Archive

Archive for August, 2006

Absolut d’accord.

August 31, 2006 1 comment

Bon, plus ou moins: Fernsehen ist tot.

Ech kucken nach seelen eppes op der Tele. Ausser mol die eng oder aner Dokumentatioun um ZDF oder den Journal um Hei Elei. Mee soss quasi nix. Leeft jo och nemmen Schrott an ginn genuch aner Alternativen. An die interessants Serien, Filmer oder Dokumentatiounen muss een sech jo souwiesou selwer sichen wann een se no sengem eegenen Zaitplang kucken wëll …

An all deen Pay-TV, Decoder-Schrott, 500 Senderen, etc loossen ech mer och net opschwätzen. Ech brauch et einfach net. Ass interessant ze kucken wéi die Entwecklung do weidergoen wärt.

Categories: Gesellschaft, Medien

Planéiten.

August 31, 2006 Leave a comment

2.jpg

Haha.

Categories: Fun, Gesellschaft

Changing times.

August 31, 2006 Leave a comment

De Boop woer Jéeër, den Pap Véihziichter an den Fils ass lo Bauer. An deen lo kann en Gromperen uplanzen. An Grönland. An nemmen 3 Generatiounen.

bauer.jpg

Categories: Natur

Telefonsex.

August 30, 2006 Leave a comment

Falls gären een seng eegen Telefonsex-Linn opmaachen, Horoskoper erstellen, Tarot-Karten, Wënkeladvokaten-Tipps zum Beschtenginn wëll, etc (géint Cash natiirlech) deen kann daat hei riwwermaan: Jyve Pro. Et steht all Daag opmanst een Dommen op. Du muss en just fannen.

Mmmh, oh, jo, geff mer es.

Categories: Fun, Sex, Wired world

Hellefen.

August 30, 2006 2 comments

kiva.gif

Falls een Loscht huet aneren Läit ze hëllefen, hei ass en interessanten Site: Kiva.

Kiva.org is a new website that allows individuals to make small loans to low-income entrepreneurs in the developing world (microfinance). In this way, people like you can help provide affordable working capital for the world’s poor — money to buy a sewing machine, livestock, etc. — empowering them to start a business and earn their way out of poverty.

Daat Ganzt ass sérieux. An den Prinzip ass jo och net spenden, mee verléinen (Mikrofinanzéierung). Allerdengs ouni Zënsen. Mee bon, et ass jo och bessen eng gudd Aktioun. An well een kleng Montant’en verléinen kann, geht een jo och keen groussen Risiko an. Hei nach en Interview mam Fondateur vun Kiva an en Artikel bei BusinessWeek (Innovation of the week).

Categories: Gesellschaft, Politik

A soss geht et?

August 29, 2006 2 comments

Eng Illusioun bléiwt eng Illusioun. Wann een sech ze dëck fënnt, dann soll een aktiv eppes dogéint maan. Net einfach just sou en Photoapparat kaafen … D’Wourecht kënt jo dach irgendwann raus.

hp.gif

Categories: Gesellschaft, Photographie

Kreativ.

August 29, 2006 1 comment

Den Ahmadinedschad ass zwar mätsch, mee en huet heiandsdo originell Ideen. No där fir Israel an Polen ze verplanzen, huet en lo en TV-Duell teschent him an dem Dubbelju ugereegt. Natiirlech seet deen net zou, enner anerem well en léiwer virun ausgewieltem, zenséierten Publique optrëtt, mee kucken giff ech ët direkt.

whackos.jpg

Categories: Politik