Archive

Archive for September, 2006

Google Reader.

September 30, 2006 6 comments

Bis elo woer ech jo komplett vun Bloglines iwwerzeecht fir meng RSS Feeds ze géréieren. Mee zenter der neier Versioun vum Google Reader hunn ech lo en neien Favorit. Exzellenten Web-RSS-Reader!

Ween net wees waat en RSS Feeder ass deen kann sech jo den Video op der Säit ukucken.

Advertisements
Categories: Wired world

Deliver us from Evil.

September 29, 2006 3 comments

Die Vertuschungsaktiounen woren, an sin, e Skandal. An diskréditéieren die moralesch Authoritéit vun der Kierch total.

(offiziellen Site)

D’Invasioun huet ugefaang.

September 28, 2006 4 comments

“All bow to our insect overlords!”

Daat hei kann een bei Google Maps (irgendwou an Däitschland) gesinn:

bug.jpg

Et ass net gephotoshoppt (et sief dann een bei Google hätt sech ameséiert).

Hei zerbriechen se sech och de Kapp winni daat Insekt dohinner (op d’Lens?) hätt kéinten kommen.

Egal wéi, ech mengen et gët Zäit Insektenspray ze kaafen …

Categories: Fun, Wired world

Brainfood.

September 28, 2006 5 comments

D’Universitéit vun Berkeley stellt lo Video’en vun verschiddenen vun hieren Couren bei Google Video zur Verfügung. Eng gudd Iddi an mengen Aan. Educatioun schued nie. Déi eischt hallef Stonn vun der eischter Physiksstonn woer mol net oninteressant an de Prof relativ cool.

Kënt een sech wirklech baal fir wéi wann een am Auditoire giff setzen, just dass een duerno net och op dekadent Studentenpartien goen kann, hehe.

berkley.jpg

Categories: Gehir, Video, Wëssenschaft

Unterschichtenfernsehen.

September 27, 2006 6 comments

Unterschichtenfernsehen op Youtube. Woer jo och nemmen eng Fro vun der Zäit bis suguer Bräikäpp die Méiglechkeeten erkannt hun.

An wéi emmer bei Artikelen iwwert sou Saachen ass den Nodeel dass se doduerch nach mei bekannt gin. Obwuel, d’Szene wärt se jo souwiesou schon kennen an net reischt iwwert en Site wéi spiegel.de dropstoussen ….

Categories: Gesellschaft, Politik

Soap Opera.

September 26, 2006 10 comments

Anscheinend gin et nees nei Rumeuren a Punkto Grand Duc Henri & Grande Duchesse Maria-Theresa déi en plus eng Erklärung wieren firwaat d’Madame kuerz virun der China Rees op eemol ‘krank’ woer … An wann déi stemmen, dann ass et knuppenhaart, hehe. Sin gespaant.

[edit: dem Grand Duc seng richteg Erklärung zu den geplangtenen, an annuléierten, Verkeef vum Grengewald an de Bijoux’en … exzellent!!]

Categories: Luxembourg

Ohne Worte.

September 26, 2006 4 comments

nw.jpg

 

(via)

Categories: Medien, Politik