‘Bass du fir oder géint Sex virun der Hochzäit?’
Dat ass nees d’Beispill vun enger schlecht gestalltener Fro. Einfach sou kann ech déi net beäntwerten. Do brauch ech méi Info:
Wat ass zB mat Sex gemengt? Verkéier (1) oder just ‘anert Gespills’ (2)?
Wann (1) dann brauch ech nees méi Info: mat (a) oder ouni (b) Verhütungsmëttel?
Wann (a), da wier meng Äntwert: Jo, soulaang déi zwee et wëllen, wat och fir (2) gëlt.
Wann (b), da brauch ech nees méi Info: mat engem, deen een gären huet a sech ka virstellen Kanner ze hunn (I) oder mat engem, wou een just Spaass wëll hunn (II)
Wann (I), da wier meng Äntwert: Jo, soulaang déi zwee ët wëllen an och finanziell an der Lag wieren e Kand ordentlech ze erzéien. Aus legalen Grënn wier et awer wuel besser sech dann ze bestueden.
Wann (II), da wier meng Äntwert: Natierlech nët! Mat Kannerliewen soll een net spillen. An och Ofdréiwungen sollen just an Noutfäll benotzt ginn.
Wat ech ëmmer nach krass fannen ass, wann een realiséiert, dass een fréier, wéi d’Contraceptioun nach net sou ausgeräift woer, bei all Verkéier en effet riskéiert huet, Elteren ze ginn(sou wéi dat jo och vun der Evolutioun virgesinn ass)!? An deem Fall giff een natierlech sou eng Fro ganz anescht ugoen … wéi och de Sex usech!
Rezent Kommentarer