Archive

Archive for the ‘Video’ Category

Spillen.

December 1, 2009 2 comments

Nët nëmmen d’Mënschen spillen gär (nët dass dat lo wierklech nei wier):

Déieren sinn definitiv méi sophistikéiert wéi vill Läit sëch dat laang Zäit wollten agestoen (haaptsächlech wuel och, well se vun hinnen profitéiert hunn resp. se giess hunn). Sie kënnen zwar keng Rakéiten erfannen, mee sie sinn an hieren Limiten clever an schéngen och fäheg ze sinn hiert Liewen ähnlech genéissen ze kënnen wéi mir. Well die Otteren man dat jo offensichtlech well et hinnen Spaass mécht. A net just esou.

D’Ennerscheeder tëschent all dësen organeschen Maschinnen, egal op Mënsch oder Otter, schéngt fléissend.

An deem Kader, pour info:

09/12/09 18:30
‘Können Tiere denken?’
E Virtrag vum Prof. Glock
Am Musée National d’Histoire Naturelle, Luxembourg

Categories: Natur, Video

Keen doheem.

November 14, 2009 Leave a comment

Scho krass, wat Indoktrinatioun (an radikal Geschlechtertrennung) erreeche kann:

Do ass jo Happ a Malz verluer.

 

Categories: Religion/Philosophy, Video

Vill Suen.

November 10, 2009 4 comments

Vill Suen muss dat hei kascht hunn, an jo et hätt een sécher méi Ethesch-Korrektes mat deene Sue machen kënnen, mee spektakulär ass et trotzdem: Dubai Fountain.

(via)

 

Categories: Design, Konscht, Video

9-11.

November 9, 2009 3 comments

Lo ass et jo och schon 20 Joër hier dass d’Mauer gefall ass.

Wat mëch deemools, als Teenie, am meeschten faszinéiert hat, woer dass déi Läit, déi do hannert der Mauer hervirkomm sinn, sech un sou einfachen Saachen, wéi Orangen, Banannen an Ananas erfréeën konnten … an déi net séier genuch konnten eng Kéier op Malle fléien. Alles Saachen, déi mir banal fonnt hunn. Mee do gesäit een, wéi relativ alles ass.

De Mauerfall usech woer natierlech den Ufank vun enger Revolutioun an Europa, déi de ganzen Kontinent jo radikal verännert hat. Gréisstendeels zum Gudden.

Eng tragikomesch Konsequenz woer awer och dat hei:

Categories: Geschicht, Video

The Fun Theory.

November 3, 2009 Leave a comment

Die Projet’en sinn zwar vun VW gesponsert, mee sie sinn trotzdem interessant a kreativ, voire poetesch. Sie probéieren alldeeglech Saachen nees méi originell ze maachen an doduerch d’Läit ze motivéieren matzeman (den Hoken ass natierlech, dass de Mënsch sech séier u Saachen gewinnt an den ‘novelty effect’ nees séier ofhëllt).

Fläschecontaineren:

Trapen:

Pubellen:

Categories: Gesellschaft, Video

Vu bannen no baussen.

October 24, 2009 Leave a comment

Sejomessen sinn einfach faszinant Liewewiesen.

Categories: Natur, Video