Archive

Archive for December, 2006

High Noon.

December 30, 2006 Leave a comment

Lo ass den Saddam jo gehangen gin. Usech jo eng gudd Saach. Allerdengs nees mat engem batter Beigeschmaach:  Hien ass wéinst engem präzisen Evénement, waat et mol net an d’Top 10 vun sengen grausamsten Aktivitéiten packt, direkt zum Doud verurteelt gin, wouduerch vill aner Prozesser hinfälleg gin sin. Prozesser, wou villäicht nees op den Dësch komm wier, vun weem hien alles fréier ennerstetzt gouff an vun weem hien  seng Waffen an säin Gëftgas kruut. Daat wier natiirlech fir verschidden Läit pénibel gin.

Mee dovunner oofgesinn wärten och vill Irakien nie Äntwerten op nach ongeléisten Froen aus der Zäit kréien. An anerer wärten den ganzen Prozess souwiesou als politeschen Schauprozess vun den Amerikaner oofdoen.  Roueg wärt et do ennen nach eng ganz Zäitchen net gin. Saddam hin oder hier.

Categories: Geschicht, Politik

A scanner darkly.

December 29, 2006 Leave a comment

A scanner darkly: definitiv en trippy Film! An och wann ech net alles verstaan hunn, sou ass en visuell awer grandios. D’Schauspiller sin top, an et deet och net wéi d’Winona Ryder mol rem ze gesinn.

scan1.jpg

scan2.jpg

scan3.jpg

Categories: Film, Konscht

Gudd Virsätz.

December 28, 2006 1 comment

Hei ass een, deen huet seng gudd Virsätz radikal duerchgezunn:

That was August 1992. Over the next 14 years, Karnazes challenged almost every known endurance running limit. He covered 350 miles without sleeping. (It took more than three days.) He ran the first and only marathon to the South Pole (finishing second), and a few months ago, at age 44, he completed 50 marathons in 50 consecutive days, one in each of the 50 states. (The last one was in New York City. After that, he decided to run home to San Francisco.) Karnazes’ transformation from a tequila-sodden party animal into an international symbol of human achievement is as educational as it is inspirational. Here’s his advice for pushing athletic performance from the unthinkable to the untouchable.

Kompletten Wahnsinn. Verrëckt zu waat den menschlechen Kierper fäheg ass …

Categories: Gehir, Gesellschaft

Short history.

December 27, 2006 1 comment

Wann d’Geschichtscouren sou gewiescht wieren, dann wär een an der Schoul och manner gelatzt gewiescht:

Categories: Fun, Geschicht, Video

Rechenmaschinnen.

December 26, 2006 1 comment

Nee, ech kruut keng Rechenmaschinn fir Kreschtdaag. Mee die Kanner hei sin lieweg Rechenmaschinnen:

Bessen onnetz als Fähegkeet (firwaat huet een Computeren?), mee et ass faszinant. Zumools déi Vitesse, an wann se henno hieren Abacus just nemmen nach em Geescht virun sech gesinn

Emmer rem erstaunlech zu waat d’Gehiir fäheg ass, wann et nemmen trainéiert gët.

Categories: Gehir, Video, Wëssenschaft

Ass mir schlecht.

December 25, 2006 2 comments

An daat kent net dovunner, dass ech geschter zevill giess hätt. Mee heivunner:

Categories: Fun, Musek

1 Mann, 1 Wuert.

December 24, 2006 1 comment

Wéi schon vill anerer bemierkt hun, ass dem Serge Tonnar säin Jean-Claude Juncker Mix “1 Mann, 1 Wuert” en effet grandios!

Ech wees, dass daat kaum ee versteht. Mee et ass awer sou.

Ech sin total verrëckt. DAAT ass de Problem.

Muhahaha.

Categories: Fun, Luxembourg, Musek