Archive

Archive for April, 2006

Faarweg.

April 30, 2006 1 comment

En aneren Blog huet mech nees un heirunner erënnert: d'Ufänk vun der faarweger Fotographie.

Zwee interessant Siten:

1. The empire that was Russia, wou en russeschen Fotograph mat enger cooler Technik schon em 1910 exzellent faarweg Fotoen konnt maan (Detailer an Beispiller um Site)
2. Erster Weltkrieg: Marsch in den Abgrund, wou een nees mierkt dass faarweg Fotoen Vergaangenes awer méi realistesch an 'echt' eriwwerbrëngen wéi wann een sou eppes nemmen op schwarz-wäiss gesäit.

Categories: Photographie

Die Englänner!

April 27, 2006 1 comment

Exzellent, die Englänner! Emmer fir en Witz gudd. An liicht exzentresch ze sinn schengt bei hinnen an de Genen ze leien:

The British judge who presided over the Da Vinci Code trial has put a code of his own into his judgment and said he would "probably" confirm it to the person who breaks it.

Hei den ganzen Artikel. 

Categories: Gesellschaft, Literatur, Medien

Ghost town.

April 26, 2006 Leave a comment

Wou mer schon vun Chernobyl schwätzen, hei och nach den Reportage vun enger Russin déi mat hierem Moto en Tour duerch daat oofgespaartent Gebidd gemaach huet an Fotoen geholl huet.

Impressionnant.

Categories: Photographie

Niewenwirkungen.

April 26, 2006 5 comments

Haut op den Daag genau sinn et jo 20 Joer hier dass zu Chernobyl den Atom-Reaktor an d'Luucht geflunn ass. Eng Konsequenz dovunner woer dass iwwer 330.000 Läit evakuéiert gouffen well die ganz Géigend op Joren atomar verseucht ass, sou dass lo zenter dem ronn 4500 km2 quasi mënschenfräi sinn.

An dëst haat en paradoxen Effet: zënterdeem sin an der Géigend ronderem Chernobyl eng Rëtsch vun deenen gefährdesten Déieren an Europa nees heemesch ginn (Link, Link). Wéi zb verschidden rare Zorten vun Kranichen, Adleren, Wëldschwäin, Wëllef, Otteren an Luchsen. D'Radioaktivitéit schëngt hinnen manner auszemaan wéi den Mënschen. Dëst huet dozou matbeigedroen dass daat ganzt Areal, ronn hallef sou grouss wéi den Yellowstone National Park, zu enger Zort Wildlife Refugium gin ass. Read more…

Oh nee.

April 25, 2006 2 comments

Lo wärt awer zumools en groussen Deel vun eiser weiblecher Bevölkerung um Buedem zerstéiert sin. Obwuel, an sou Reaktiounen mëcht den Mënsch jo meeschtens jhust eppes: verdrängen!

Sind Steinböcke wirklich ehrgeizig, entschlossen, kühl und melancholisch? Auf welcher Basis werden im Sternzeichen des Krebs geborene als warmherzig, launisch, geheimnisvoll, phantasievoll eingeordnet? Zwischen dem Geburtsmonat eines Menschen und seiner Persönlichkeit gibt es keinen nachweisbaren Zusammenhang. Das ist das Ergebnis einer großen Studie eines dänisch-deutschen Forscherteams, in der die Daten von rund 15.000 Personen analysiert wurden.

Awer sou eng Studie wärt jo wuel die manst vun eis dovunner oofhaalen fir net awer dem Monsieur M'Kono M'Bono (dee kann alles heelen, ausser Liichtgleewegkeet) oder der Madame Rosalie (voyante et médium) e puer Euroschäiner op den Dësch ze léen fir dass se eis soen op dann lo d'Sonn am dretten Haus vum Stärzeechen Hamster steht oder net. An op eis dofir lo den Himmel op de Kapp fällt oder sou.  

Spam.

April 25, 2006 2 comments

T'ass keng nei Erkenntnis mee d'Spammer haalen d'Menschheet definitiv fir mannerbemettelt. Analyséieren mer jhust eng Kéier een Beispill:

—  Your future starts today —

Nee, serieux lo?

Are you stuck in a job that is leading you on the path to no where?

Eh, villäicht. 

Do you wish you could better your financial situtation?

Ween dann net? 

No problem. 

Yuppie! 

Today is your day.

Main ganz alleng? Cool!

We can help you obtain a College Degree with NO EFFORT at all!

Guer keen Effort? Ma daat klengt jo gudd. A realistesch. 

This means no more stupid classes, books, and exams!

Jo, ween wëll och schon eppes bäiléieren? Zumools wann een an sengem Beruf wëll weiderkommen? Do geht dach sou en Wësch vun http://www.IboughtymydegreeonlinecauseImanidiot.com duer. Dann brauch een deen just nach virun dem potentiellen Chef senger Nues hin an hierzewedelen an schon ass een agestallt. An weem fällt schon duerno op dass ech am Fong guer näischt kann? Bestemmt kengem.

You can reach us 24/7 for more information and we can help get on the right path! Call us anytime at (928) 496-2805 for more information.

Ma dann ruffen mer do mol direkt un. Sou enger lackeleger Offer ass jo schwéier widderstoen. 

Categories: Wired world