenschaft gezogen wird, sind viele empört.”
Firwat also zweerlee Mooss? Well den Polanski e Promi ass? E Künstler? A net just e Paaf?
(via)
Hat de Mëtten en interessanten Interview um RTL (‘Background’) mam Robert Weber, dem Präsident vum LCGB an Deputéierten vun der CSV héieren. Zumools ganz um Ufank, wou et em de rezenten Vote zum Gesetzesprojet 5846 gaangen ass, deen hien jo verpasst hat well en am Ausland op enger Reunioun woer. Déi woer jo anscheinend schon zënter Méint op deen Dag festgeluegt ginn, duerfir ass dat usech jo legitim. Mee et ass him awer och ganz geleën komm, well en sou selwer net huet missen Faarw bekennen!
De Journalist huet hien dorops hin e puer Mol gefrot, wéi hien dann ofgestëmmt hätt, wann hien dann do gewiescht wier. An dat wollt en partout net soen obwuel suwuel seng Kollegen vun der Partei, wéi och seng Kollegen vun der Gewerkschaft géinge wëssen, wat seng Positioun wier. Ma wann dat esou ass, wat huet en dann ze verstoppen a firwat seet hien et net?
Mee en ass natierlech an engem Dilemma. Seet en ‘jo’ wennt en sech géint seng Gewerkschaft, seet en ‘nee’ wennt en sech géint d’Linn vun senger Partei. Wat d’Fro opwërft, op een gläichzäiteg soll Deputéierten AN Präsident vun enger Gewerkschaft däerfe sinn …
Trotzdem ass et relativ null an onserieux fir net kloer an däitlech ze soen, wat en gewielt hätt. Ass en dat senge Wieler/Memberen net schëlleg?
Den italieneschen Geheimdëngscht soll Taliban bestach hunn fir dass déi die italienesch Truppen net ugräife giffen.
Domm nëmmen, dass keen dat de Fransousen gesot haat, déi, nodeem se den Territoire vun den Italienier iwwerholl haten an dovunner ausgegaangen sinn, dass en roueg wier, no kuerzer Zäit vun den Taliban an en sophistikéierten Hannerhalt gelackelt gouffen, an deem 10 vun hieren Zaldoten leie bliwwen sinn.
Mol gespaant, op die ganz Wourecht do je rauskommen wäert. vu dass de Berlusconi seng Hänn mat am Spill huet, ass dat net sou sécher …
Rezent Kommentarer