Home > Artikel, Gesellschaft, Natur, Religion/Philosophy, Wëssenschaft > Ass den Bello en Zombie?

Ass den Bello en Zombie?

December 10, 2007 Leave a comment Go to comments

zora.jpg

Eng Fro, déi mëch emmer schon irgendwéi faszinéiert huet, ass op Déieren sech hierer sëlwer, méi oder manner, bewosst sinn oder op se just am Fong eng Zort raffinnéiert Roboter oder Zombien duerstellen: Maschinnen oder Wiesen, déi drop programméiert sinn, einfach just op hier Emwëlt ze réagéieren (natiirlech kann een sech dat selwecht zum Deel och iwwert den Mënsch froen). En Kapitel aus dem Buch “Ten questions science can’t answer (yet)” zum Thema Déieren an Bewosstsinn huet mech zu dësem Artikel inspiréiert.

An der westlecher Zivilsatioun opmanst hunn, an halen, die meescht Läit generell all Déieren fir eben ‘ganz anescht’ als de Mënsch an dofir och als irgendwéi eppes mannerwärteges mat deem een emgoen kann, wéi een wëll. Schliesslech kann een jo och mat engem Steen oder Stull machen, wat een wëll. Saachen hunn keng Gefiller an Déieren sinn numool näischt aneschters wéi animéiert Saachen. Dat ass natiirlech eng relativ primitiv Astellung, zumol well Déieren jo awer Schmerz empfannen können, mee sie mecht engem, wéi primitiv Astellungen dat sou unsech hunn, d’Liewen méi liicht. Alles ass kloer a schéin schwaarz an wäiss. Mee ass dat wirklech de Fall?

Et ass jo keng Néiegkeet, mee an den 1980er Joeren gouff die éischten Kéier festgestallt, dass och aner Spezies wéi den Mënsch sech sëlwer an engem Spiggel erkennen können. Deen sougenannten Gallup-Test hunn an der Tëschenzäit niewent dem Mënsch och Schimpansen, Bonoboen, Orang-Utanen, Delphiner an Elefanten onbestridden bestanen. Manner kloer ass et bei Gorillaen, Dauwen an enger bestemmter Zort Ieselen. Kanner enner 2 Joer an z.b. Hënn a Katzen bestinn den Test net. Wat awer bei den Hënn och dorunner kéint léien, dass den Gallup-Test zevill visuell ausgeluegt ass an Hënn jo eischter aner Wiesen (an och sech sëlwer?) iwwert den Geroch identifizéieren. Ween wees wat erausgiff kommen, wann eng ‘Gerochsvariant’ vum Spiggeltest giff existéieren? Mir giffen deen sécher net packen.Séch sëlwer am Spiggel ze erkennen wéisst jo awer schon mol onbestreitbar op eng méi héich Intelligenz (opmanst an eisem Sënn) hinner. An och de Fait, dass ennert aneren Schimpansen an Dauwen, wann se eppes verstoppen wëllen, waarden bis hier Kollegen aus der Vue sinn, fir dass se näischt matkréien, ennersträicht dëst. Fir daat nämlech maachen ze können mussen sie z.b. ‘erkannt’ hunn
– dass net nëmmen sie existéieren, mee och anerer
– dass déi aner och Intentiounen können hunn (hier Saachen ze klauen) déi sie an der Zukunft ausféieren kéinten
– dass die aner getäuscht können ginn an deems een hinnen eppes virgaukelt (dass een eben näischt ze verstoppen hätt)

En aneren Intelligenz-Kritère ass fir en Objet als ‘Werkzeug’ ze benotzen. Als Beispill ginn et do nees Schimpansen, déi rausfonnt hunn, dass een mat engem fiischten Bengel Termiten fänken kann oder och Gorillaen, déi rausfonnt huet, dass en mat der Hëllef vun engem Grashalm kann testen, op en Droht elektresch ass oder net, ouni eng ferme gewéitscht ze kréien. Oder japanesch Kréien, déi Nëss op eng Strooss puchen, waarden bis Auto driwwer fueren an se sou geknackt ginn an dann, wann d’Luuchten roud sinn, se oppicken ginn. Dës Déieren beweisen Flexibilitéit, verstinn Kausalitéitsprinzipien, sinn kreativ an können plangen. Dat beweisst natiirlech net ganz, dass se bewosst an ‘fühlend’ sinn, mee et sinn gudd Indicen dofir.

En weideren Intelligenz-Kritère ass d’Fähegkeet fir vis-à-vis vun aneren Memberen vum eegenen Grupp eppes ze empfannen, sech mat hinnen ze verständegen an z’organiséieren. Eng Spezies, déi doranner extrem wäit entwéckelt ass, sinn d’Walen, déi sech z.b. iwwer hier komplex Gesäng verstännegen (an och emmer rem néier krééieren) an sech och zesummen dinn, fir Juegdstrategien festzeléen an dann auszeféieren (selon Dr Hof am New Scientist Januar 2007).

Verschidden Afen ass och d’Zeechensprooch bäibruecht ginn, déi eng gewëss Kommunikatioun tëschent Mënsch an Aaf erlaabt an dem Aaf et erméiglech fir sech vis-à-vis vun eis auszedrécken(‘Ech hunn Honger’, etc).

Eppes wat och als Parallel zum Mënsch opgefall ass, an dat net am Gudden, ass dass och z.b. Schimpansen offensichtlech léien an gewollt agressiv resp. sadistesch sinn können. Bewosstsein, egal op méi oder manner ausgeprägt, huet net nemmen positiv Auswierkungen.

Wat soll lo d’Konsequenz vun all deem hei sinn? Fir Vegetarier ze ginn? Net onbedengt, well Déieren iessen jo och aner Déieren (allerdengs ziichten sie keng aner Déieren ënnert gruggelegen, barbareschen Konditiounen). Mee opmanst kéint een deenen Déieren e bëssen méi Respekt wéisst, an se net nemmen als Objet aus der Nahrungsmettelindustrie ugesäit, déi een vum Ufank bis zum Enn vun hierer Existenz quälen kann. Ech sinn iwwerzeecht, dass een de Charakter vun engem Mënsch net nemmen dorunner erkennt, wéi en mat aneren Mënschen, mee och mat Déieren unsech emgët resp. sech em béid suergt.

Eng aner Option wier den Mënschenaafen z.b. ‘Mënschenrechter’ ze ginn, wéi dat den Great Ape Project fuedert. Dat giff ech perséinlech ennerstëtzen. D’Fro ass natiirlech, wou een ophällt an wat die definitiv Kritèren sinn, déi sou Rechter giffen ‘méritéieren’. D’Géigner vun sou Pläng kommen mam Argument, dass een just Rechter kann hunn oder kréien, wann een och am Géigenzuch och fir säin Verhalen kann responsabel gemaach ginn. Mee och dat ass relativ, well mir accordéieren jo enger Rëtsch Mënschen Rechter zou, déi net (méi) fir hier Reaktiounen können responsabel gemaach ginn: ganz kleng Kanner, ganz aal Läit, schwéier krank Läit, senil Läit, geeschtesgestéiert Läit. An dës Läit können, genausou wéineg wéi en Gorilla, an der nächster Parlamentswahl wielen goen an dach hunn sie Rechter. Firwat also net och verschiddenen Déieren Rechter ginn? An dat schléisst jo net aus fir z.b. ‘Killer-Déieren’ ze bestrofen genau wéi mer dat mat ‘Killer-Mënschen’ man.

Hei den läschten Paragraph zu dësem Thema aus dem Buch “Ten questions science can’t answer (yet)”:

We may no longer be alone, and this will, inevitably, affect the way we treat our fellow consciousness. Hurting a zombie is fine because the zombie cannot mind. But how many scientists now believe that even their rats are zombies? For the moment the mainstream scientific establishment considers that it is, just about, OK in extreme circumstances to experiment on a chimpanzee. Will this still be the case if the chimpanzee asks us to stop?

  1. December 10, 2007 at 9:05 pm

    Intressant Thema, intressante Post! Als Wëssenschaftler géing ech der och déi Experimenter opzielen, déis du genannt hues. Als Déirenfrën brauch ech awer nemmen mäin decke Mupp ze beobachten an ze staunen. Et soll mer ee soen, et léing kee Verständnis dohannert, wann hien sech rechtwenklech zum grousse Spigel am Zëmmer leet, fir gläichzäiteg de Raum an de Gang ze beobachten. Wann hien dann een duerch de Gang komme gesäit, leeft en net bei de Spigel mee bei d’Dir.
    En anert Beispill an perséinlech Erfahrung sin d’Menschenaafen. Ech kann stonnelang am Basler Zoo bei de Chimpansen, Gorilla an Orang Utans setzen. Déi Déiren behuelen sech alles anescht wéi Zombies. Et kann een effektiv “nach” net alles mat der Wëssenschaft erklàren an beweisen. Mee ech denken mir sin eis eenz, datt et net noutwendeg ass, an der Science ze publizéiren fir ze wëssen, datt mer eis Notz- a Versuchsdéiren sollen mat Respekt behandelen.
    Ech kéint elo puer Beispiller vun Parasitismus opzielen, wou Organismes aner Organismen schiedegen an benotzen. Ech fannen et eng Leeschtung, datt mir ziviliséiert Menschen et färdegbrengen, aner, “méi niddreg” Liewensformen ze würdegen an ze schützen. Well dat ass net selbstverständlech, an d’Resultat vun Joerhonnerten Opklärung an Verhaalensfuerschung. Hoffe mer datt mer eis an di richteg Richtung weiderentwecklen!

  2. December 10, 2007 at 11:02 pm

    Respekt fir deen Artikel! Hues du deen extra haut gepost, well haut d’Journée Internationale pour les Droits des Animaux ass?

  3. December 10, 2007 at 11:49 pm

    charles: Merci!

    blogeescht: Nee, kompletten Zoufall!!

  4. KarmaChamaeleon
    December 11, 2007 at 10:10 pm

    The question is not “Can they reason?” nor “Can they talk?” but, “Can they suffer?”
    Jeremy Bentham

  5. December 11, 2007 at 10:18 pm

    Karma:

    Dat stëmmt. An déi fro erleedegt sech jo wuel opmanst bei Liewewiesen ab enger gewësser Gréisst, oder eischter Komplexitéit, vum Sëlwen … Domadder well ech soen, dass en Microbe wuel kaum Schmerz verspieren kann. Mee Déieren am klasseschen Sënn sécher. Och wann mir dat probéeiren ze verdrängen an ze ignoréiren …

  1. December 10, 2007 at 11:14 pm
  2. December 17, 2007 at 9:15 am
  3. June 26, 2008 at 8:59 am

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: