Archive

Archive for July, 2006

Skandaléis.

July 30, 2006 4 comments

libanon.jpg

Alt nees 20 Kanner déi bei der Lotterie vum Liewen d’Aaschkaart gezunn hunn!

Et ass en Skandal dass d’Weltgemeinschaft Israel einfach maachen léisst! Ech sin jo d’accord dass eppes géint d’Hezbollah soll/muss gemaach gin, mee die komplett iwwerdriwwen aggressiv Reaktioun vun Israel brengt nemmen eppes: nach mei Gewalt, nach méi Haass, nach méi onschëlleg Doudeger.

Wann d’USA hinnen net emmerbedingungslos de Rëck giffen stäipen, giffen se sech sou Aktiounen net trauen. Duerfir droen d’USA alt nees Matschold un engem Krich an um Doud vun onzählegen Zivilisten. Gudd geschafft!

An Israel mëcht sech sou definitiv net méi Frënn an der ganzer Welt. Mee daat wollten se jo anscheinend nach nie. Wann een sech emmer als daat ‘auserwählten Vollek’ gesäit an all die aner als, insgeheim, mannerwärteg …

Advertisements
Categories: Gesellschaft, Politik

Dolce vita.

July 14, 2006 2 comments

Sou, lo geht deen hei mol an d’Vakanz. Cya later.

Categories: Näischt

Douchebags.

July 14, 2006 3 comments

Exzellent, an net gefaked, Foto vum Bush an vum Dennis Hastert (erzreaktionären Republikaner mat letzebuergeschen Virfahren).

bush hastert

Categories: Fun, Politik

Grengewald.

July 13, 2006 9 comments

Ah, den Heng brauch also Geld, oder wéi?

An amplaaz irgendeng vun sengen x Immobilien ze verschiebelen, muss den Grengewald drun gleewen! An wann den Staat net genuch Suen huet, dann gët en un irgendeen verkaaf deen de Goss huet. Hallo Här Mittal, wéi wier et?

An iwwerhaapt, firwaat spendéieren sie net mol dem Vollek eppes? Den Grengewald sollt Deel vum nationalen Natur- an Kulturerbe gin! Sie sinn dach die räichsten Monarchie hei an Europa, oder net? An den Staat finanzéiert se jo och resp. bezillt och Saachen wéi d’Freedeféier fir den Oberclown etc aus eegener Täsch wann ech richteg informéiert sin.

Eisen Haff ass jo baal wéi d’FIFA! Die aner alles bezuelen loossen an selwer sech Täschen nach méi voll paaken.

Winni gët Letzebuerg endlech eng Republik? Dann können die Clownen selwer kucken waat se maan an mir mussen net och nach hier illegitim Kanner etc matfinanzéieren.

[update: Daat haat ech jo ganz vergiess! Den Prenz Felix haat deemols an engem Casino den Grünewald verspillt, den Staat haat eng Hypothéik opgeholl fir en zereck ze kaafen an huet dem Grand Duc den Bësch zereck geschenkt. An lo wellen se dem Staat (oder soss engem) daat rem verkaafen? Jo, geht et dann nach!? Mol dovunner oofgesinn dass een Kadoen jo net verkaafen soll ……]

Pimp my car. For real.

July 12, 2006 1 comment

Daat hei nennen ech pimpen.

Allerdengs fehlt e Video …

Categories: Auto, Fun

Gudd Nuecht.

July 12, 2006 1 comment

Mäin nächst Bett! Also, wann ech an der Loterie gewonnen hunn oder sou. Mee sou cool.
bed.jpg

Categories: Fun, Wëssenschaft

La danse du coup de boule.

July 11, 2006 Leave a comment

Exzellent!!! Onbedengt ulauschteren.

Categories: Fun, WM