Ofschräiwen.

January 16, 2008 Leave a comment Go to comments

420_escribano.jpg

Mir huelen sou villes als sou normal an selbstverständlech, dass et heiandsdo ‘mind-blowing’ ass, wann een sech drun erennert, oder versicht virzestellen, wéi et fréier war.

Huelen mer Bicher. Am Zäitalter vun PDFen an E-Mailen vergësst een séier, dass Bicher an all Zort vun Text bis virun net all ze laanger Zäit (15. Jht) ALL hunn missten mat der HAND geschriwwen ginn. Wann een eng Kopie vun engem Text oder engem Buch wollt hunn oder engem aneren wollt matginn, dann huet een dat natiirlech missten Wuert fir Wuert oofschräiwen. Wann en wëssen wëll, wéi Zäit intensiv an mühseeleg dat ass, dann kann en jo mol en Harry Potter Roman mat der Hand oofschräiwen!

Et erstaunt also net, dass Bicher usech schon och als eppes Mysteriéises oder Hellëges ugesinn gouffen. Den Opwand se hierzestellen an hier Raritéit hunn hiert dozou bäigedroen. Spéider, wéi och e bëssen méi Läit liesen a schräiwen konnten, haaten se dann zwar oft ganz Arméien vun Scriben, mee trotzdem woer et nach emmer extrem opwänneg an fehlerufälleg bis dann mol den Buchdrock koum, deen villes vereinfacht huet.

Keen Wonner also och, dass z.b. all aal Bibel-Manuskripter sech am Détail ennerscheeden (soit well den Scribe midd woer, net opgepasst huet oder selwer bessen kreativ wollt sinn). Et ginn net zwee déi d’selwecht sinn. Wat awer och net erstaunlech ass, well d’Phänomen ass bessen dat selwecht, wat een virun enger Zäit bei den Kassetten hat. Eng Kopie vun enger Kopie vun enger Kopie. An do kann een souvill oppassen, wéi een wëll. Irgenden Schräiwfehler oder eng Zeil iwwersäit een ëmmer. Gouff jo och nach keng automatesch Spellchecker …

Huelen mer den Auteur vun engem Evangelium. Hien huet also lo endlech seng Geschicht färdeg an op ‘Pabéier’ bruecht. Domadder gët et jo dann mol d’Original. Wann hien awer déi Geschicht lo engem aneren fir an engem aneren Kaff wëll matginn, dann muss hien, oder en aneren, all die Säiten (an et woren der jo net nemmen e puer) nach eng Kéier propper ofschräiwen. Well eng aner Méiglechkeet gët et jo net. An sou fir all Exemplaire. An deen, deen den Text dann kritt an en weider wëll ginn, muss nees eng Kopie oofschräiwen asw, asw, asw. An well dat duerch Mënschen passéiert an net duerch Maschinnen, ass et net verwonnerlech, dass et a. net vill aal Dokumenter ginn an b. net zwou Kopien 100% d’selwecht sinn.

Mee eréischt am 18. Jht hunn verschidden Läit ugefaang, dat ze bemierken an dat woer och den Startschoss fir sérieux Bibelkritik (‘Wann all die aal Manuskripter sech am Détail ennerscheeden an bei verschiddenen suguer ganz Textpassagen, déi méi rezenter awer hunn, fehlen, wéi kann een dann behaapten ze wëssen wat an der ‘original’ Bibel steht oder an enger Bibel ze stoen huet?’). An déi Forschung geht natiirlech bis haut weider. Bei Standford University op iTunes gët et dozou en interessanten Speech vum Bart Ehrmann (“Misquoting Jesus”) falls et een interesséiert.

  1. January 16, 2008 at 12:06 pm

    Dat do ass e ganz interessante Post deen een och am Geschichtsunterrécht vum Uewergrad an der Primärschoul ze liese kéint ginn (den Terme ‘Kaff’ kinnt ee jo vläicht ersetzen😉 ).

    Hues du vläicht en direkte Link op den iTunes parat?

  2. January 16, 2008 at 2:24 pm

    blogeescht: Merci! Kanns en roueg benotzen an dat Wuert ersetzen, falls de dat domadder wolls soen. Oder schräiwen ech ze kannerech😉 Probéieren ët halt emmer liicht liesbar ze haalen, hehe.

    Wat den iTunes ugeht, wousst guer net, dass een do Linken kéint erauskopéieren! Hei ass dann den direkten Link op ‘Misquoting Jesus‘ (gët en och als Video)

  3. January 22, 2008 at 9:14 pm

    Hues de als Compensatioun dofir herno e Link op de Scriveler gesat?😀

  4. January 23, 2008 at 8:17 am

    qwinn: Hehe, nee, nee😉

  1. February 13, 2008 at 5:53 pm
  2. February 21, 2008 at 4:04 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: