Archive

Archive for March, 2006

‘allo?

March 28, 2006 13 comments

Mol eng Kéier wou eist Viviane eng gudd Iddi huet:

Europa wird Inland: Auslandsgespräche sind für Mobilfunkanbieter bisher fast eine Lizenz zum Gelddrucken: Für das "Roaming"  bitten sie kräftig zur Kasse. Das soll bald vorbei sein, wenn es nach EU-Kommissarin Viviane Reding geht: Bis zum Sommer 2007 soll aus der EU auch mobil ein grenzenloser Binnenmarkt werden.

Eischtens ass et nemmen logesch (entweder Europa ass een Maart oder net) an zweetens hunn d'Telefonsfirma'en sech laang genuch eng gëllen Nues domadder verdëngt. Keen Wonner dass se lo meckeren. Mee dann sollen se halt e puer Klingeltéin méi un irgendwelch Kanner verkaafen. Oder sou.

Categories: Gesellschaft

Asia noodles.

March 28, 2006 3 comments

Hei en klengen Filmtipp fir Läit deenen 'Hero', 'Crouching Tiger, Hidden Dragon' and 'House of Flying Daggers' gefall huet:

The Promise (HD auswielen!)

Ech hunn natiirlech keng Ahnung winni, an op iwwerhaapt, dësen Film zu Letzebuerg rauskënt. Mee den Trailer ass en visuellen Héichpunkt. Bléiwt natiirlech wéi emmer den Risiko dass den Film selwer, resp. d'Geschicht, net mam Trailer mathaalen kann. Mee bon, et ass den Versuch wärt.

Besser wéi den Duerschnetts-Hollywood Film wärt en op alle Fall sin.

Categories: Film, Medien

Limiten.

March 27, 2006 1 comment

An der Läscht gët jo och bei eis nees dovunner geschwaat dass fix Kameraen op d'Autobunn sollen kommen fir die béiss Raser ze kontrolléieren an ze bestroofen. Ech perséinlech sin absolut dogéint sou Kameraen opzestellen, ausser op unerkannt geféierlechen Plaazen. Mee sou subtil ass de Plang jo net, et soll einfach generell kontrolléiert gin. Wou ass awer den Problem wann een Sonndes Moies bei drëchenem Wieder op eideler Autobunn 160 giff fueren? Mat sou Kameraen allerdengs giff een och dann e Protokoll kréien. An wéivill Accidenter ginn ët wirklech op der Autobunn wéinst der Vitesse? Wéivill Läit bléiwen wirklech op der Autobunn léien, an wéivill op Landstroossen? Ech sinn mer bewosst dass et emmer generell Regelen mussen ginn. Awer fir se an desem Fall hei emmer strikt unzewennen, wier nemmen Geldmacherei.

Mee genuch gemeckert, eigentlech wollt ech jhust desen witzegen, opschlossräichen Video zu Vitesselimiten virstellen! E puer Studenten sinn op der Autobunn niewenteneen gefuer an hunn sech strikt un d'Limiten gehaal. An domadder en Riesenstau an roosen Autosfuerer provozéiert. Mee et gesäit cool aus: eng eidel Autobunn, an dann kënt gemittlech op eemol en riesegen Teppech vun Autoen mat un der Spëtzt 4 Stëck déi saulues fueren.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg

Middle Earth.

March 25, 2006 2 comments

Neuseeland steht emmer nach ganz uewen op menger Lëscht vun Destinatiounen wou ech onbedengt eng Kéier hiwëll. Ech muss deen Projet lo definitiv eng Kéier konkrétiséieren.

Zumools mech die exzellent Fotoen hei nees inspiréiert hunn.

Categories: Photographie, Reesen

Savants.

March 24, 2006 2 comments

Et muss een ët jo zouginn, op der Tele kënt net nemmen Schrott. En gudd Beispill ass eng Serie die momentan op der ARD gewiesen gët: Expedition ins Gehirn. Aner Läit können daat saulatzeg an faul fannen, mee mech faszinéiert daat menschlecht Gehiir. Wéi ët fonktionnéiert, wéi ët eis ticken léisst, wéi een ët awer och beanflossen kann, zu waat ët fäheg ass wann een sech es bewosst gët, d'Komplexitéit un sech asw.

Zereck zu der Serie: Un Hand vun 'Savants', fréier och 'Savants idiots', genannt, gët gewiesen zu waat fir spektakulären Leeschtungen daat mënschlecht Gehiir an Ausnahmefäll fäheg ass. Meeschtens awer och zu engem Präis. Iwwer 50% vun den Savants sinn Autisten, sou dass sie zwar op hierem Spezial-Gebidder absolut iwwermënschlech sinn, mee trotzdem bei aneren, fir eis absolut banalen, Saachen komplett anhänken. Déi, die net autistesch sinn, haaten hierersäits meeschtens irgenden Accident deen hiert Gehiir punktuell geschiedegt huet. Waat am Fong daat Paradoxt bei der Saach ass: ereischt well verschidden Funktiounen ennerdrëckt oder ausgeschalt ginn, können die aner zu hierem Maximum oplaafen. Erstaunlech ass och dass verschidden Läit no hierem Gehiir-Schued op eemol eng extrem kreativ and artistesch Oder kréien, déi se virdrun net haaten.

Read more…

Nonsense pur.

March 24, 2006 Leave a comment

Et muss een schon eng absolut Lumière sinn, oder ferme eng am Kanelli gehaat hunn, fir op esou eng Schnappsiddi ze kommen:

Die Überraschung war perfekt, als Zenodot – ein Tochter-Unternehmen von Directmedia – Ende Januar mit der Absicht an die Öffentlichkeit trat, eine überarbeitete Druckversion von Wikipedia.de in 100 Bänden auf den Markt zu bringen. Sofort begann die Diskussion über Sinn oder Unsinn dieses Projekts. Jeder Band sollte bei Vorbestellung 14,90 Euro kosten, insgesamt würde die gedruckte Ausgabe mit insgesamt 80.000 Seiten also fast 1500 Euro kosten.

Well a) ween der Däiwel soll déi kaafen? an b) firwaat?

All d’Avantagen vun wikipedia wieren hopps. Keng Updaten, keen Verbesseren, etc. An säit wéini huet en Buch eng “Search” Funktion an Hyperlinken? En plus kann een mat emmer méi Handien surfen an ergo och wikipedia usteieren. Eng Pabéier-Versioun ass wirklech die idiotescht Propose déi een an deem Kader nemmen konnt maan.

Waat se awer lo anscheinend selwer rausfonnt hunn (nodeem se rem niichtern woren huelen ech un):

Denn Zenodot stellt resigniert fest: “Nach vielen sinnvollen und noch mehr sinnlosen Diskussionen in den letzten zwei Monaten möchten wir einen Strich ziehen. Es ist leider abzusehen, dass das Projekt im vorgeschlagenen Zeitrahmen wegen der schleppenden Beteiligung sowie der Abwartehaltung vieler Mitarbeiter nicht zu realisieren ist.”

Dann hunn se jo lo Zäit fir nees un eppes Gescheitem ze schaffen. Bis zu der nächster Betriebsfeier.

Categories: Medien

Blondes Gift.

March 21, 2006 12 comments

Erstaunlech wéi ënnerscheedlech gewëss Aktiounen dach können bewert ginn.

Hei hunn mer den Fall vun enger 23 Joer aaler Prof déi ugekloot ass en 14-jähregen Schüler sexuell mëssbraucht ze hunn Sie sollen en am Auto, an engem Klassesall an bei hier doheem gedriwwen hunn. Daat ass jo och definitiv net normal an die Fra muss jo emotionell, an sexuell, eng Retsch Problemer hunn. Allerdengs ass d’Kloo lo faalen gelooss ginn. Waat keen weider ze picken schëngt. Am Géigensaatz zu wann eng 14-jähregt Schülerin vun hierem Prof messbraucht ginn wier. Deen wier fir Joren agespaart ginn. An zu Recht. En plus hätten déi meescht nach gewollt dass en giff kastréiert gin. Hätt em och näischt geschuet.

Mee hei soen die meescht (zumools Männer) sech wuel: Wou ass den Problem? Die Prof huet en plus net wirklech schlecht ausgesinn an waat fir en 14-jähregen Tip haat/huet net die Phantasie vun senger sexy Prof verféiert ze ginn? Also woer keen Opfer am eigentlechen Sënn do: am Fong haat den Tip d’grouss Lous gezunn an seng Kollegen sinn bestemmt jalous op hien.

Obwuel den Ennerscheed Schüler-Schülerin kloer ass, ass en awer irgendwéi krass.

Categories: Gesellschaft, Sex