Home > Religion/Philosophy > Here comes the son, eh, sun …

Here comes the son, eh, sun …

Ha, ech hunn grad eng interessant Theorie iwwert dem Jesus seng iwwernatiirlech Gebuert an die Emstänn ronderem gelies. Do gët deen Deel vum Markus-Evangelium, deen reischt spéit dobäi gepächt ginn ass, am Kader vun der Sonnenmythologie interprétéiert. Am Résumé:

Die ‘3 Kinneken’ ( = 3 Stären am Orion-Gürtel) suivéieren dem ‘Stär am Osten’ ( = Sirius) an forméieren zesummen mat der opgoender, an nees méi laang schengender, Sonn den 25. Dezember ( = 3 Deeg no der Wintersonnenwende) eng Linn.

dawn2a32_.gifDen Herodes (= Nuecht/Béisst) huet héieren, dass en klengt Kand ( = Jesus/Sonn) hien verdrängen resp. ersetzen soll. Dat wëll hien natiirlech verhënneren, duerfir ordonnéiert hien, dass die kleng Kanner (=Stären) all embruecht ginn ( = kuerz virun Sonnenopgang verschwannen d’Stären all). Dat gelëngt awer net ganz, den Jesus (= Sonn) iwwerliewt den Massaker an gët den eigentlechen Herrscher an den Herodes ( = Nuecht) ass besiegt.

D’Sonn (= Jesus) geht zu deem Zäitpunkt och am Stärenbild Jongfra ( = Maria) op (=gebuer), dat am ‘Haus vum Broud’ steht (all 12 Stärenbiller huet säin Haus).Bethlehem heescht wuertwirtlech iwwersat … ‘Haus vum Broud’.

Asw. Den ganzen Text kann hei nogelies ginn. An en Video zu derselwechter Thematik gët et hei (vun der Minutt 4:00 un).

Ech fannen sou Geschichten einfach faszinant, ob se lo och an all Détail 100% stëmmen oder nët. Mee et ass évident, dass näischt vum Himmel gefall kënt an alles irgendwéi seng Antécédant’en huet an dass all Mythologien op Beobachtungen vun der natiirlecher Welt opgebaut sinn. An sou Erklärungen maan opmanst sovill Sënn, wéi die offiziell Hokuspokus-Erklärungen vun der Kierch.

Categories: Religion/Philosophy
  1. sdf
    August 21, 2007 at 6:58 am

    Oh Grommelchen
    Ech si nach amgang ze iwerléën op ech Dech elo soll fir méi oder maner sériös halen wann’s De et esou einfach hues un esou Mickimausgeschichten ze gleewen an esou schwéier un dat wat am neien Testament steet .

    Ech méngen et get héich Zäit dass De mol e léift Meedchen fënns , wië wees villäicht fällt eent vum Himmel direkt virun Déng Féiss an dat ass da genee dat richtegt . Dann häss De wéinstens eppes aus dem Himmel wourun och Du kéins gleewen .

  2. August 21, 2007 at 7:21 am

    Ah, sdf! Merci fir däin Kommentar 😉

    An wéi gesoot, ech behaapten net, dass dat do die komplett Wourecht ass, mee et mëcht méi Sënn, wéi einfach just tel quel un die Hokuspokus-Geschichten aus dem NT ze gleewen. Mee du kanns natiirlech einfach un déi gleewen, mir sinn jo an engem fräien Land. Allerdengs ginn et keng Bewéiser fir deng Interpretatioun.

    Wat die léiw Meedercher ugeht, sou sinn déi rar geséint an déi, die ech haat, woer ‘daat’ richtegt anscheinend nach net dobäi. Fein awer, dass de der Suergen em mech mechs 😉

  3. sdf
    August 21, 2007 at 11:02 am

    Grommel Du schreifs : “….Allerdengs ginn et keng Bewéiser fir deng Interpretatioun……”

    De Beweis fir méng Interprétatioun heescht “Glawen” . Et heescht jo net “de Beweis u Gott” ma “d’gleewen u Gott” . Wouhier awer d’Beruffung zu deem Glawen oder d’Gleewen kënnt kann ech Der allerdéngs och net soën .

    Ugaang ass dat ganzt jo virun drësseg Joër mat méngem ofiziellen Austrëtt aus der kathoulëscher Kirch a mat deenen sellwechten “strange” Meenungen an Iwerzeechungen mat deenen’s och Du dech momentan erëmklapps . Weidergang ass et no drësseg Joër kale Krich géint Kirch mat méngem nees Antrëtt (och nees ofiziell mam Seege vum Bëschoff) .

    Wéi’s De gesäis hun ech mer et och net grad einfach (an domm) domat gemach . Sou , ech muss nach e bësschen u méngem Camion weiderbauen . Pass gudd ob Dech op a mach der et och net ze einfach . Méi wéi 10 Joër déi sellwecht Meenung an Du kanns emol licht zu éngem Idiot gin . Ma ech hu Vertrauen an Dech .

  4. August 21, 2007 at 11:40 am

    Merci villmols 😉

    An wat dat anert ugeht, vun mir aus soll jidereen gleewen, wat en wëll, soulaang et net him oder engem aneren schued.

  5. Tchup
    August 23, 2007 at 9:49 am

    Ou den sdf. Schued, dass de net méi am Forum schreiws!

    zum Thema:

    Déi Saach mat den Zuelen an Zesummenhäng ass jo am Fong just en Indiz, dass et sou kéint sinn, net awer dass et sou muss sinn. Domat huet déi Interpretatioun awer där traditioneller sou munches viraus. Déi traditionell huet nämlech net nemmen keen Indiz, dass et sou kéint sinn, mee se ass och nach intern vollkomme widersrpechlech.

    Dass dech dat net vum Glaawen oofhällt, ass jo wuel bekannt 🙂 An dat ass och gudd esou fir dech (an de Camion). Soss leefs de eis dono nach zréck bei d’Stalinisten…

    Mee mär tendéieren numol awer eben eischter derzou, un déi Mickeymouse Geschicht ze “gleewen”, déi zumindest e Minimum u Senn erget.

    Also kee Grond, de Grommel net seriéis ze huelen, well – wéi hien et scho selwer ugedait huet – jidferengem séng eege Märecher.

    Als Kanner an Donald Duck Fans hunn mer jo och déi aaner Kanner net belächelt, déi léiwer d’Mickey Mouse gelies hunn, obwuel et mer heiensto ferme dono war, dat kanns de mer awer gleewen!

  6. August 23, 2007 at 10:28 am

    tchup:

    >Déi Saach mat den Zuelen an Zesummenhäng ass jo am Fong just en Indiz, dass et sou kéint sinn, net awer dass et sou muss sinn. Domat huet déi Interpretatioun awer där traditioneller sou munches viraus. Déi traditionell huet nämlech net nemmen keen Indiz, dass et sou kéint sinn, mee se ass och nach intern vollkomme widersrpechlech.

    total d’accord.

  1. January 28, 2008 at 12:53 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: