Archive

Archive for the ‘Video’ Category

Keen doheem.

November 14, 2009 Leave a comment

Scho krass, wat Indoktrinatioun (an radikal Geschlechtertrennung) erreeche kann:

Do ass jo Happ a Malz verluer.

 

Categories: Religion/Philosophy, Video

Vill Suen.

November 10, 2009 4 comments

Vill Suen muss dat hei kascht hunn, an jo et hätt een sécher méi Ethesch-Korrektes mat deene Sue machen kënnen, mee spektakulär ass et trotzdem: Dubai Fountain.

(via)

 

Categories: Design, Konscht, Video

9-11.

November 9, 2009 3 comments

Lo ass et jo och schon 20 Joër hier dass d’Mauer gefall ass.

Wat mëch deemools, als Teenie, am meeschten faszinéiert hat, woer dass déi Läit, déi do hannert der Mauer hervirkomm sinn, sech un sou einfachen Saachen, wéi Orangen, Banannen an Ananas erfréeën konnten … an déi net séier genuch konnten eng Kéier op Malle fléien. Alles Saachen, déi mir banal fonnt hunn. Mee do gesäit een, wéi relativ alles ass.

De Mauerfall usech woer natierlech den Ufank vun enger Revolutioun an Europa, déi de ganzen Kontinent jo radikal verännert hat. Gréisstendeels zum Gudden.

Eng tragikomesch Konsequenz woer awer och dat hei:

Categories: Geschicht, Video

The Fun Theory.

November 3, 2009 Leave a comment

Die Projet’en sinn zwar vun VW gesponsert, mee sie sinn trotzdem interessant a kreativ, voire poetesch. Sie probéieren alldeeglech Saachen nees méi originell ze maachen an doduerch d’Läit ze motivéieren matzeman (den Hoken ass natierlech, dass de Mënsch sech séier u Saachen gewinnt an den ‘novelty effect’ nees séier ofhëllt).

Fläschecontaineren:

Trapen:

Pubellen:

Categories: Gesellschaft, Video

Vu bannen no baussen.

October 24, 2009 Leave a comment

Sejomessen sinn einfach faszinant Liewewiesen.

Categories: Natur, Video

Fail.

October 23, 2009 3 comments

De berühmten Vorführeffekt gët et also och a Japan …

Categories: Fun, Video, Wired world