Archive

Archive for June, 2006

Transformers.

June 30, 2006 3 comments

Erstaunlech waat e bessen Maquillage, gudd Luucht a vill Photoshop könne maan. D’Britney gesäit op der 2ter Foto jo baal nees ziviliséiert an flott aus. Allerdengs gesäit et lo och bessen wéi en Katie Holmes-Klon aus …

britney

ps. d’Kand kéint och bessen Photoshop verdroen.

Categories: Fun, Medien

Analphabeten.

June 27, 2006 3 comments

Huet een vun iech zoufälleg desläscht eng Kéier den Videotext vum RTL gelies? Mäin Lëtzebuergesch hei ass jo och net emmer 100% korrekt, mee waat déi do schreiwen ass definitiv ennert aller Sau an komplett lächerlech. Et giff een jo mengen eis gréissten Chaîne kéint sech en Spellchecker leeschten … Stell een sech mol nemmen fir den Videotext vun der ARD wier voller Schräiwfehler!? Mee bon, d’ARD huet op hierem Site och keng Speckfotoen vum Yves Kortum, haha. Souvill zum Thema RTL a Qualitéit.

Soit, no laangen Recherchen hunn ech allerdengs eng Photo vum Auteur vun den Texter am RTL Videotext fonnt:

monkey

Categories: Luxembourg, Medien

Long way round.

June 23, 2006 2 comments

longwayround.jpg

Duerch en Artikel am Spiegel drop opmierksam gin, hunn ech mer desläscht en faszinanten Documentaire op DVD kaaf: Long Way Round.

2004 haaten den Ewan McGregor (Trainspotting) an säin Kolleg Charly Boorman eng 20.000 Meilen Rees op hieren Motoen gemaach: vun London aus östlech op New York, duerch enner aanerem Kasachstan, Russland and Mongolei. Begleet gouffen se vun engem Kameramann deen daat Ganzt filmesch festgehaal huet, an sie selwer haaten och eegen Kameraen, mobiler an am Helm agebautener. D’Resultat sinn 10 Episoden à 45 Minutten an ass definitiv kuckenswert wann een sech opmanst e bessen fir sou Expeditiounen (an d’Préparativen dofir) interesséiert.

Déi eischt zwee Drëttel (an Osteuropa an Asien) sin allerdengs definitiv méi interessant an spannend wéi den drëtten (Kanada an USA). Waat natiirlech dodrun läit dass d’Situatiounen wesentlech mei skurril sinn, d’Läit ganz anescht liewen an och keen Englesch können an duerfir alles e bessen méi komplizéiert, mee och extrem schéin, ass. Grandios sin Episoden wéi déi wou se vun irgendengem Russ deen se zoufälleg begéinen invitéiert ginn bei him ze schloofen oder wann se bei Nomaden am mongoleschen Nirgendwo z’iessen kréien! Allerdengs gesäit een an aneren och wéi haart, an zum Deel och verrëckt an geféierlech, die ganz Aktioun woer. Zumools op der ‘Road of Bones’ an Sibieren! Do ass dann och à la limite e bessen vill Gejéimers, mee sie zéien ët duerch. An generell léisst den Humor vun deenen zwee een emmer rem haart laachen.

Ech giff der DVD 8/10 Punkten gin.

Categories: Film, Gesellschaft, Medien

100 awesome music videos.

June 21, 2006 6 comments

Eng Lëscht vun 100 Musikvideo'en bei YouTube. Vun wirklech gudd bis extrem schlecht.

Bei dësem Beispill hei konnt ech mech nach net décidéieren an waat fir eng Kategorie en fällt …

Categories: Fun, Medien

Fitness.

June 20, 2006 3 comments

Eh, jo … Die Japaner sinn definitiv emmer rem hier Suen wärt! Wann ët se net schon giff ginn, ët misst een se erfannen.

Categories: Fun

Traureg, traureg.

June 19, 2006 Leave a comment

wal

Nach ass den Verbued nët ganz gekippt, mee et ass wuel just nach eng Fro vun der Zäit:

Die Gegner des Walfangs haben erstmals seit 20 Jahren eine empfindliche Niederlage in der Internationalen Walfangkommission erlitten. Japan und andere Walfang-Befürworter setzten knapp eine Resolution durch, in der die Wiederaufnahme des kommerziellen Walfangs gefordert wird.

Walen ze joen ass extrem minabel an saudomm! Et besteht iwwerhaapt keen Besoin dozou. Et ginn keng Surpopulatiounen vun Walen (au contraire!) déi hieren Habitat giffen schueden oder sou. Sie ginn just gefaangen well haaptsächlech die, an dësem Sënn, extrem dämlech an beschränkten Japaner mengen die missten Walfleesch als 'Delikatess' iessen. Können se net einfach just Fleesch vun Déieren iessen déi een ziichten kann? Mee nee, sie mussen déi puer Mieresriesen déi ët nach ginn barbaresch schluechten just fir un hier 'Delikatess' ze kommen … wahrscheinlech soll daat Fleesch och nach hierer Potenz hellefen oder wéi?

Heiandsdo froen ech mech op de Mënsch wirklech eng gudd Erfindung woer. Oft wirkt en eischter wéi en net ausgeräiftenen Prototyp!

Categories: Natur

Bayreschen Mullah.

June 19, 2006 1 comment

A soss geht et?

CSU-Chef Edmund Stoiber hat eine Initiative zur Verschärfung der Strafen für Gotteslästerung angekündigt. Nach dem Willen des bayerischen Ministerpräsidenten soll "schwere" Gotteslästerung künftig konsequent und härter bestraft werden.

Kann eiser Här sech net selwer verteidegen? Wann hien sech beleidegt fillt soll en halt mol rem e puer Blëtzer aus dem Himmel geheien fir d'Läit ze grillen! Daat wier jo och effektiv, an giff 'Gotteslästerung' bestemmt op engem nidderegen Niveau haalen …

Categories: Religion/Philosophy