Archive

Archive for the ‘Wired world’ Category

athome.lu, amateur hour.

November 3, 2009 Leave a comment

athome.lu ass wierklech en immens professionellen Site.

Zur x-ten Kéier ass hier Datebank duercherneen. Sou kënnt eng Frëndin lo zb net méi un seng eegen Annonce fir déi ze modifizéieren, mee duerfir un 8 anerer, déi net seng sinn. Déi kéint hat lo änneren oder suguer suppriméieren.

Op Nofro hinn seet irgendeng gelangweilten Sekretärin, dass sie technesch Problemer hätten (nee, serieux? ass jo mol eppes neies), dass en Techniker giff druschaffen, an een wgl näischt sollt änneren oder läschen, wat net säin eegent wier. Natierlech net, mir si jo keng Drecksäk, mee quand-même … ‘protection des données’ an sou … alt gutt, dass se bei hierem Bezuelsystem iwwert d’Cetrel* fueren, well bei hinnen selwer wieren déi Donnéeën jo wuel den Owend schon am Internet fräi zougänglech …

Ech hat mer vun engem internationalen Réseau (athome) méi erwaart. Zumools een jo fir hieren ‘Service’ bezillt.

Categories: Luxembourg, Wired world

Stereomood.

October 31, 2009 Leave a comment

Extrem prakteschen Site (opmanst fir een wéi mech, deen sech selwer net esouvill mat Musek beschäftegt): Stereomood.

Categories: Musek, Wired world

LP.

October 31, 2009 14 comments

Ech hu mer lo d’LP Versioun vun ‘The Doors: 40th Anniversary  Mixes’ am iTunes kaaft an fannen de Format nawell mol guer net sou schlecht! Schéin präsentéiert, Fotoen, Liddertexter, Hannergrondinfo, e puer Video’en. Bréngt wierklech deen LP Feeling eriwwer. Ass och en idealt Format fir den ‘iTablet’ deen demnächst erauskommen wäert (an iwwer AppleTV kann een se jo och lo ofspillen).

Mol gespaant, wat lo nach fir Alben an dem Format erauskommen wäerten.

Categories: Musek, Wired world

Machinarium.

October 25, 2009 Leave a comment

Ech si normalerweis kee grousse Fan vun Computerspiller, mee dat hei ass pas mal: Machinarium. Léiw kleng Rätselen (déi nët ëmmer ganz einfach sinn),gutt fir tëschenduerch ze spillen an eng GENIAL Grafik. Et kann een eng Demo online spillen. An domadder hu sech mech kritt well ech hu mer duerno dat ganzt Spill kaaft an rofgelueden.

cover_1280x1024

An et huet mech natierlech en plus un die gutt aal 2D ‘point and click adventures’ errënnert. Jojo, mam Alter get een sentimental.

Categories: Wired world

Fail.

October 23, 2009 3 comments

De berühmten Vorführeffekt gët et also och a Japan …

Categories: Fun, Video, Wired world

lol

October 21, 2009 2 comments
Categories: Politik, Wired world