Keen doheem.
Scho krass, wat Indoktrinatioun (an radikal Geschlechtertrennung) erreeche kann:
Do ass jo Happ a Malz verluer.
Scho krass, wat Indoktrinatioun (an radikal Geschlechtertrennung) erreeche kann:
Do ass jo Happ a Malz verluer.
Dat kéint een op alle Fall mengen, wann een dëser Emfro gleewen kann.
54% ass en erstaunlech héijen Prozentsaz. Zumools an sou engem sekulären Land!?
Mee wahrscheinlech ass et just, well Kreationismus méi einfach ze verstoen ass: *poof* d’Welt gouff erschaffen! Op lo vum Bibelgott, vum Lord Voldemort, dem Brahman oder soss engem wäert wuel zweetrangeg sinn. Haaptsaach einfach. Et wëll een d’Gehir jo nët missen ustrengen …
Mee villäicht ass d’Emfro jo och einfach net wierklech repräsentativ? Oder d’Fro ass schlecht/suggestiv gestallt?
En interessanten Artikel iwwert de Versuch vun der kathoulescher Kierch fir die anglikanesch lo definitiv z’iwwerhuelen resp. ze ersetzen:
So the Roman Catholic Church is in a corner: its attempts to sell a desperately outdated product by concealing it in sumptuous packaging, with a garland of threats thrown in for good measure, are no longer paying sufficient dividends. The only tactic remaining to it is acquisition. If it cannot keep its own customers, it must poach its competitors’. And this gives the Church an edge on some of its competitors where recruitment is concerned: after all, where else can someone who thinks it is acceptable to discriminate on the grounds of gender or sexuality be not only tolerated but actively welcomed?
And so the Vatican’s acquisitive gaze has fallen on a competitor which is facing an even more dramatic decline, a church riven by internal conflict that threatens to tear it in two. The Anglican Church no longer has a clear sense of its corporate mission: it has a desperately disillusioned customer base, struggling to maintain a sense of identity whilst doing battle with deep divisions on two issues about which the Roman Catholic Church is unshakably united: the ordination of women, and the ordination of practicing homosexuals. Whilst Anglicans desperately try to find a bridge over this unbridgeable gap, the Roman Catholic Church has spotted the perfect business opportunity. What corporate baron would not leap at the chance to further weaken an ailing competitor by poaching its staff and customers? The response of Vatican Enterprises, Inc. was only to be expected.
Beim Blair huet et jo schon geklappt. Mee kee Wonner! Die anglikanesch Kierch ass jo en effet nëmmen nach en Häufchen Elend. Sie mengt et zwar gutt, ass fir d’Inclusioun vun de Fraen an den Homosexueller an der Hierarchie, ass relativ tolerant, etc mee dat ass net grad déi Zort Kierch, mat där konservativ, religéis Läit wëllen associéiert sinn! Déi iwwerliewt die nächst 50 Joër net.
(source)
Ech si jo amgaang FlashForward ze kucken, allerdëngs huet d’Serie mech nach net ganz iwwerzeegt. Obwuel die aktuell Episode (‘Black Swan’) menger Meenung no besser woer, wéi die virdrun mam alen Nazi. An ‘oh, so quiet’ am Ufank woer cool.
Een vun deenen interessantesten Aspekter vun der Serie ass natierlech deen, dass se op Froen opgebaut ass, déi die aal Griechen sech och schon gestallt hunn, à la ’Huet all Mënsch e Schicksal, dem en net entkommen kann?’.
Usech ass et jo eng Variant vum Ödipus senger Geschicht: egal, wat en och probéiert fir sengem Schicksal ze entkommen, erfëllt et sech awer. Oder grad dowéinst.
D’selwecht hei, wou d’Läit duerch hieren FlashForward gesinn, wat se x Méint an der Zukunft wäerten maachen an dowéinst dann, falls hinnen dat, wat se gesinn hunn, net gefällt, probéieren ze vermeiden, se trotzdem awer an Situatiounen kommen, wou se mierken, dass d’Zukunft net opzehalen ass. Opwuel se wéi verzweifelt dogéint struewelen (et ass allerdëngs nach net kloer, op d’Dogéint-Struewelen en effet näischt changéiert).
Déi Läit, deenen hieren FlashForward allerdëngs positiv woer, sinn komplett zefridden an erreechen doduerch och eng Rou, Zouversiicht oder Motivatioun, déi se virdrun net haten, wat ‘indirekt’ natierlech och dozou bäidréit, dass hier Zukunft sech dann en effet sou realiséiert.
Mee wéi bei allen Geschichten oder Gedankenexperimenter, wou d’Linearitéit vun der Zeit net respektéiert gët, ginn et natierlech x logesch Paradoxen, déi Kappwéi kënnen verursaachen. Mee bon, dat mëcht et jo och interessant.
Mee die aal Hären stinn wuel zevill op hieren Bling-Bling …
Interessant nei Dokumentairen zum Thema (usech ass et awer méi iwwert d’Mënschen, an dat ass et, wat se réischt wierklech interessant mécht; menger Meenung no):
God in the Box
Oh my God (visuell och super!)
Rezent Kommentarer