
Ech si jo kee Frënd vun der chinesescher Politik an och net vun hieren Methoden soss, mee Show’en organiséieren, dat kënnen se! Wéi d’Nordkoreaner jo och … Den Briten hieren Intermezzo fir London 2012 virzestellen huet do am Verglach ausgesinn wéi Kannertheater: ambitionnéiert, mee net wirklech qualitativ héichwäerteg an éischter amateurhaft. Mee et woer jo just eng Intro … Sie kënnen jo nach besser ginn. Hoffentlech.
Well suwuel d’Eröffnungsfeier wéi och d’Ofschlosszeremonie vun Peking hunn éischter un eng Weltklass-Oper erënnert, wéi un soss ëppes. Ech kann mëch net méi erenneren, wéi dat bei deenen viireschten woren. Villäicht hat ech déi och net gekuckt, well ech ëmmer duerch déi bei den Fussball-Weltmeeschterschaften ofgeturnt woer … Mee die hei woeren super. 1A. (Massenszenen sinn natiirlech ëmmer bëssen beängstend, mee awer och onmosseg spektakulär a faszinant.)
Ech sinn wirklech gespaant, wéi d’Englänner die Olympiad organiséieren wäerten. Toppen wäerten se Peking jo net kënnen, sie mussen schon hieren eegenen Stil fannen. Ech hoffen just, dass se net zevill ‘freestyle’ an hierer Approche ginn, well dat wierkt och éischter schrotteg. Dann léiwer mat klassesch-britisch Referenzen. Bëssen Pathos, Klassik, etc muss scho sinn (*). Oder eng gutt Mëschung aus Traditioun mat modernen Elementer. Mee wann modern falsch verstan gët, dann ass et séier bëlleg an egal wat. Brauch een just mol en groussen Deel vun der moderner ‘Konscht’ ze kucken.
Opmanst an mengen Aan. Allerdëngs freet mech jo keen, hehe.
(*) Allerdëngs ouni Zaldoten, déi fändelen apaaken an sou!
Rezent Kommentarer