Demokratie eng Illusioun?

Ech kommen ëmmer méi zu der Iwwerzeegung, dass Demokratie, genau wéi den fräien Wëllen, eng Illusioun ass. Eng schéin an oft néideg Illusioun, mee awer usech net méi wei dat. Sou Artikelen, wéi deen hei schéngen dat ze ënnermaueren:

Böser Verdacht in Brüssel: Haben US-Militärs und Neocons das irische “No” gegen den Lissabon-Vertrag bezahlt? Die EU forscht den dubiosen Geldquellen eines Milliardärs nach, der maßgeblichen Anteil am Ausgang des Referendums hatte. Der plant bereits die nächste Anti-Europa-Kampagne.

An enger Demokratie kann zwar jidereen wielen, wat en wëll, mee firwat wielt en dat, wat en wielt (an sou ass déi Fro och direkt mam fräien Wëllen verbonnen) an ass dat automatesch ëmmer gutt fir d’Allgemengheet?

Et ginn jo onzähleg Beispiller, wou Demokratien mëssbraucht gouffen an net den erwënschten Effekt haten (sou gouffen zB suwuel den Hitler wéi d’Hamas demokratesch gewielt). An sie beinhaltet och d’Gefohr, dass eng ‘domm’ Majoritéit enger ‘gescheiter’ Minoritéit virschräiwen kann, wéi den Hues ze lafen huet. Opmanst fir eng Rëtsch Joer, a wann och (theoretesch) just a gewëssen Limiten.

Mee fir op den Artikel zeréck ze kommen: Onmoosseg Suen, gebündelt mat der Onzefriddenheet (an Ignoranz) vun enger Rëtsch Läit kënnen gezielt d’Demokratie fir hier (ideologesch an/oder finanziell) Zwecker mëssbrauchen. Besonnesch krass gët dat natiirlech, wann extern Fakteuren an Akteuren mat am Spill sinn (wéi zb hei Amerikaner, déi en Interesse drun hätten fir Europa ze déstabiliséieren oder opmanst ze verhënneren, dass Europa sech vereenegt).

Wat idiotesch bei der Ratifikatioun vum Lissaboner Vertrag ass, ass dat een eenzegt Land den ganzen Prozess stoppen kann. An deem Fall hätt (am Géigensaatz zum Beispill uewen) eng ‘domm’ Minoritéit den Plan vun der ‘gescheiter’ Majoritéit sabotéiert. Obwuel dat natiirlech och en Urteel ass, dat dovunner ofhängt, op een hier Décisioun lo richteg/gescheit oder falsch/domm fënnt …

SFW.

Haha, brilliant:

Groussrégioun.

Wat soll eigentlech dat Konzept vun der ‘Groussrégioun’? A weem bréngt se wirklech eppes?

Ech hunn desläscht nach vun engem Beispill héieren, wou et ganz kloer gouff, dass ouni eis Letzebuerger dat ganzt Konzept souwiesou nët giff, oder kéint, existéieren. An dat aus zwee Grënn: 1. mir sinn déi eenzeg, déi tëschent Däitschen a Fransousen vermëttelen kënnen, well sie ënnerteneen kaum kommunizéieren kënnen, mol net op Englesch an 2. mir als souveränen Staat ganz aner Moyen’en hunn wéi sie, déi se nëmmen Régiounen sinn.

Wann Letzebuerg sech aus dësem artifiziellen Konstrukt giff erauszéien, dann giffen en komplett implodéieren. Aus den uewen erwähnten Grënn.

Mee wat ass dann lo wirklech den Virdeel vu Lëtzebuerg bei där Saach?

An ween woer dann am Kulturjoer lo wirklech och nëmmen eng Kéier eppes an d’Groussrégioun kucken? An domadder mengen ech lo net Tréier oder Metz.

Neie Protokoll.

D’Police schéngt frustréiert(*) …

Dës Kéier am Kader vun dëser Affaire.

Studentekopp.

Mäi Cours op der OpenUniversity ass drop an drun unzefänken. Hei den Intro-Video:

Mol gespaant, wéi et nees ass, fir ze studéieren, hehe. Looking forward to it though!

All your base are belong to us.

D’Geschicht vun engem vun deenen éischten Internet-Meme.