Home > Luxembourg, Wëssenschaft > Geet eis jo dann awer net schlecht, oder?

Geet eis jo dann awer net schlecht, oder?

February 27, 2008 Leave a comment Go to comments

600000288.jpgEt geet eis jo dann awer net schlecht, wa mer 6 Milliounen Euro am Budget kënne réservéieren fir eng Impf- Kampagne géint de Gebärmutterhalskriebs, un deem am Joer zwou bis drei Fraen dru stierwen an den Vaccin selwer och nëmme zu 70% wirksam ass?

Natiirlech ass all ‘onnëtzen Doud’ deen een verhënnert gutt an ech wier och frou, wann ech eng vun deenen zwou oder dräi Fraen wier oder ech déi kenne giff. Mee sin souvill Suen net e bessen onverhältnisméisseg par rapport zu aneren Problemer/Krankheeten oder gesinn ech do eppes falsch?

(edit: Mäi Punkt ass, et schéngt nees e Geschäft mat der Angscht vun de Läit ze sinn an der Tendenz vun eis alleguer fir 100% Sécherheet ze hunn, déi et jo awer souwiesou an dësem Fall net gët. Och wann d’Gefoor natiirlech wesentlech méi réel ass wéi mat der Vullegripp, op engem extrem nidderegen Level allerdengs)

Categories: Luxembourg, Wëssenschaft
  1. johnny
    February 27, 2008 at 9:02 am

    Bass De wuel roueg! Merck huet joerelang un deem Impfstoff ‘geforscht’, dofir as deen och sou deier. An se sinn amgaangen d’Krankekeessen z’iwwerzeegen, d’Käschten ze iwwerhuelen an sech domadder en agreabel onkomplizéiert Akommes ze secheren. Wat ennerstees Du Dech do mat Verlhältnisméissegkeet z’argumentéiren!

  2. Checo
    February 27, 2008 at 9:13 am

    Dass do eng disproportionéiert mesure finanzéiert gett ass net falsch. De Marketing vun Sanofi Pasteur fir dat ganz als Impfung géint de Kriebs ze verkaafen huet gutt geklappt, dobai ass et just e Schutz firun HPV, e Virus vun deem verschidden Typen fir Waarzen verantwortlech sin, an aanerer un der Entwecklung vun Gebaermutterhalskriebs _bedeelegt_sin.
    Bon, d’Leit si frou e mettel géint eng Krankheet ze hun déi an der westlecher Welt quasi inexistent ass. Waat da lo d’Wierkung ass bleiwt niewesächlech, haaptsaach gudde Karma, an d’gyneco-lobby-aarbecht suergt dofir dass d’Krankekeesen et finanzéiren.

    An dann hu mer nach naischt zu der Kontrovers iwwert déi Impf-Risiken gesot : http://www.zentrum-der-gesundheit.de/hpv-impfung-ia.html

  3. February 27, 2008 at 9:32 am

    Wéi kann dann e Gesondheetsminister sou eppes ennerstëtzen? E kann jo net komplett blann sinn oder? Oder ass et just fir, dass an 20 Joer net die eng oder aner Fra him kann e Reproche man?

  4. February 27, 2008 at 12:31 pm

    Alt erëm eng kéier: Pharma rules the world. Kuckt emol hei wéi eng Branche op Nr. 2 an der Weltwirtschaft ass. An dat kënnt net vun ongeféier. Dat ASS e Geschäft mat der Angscht, genau wéi op der 1. Plaz vun där Chart. Mä fir déi verantwortlech Nutzniesser ass et eben virun allem e GESCHÄFT.

    An de Gesondheetsminister ass och just e lëtzebuergesche Politiker. Mä et kinnt een sech wierklech mol Gedanke maachen wien d’Beroder vun eise Ministere sinn a wéi eng Lobby’en Afloss op déi Leit hunn a firwat dat esou ass!

    PS: wou hues du déi Foto do hier, gëtt et déi och méi grouss?

  5. February 27, 2008 at 12:39 pm

    georges:

    kuck emol hei: http://www.ucm.lu/ ?

    ästhetesch ass d’Reklamm jo mol …

    Jo, der Pharma- an der Rüstungsindustrie geet et och net besser, wéi deenen aneren Industrien: sie erfannen die ganzen Zäit nei Saachen an déi musse verkaaf ginn, op dat emmer Sënn mëcht oder efficace ass, ass eng Niewesaach (cf Vullegripp) ..

  6. urbanrunoff
    February 27, 2008 at 5:28 pm

    Yup d’pharma industry hellt esi schein op d’rees.
    dat bescht ass dat 90% doctoren complett “oblivious” doriwer ass.

    eng frendin vun mir huet desen film produceiert
    http://www.sideeffectsthemovie.com/

    comedie dei sech an der pharama. wellt ofspillt

    kent geschwenn op dvd

    hehehe een klengen spam vun mier 🙂

  7. February 27, 2008 at 5:31 pm

    fir esou Saachen ze spammen ass ok😉

  8. February 27, 2008 at 5:31 pm

    Also ech muss mech awer lo och zu Wuert mellen. Vue datt ech denken ech emol e bessi méi wessenschaftlechen Raisonnement mat kann eran brengen. Als éischt emol: Wou hutt dir är Informatiounen hier? Aus wëssenschaftlechen Publikatiounen? Oder vun dubiéisen Internetsäiten déi vun Impfgéigner gesponsert gin? Sich emol op Google an da frees de dech wats de éischter fens? Déi AntiImpfkompagnen gin imens schlau fier, si kommen ursprünglech aus den USA aus reliéisen Kreeser a verbreeden sech iwert d^Welt. Si hun grouss finanizell Ressourcen an nähren sech un der Onwessenheet vun der Allgemengheet, d’selwecht wéi den Kreationismus. Virun kuerzem sin déi Impfgéigner (si tarnen sech awer meeschtens enert anren titelen) an England an der Chamber souguer geheiert gin, als sougenannten medezinesch Experten. Duerch sou Aktiounen kommen dnn natiirlech vill falsch Informatiounen un d’Luucht, an des gin ongefiltert well sensationell vun der Press verbreed.
    Zweetens wees ech net weivill Ahnung elo all Mensch an deser Diskussioun vun Epidemiologie huet. Ech gin iech emol puer Fakten:
    -All Joers gin 33’000 nei Fäll vum Cervizkarzinom entdeck an Europa
    -All Joers stierwen 15’000 Fraen an Europa dorunner. Dest ass op 2ter Platz vu Kribsfäll bei Fraen no Broschtkriips
    -Den traitement (well heeschen d’Liewen vun de Patienten em e puer Méint verlängeren) fir Europa an Amerika zesummen kaschten 1.5 Milliarden € pro Joer, dat sin zirka 15’000€ pro Patient, opwuel nemmen en klengen Deel op den Traitement usprëcht. Ech wees net op der wësst wéi Chimio etc sech op Patienten auswierken, mee gleeft mer, et ass naischt angenehmes dorun.
    -Cerix Carzinom get an Ronn 70% vun de Fäll vun HPV type16 an type18 veruersacht
    -Géint des Formen get et zwee Impfstoffen, Gardasil (SAnofi) an Cervarix (Glaxo).
    -D’Entwecklung vun esou engem Impfstoff kascht 1-2 Milliarden, ier een iergente Su domat mecht. Dest sprengt Fuerschungsbudget vun all Land oder Communoteit, dofier machen Farmaunternehmen dat, dest ass ganz natierlech an loosst mer iech soen datt et ökonomesch och net anescht machbar wier. mam beschten Wëllen, an deen hun ech secherlech!

    Ech hoffen ech hun e puer Punkten eriwerbruecht. Fir Linken zu den Originalpublikatiounen schreift mer e Mail. A w.e.g. gleeft net alles wat se op RTL oder an iergentenger Gratiszeitung liest.

  9. Chris
    February 27, 2008 at 5:48 pm

    De Charel ass e gudde Jong. Nodeem ech eng hallef Stonn iwwerluecht hunn, wat ech heizou soe kéint, kënnt heen a seet et mat souvill Iwwerzeegung an Informatioun, déi ech mangels Wëssens net hikritt hätt.

    D’Fro ass jo: 2-3 Frae stierwen drun, nach méi erkranken drun. A mir solle lo 6 Milliounen € (wat sou fern ech mech net verrechent hunn 0,02% vun eisem PIB ass), net äusginn fir d’Leiden vu Leit eventuell ze verhënneren? de Käschtepunkt, deen de Charel usprëcht ass do sécherlech net oninteressant och ze bemierken.

  10. February 27, 2008 at 6:00 pm

    De Problem ass datt mir net gewinnt sin a sou Gréisstenuerdnungen ze denken. Jo 6Mio sin vill Suen. Ma huet een eng Ahnung wéi e Budget vun engem Land wei eisem ausgesäit? Ech hu just eng Ahnung, mee ech wees datt do vill Suen an aner Sachen fléissen. Mir sollen verdammt stolz sin, datt et eis méiglech ass, souvill Suen an de Gesondheetssystem ze stiechen. Aner Länner hun déi Chance net. Eng Impfkampagne ass bal onméiglech op een eenzelt Land ze reduzeiren. Dest läit u Gréisstenuerdungen. Wéivill kaschten eis Impfungen geint Mumps, Polio, hepatitis etc…? Ech wees et net… Mee ech kann iech soen datt dest keng Krankheeten sin wou vill Leit dru stierwen. Op localem Plang. Wann awer all Land esou local denkt, dann hu mir abemol a grousse Problem wann eng nei Infektiounswell iwerschwappt.
    Gleewt mer w.e.g dass dest keng Konspiratiounstheorie vun iergentengem béisen Pharmaunternehmen ass. Dest sin Tatsachen. Dest ass Medezin an Epidemiologie, an Expert’en op deem Gebidd sin sech eenz. Ech si bei weitem kee expert, mee ech wees wei sou Sachen funktionéiren. An ech verstin virwat hier Argumenter begrennt sin. Dest ass fir de grand Public net emmer de Fall, wat imens schued ass a vill onetzlechen Messtrauen steft

  11. Chris
    February 27, 2008 at 6:06 pm

    De Charel ass net nëmmen e gudde Jong, de Charel ass en immense Jong.🙂

  12. February 27, 2008 at 6:17 pm

    Ech fannen d’Fro ass op een mat 6 Millioune net aner, méi drëngend Krankheeten bekämpfen kéint, wéi eng wou am Joer ‘just’ 2 bis 3 Läit stierwen? En plus gët duerch sou en Kampagne lo eng Zort Panik ausgeléist. Als op all déi die sëch lo net impfen geloss hätten (well et keen Impfstoff gouff) lo zum Doud verurteelt wieren …

    Wann déi Läit 2 Milliounen wärt sinn, setzen mer dann och op aneren Plaazen 2 Milliounen pro Doudegen an fir déi Krankheeten ze bekämpfen an déi Doudeg ze vehënneren?

    Mir kënt dat hei awer fir wéi en Geschäft mat der Angscht, à la Vullegripp. Lo wou et en eventuellen Schutz gët, wëll natiirlech och jidereen deen (ass iwwerhaapt gewosst, wéi d’Langzäitniewewierkungen vun deem Medikament sinn?) an dat ass jo och verständlëch, well et wëll jo keen henno sengem Kand oder sou soen: Ah jo, hätt ech dëch impfe gelooss!

    An ech hunn och näischt géint d’Impfen usech, wann et a. eppes brëngt an b. keng Niewewierkungen huet resp. d’Niewenwierkungen proportionell zu der Probabilitéit die jeweileg Krankheet iwwerhaapt ze kréie raisonabel sinn.

    Ech hunn och héieren, dass die Viren, déi fir den Gebärmutterhalskriebs do zoustänneg wieren, extrem séier giffen mutéieren an séch veränneren. Stëmmt dat? Dat gifft d’Impfungen jo och nees manner efficace man oder net?

    Nujee, wéi och emmer. Trotzdem bleift e schalen Goût zeréck, wéi och deen komplett iwwerdriwwenen Theater mat der Vullgripp gewiesen huet, wou awer Staaten masseweis sech mat engem Medikament agedeckt hunn, obwuel den Risiko minimist woer! Mee bon, irgendeen muss jo die Saachen kafen, déi entwëckelt ginn … an soulaang de Risiko net bei 0,0% läit geet een jo léiwer op Nummer sëcher …

  13. February 27, 2008 at 6:40 pm

    Also 6 Mio an en Impfstoff ze investeiren ass besser wei an Fuerschung un iergenteps wat villeicht emol iergentwann iergentengem helleft. E Produkt ass emmer mei belleg wei den R&D dofir. Doweinst ass et logesch an dowert et ze man. Et ass falsch an irreführend, dei Suen pro Kapp ofzerechnen. Dest ass well déi Leit fir eng laang Zäit geschützt sin, an d’Käschten nemmen eemoleg sin pro Patient. Ausserdem ass bei Impfungen emmer den synergisteschen Effekt präsent, dh datt wat mei Leit geimpft sin, wat et emmer manner Leit (dei net geimpft sin) iwerdroen. Et gin Risikorechnungen an des sin och an desem Fall gemach gin (a si rechnen sech). Huel Tollwut zb. Et gin nemmen ganz wéineg Leit geimpft, opwuel d’Krankheet an 100% vun de Fäll déitlech ass. Virwat? Well d’Chance sech unzestiechen mei kleng ass wéi de Risiko vun der Impfung multiplizeiert mat de Käschten. Et gi komplex mathematesch Modeller heifier, wann een intresseiert ass kann ech se nosichen. Bei Impfungen gin et iwregens keng Langzeitbeschwerden wei bei engem Medikament. Entweder de Patient verdréit et direkt an ass geschützt, oder en mecht eng Raktioun drop. Dat mecht Impfungen sou secher.
    Et ass wouer datt Viren seier muteiren. Dofier get et keen eemolegen Impfstoff géint de Schnapp an d’Gripp. Dest sin awer Krankheeten, dei anescht funktionéiren. Bei engem Impfstoff get no engem Deel vum Virus/Batkerium gekuckt, deen esou wichteg fir d’Iwerliewen vun desem ass, datt en et net kann muteiren. Dest ass eng ganz schwéier Sach, a gelengt nemmen a weinegen Fäll. Den HPV muteiert wei all virus schnell, mee net an deenen Deeler geint dei geimpft gin. Dat well net heeschen datt et nie wert en resistenten Strain gin, mee weinst sou Sachen get jo och flaisseg an den Pharmaunternehmen gefuerscht an weiderentweckelt.
    Ech geif ganz gären op Vullegrip agoen, mee dat sprengt elo de Kader (ausserdem muss ech weiderschaffen). Ech kucken awer doriwer en informativen Post demnächst ze schreiwen, well ech verstin däi Gedanken dobäi voll a ganz, mee en ass trotzdem falsch. Ech hoffen ausserdem elo datt keen sech hei perséinlech attackeiert fillt, an ech hoffen och datt dat wat ech schreiwen net iwerhieflech wierkt.

  14. February 28, 2008 at 9:45 pm

    Ech muss soen, dësen Post hei ass e perfekt Beispill fier eng iwwerschnell, aggressiv Reaktioun, déi relativ ongerechtfertegt negativ ass op eppes, well een falsch oder nët gudd informéiert ass, wéi de Charles gewisen huet.

    Trotzdem: soll dech net ugräifen Grommel, dat passéiert jidderengem eng Kéier giff ech soen … !

    Trotzdem nach eppes: du hues dech well oft gefrot, ob di Suen nët hätten an eppes anres, “méi wichteges” sollen investéiert ginn. Mais wat ass da mi wichteg? Wat hätt méi wäert gehat? Ech kann et nët soen. Mais ech hun nach e gewëssenen Niveau u Vertrauen (ob et lo zevill oder zemann ass, doriwwer kann ee streiden), dat sech di Leit déi d’Entscheedungsmuecht iwwer sou Mossnahmen hunn, sech déi Fro och gestallt hun. An op der anrer Säit kann een sech mengen ech op sou engem kriddelegen Gebidd wéi der Pharmaindustrie och eben net auswielen wat een grad brauch. Wann en neit Medikament / Impfung erfonnt gëtt, dann soll een déi menger Meenung no och notzen, an nët di Suen spueren well et evtl kinnt sinn dat an 2 Joër emg Impfung géint d’Krankheet X fonnt gëtt an eis dann di Suen fehlen. Fier Gesondheet dierfen ni ze mann Suen do sinn, do sin ech relativ radikal. Natierlech soll dat net heeschen dat lo hysteresch alles drop lass kaaft soll ginn, an dat ass jo och a mengen Aen net de Fall.

    Oft gëtt Geldgier (och an dësem Blog, méi oder manner subtil) ugeprangert, woumat ech och d’accord sinn. Dat e Mënsch am Fong an Zuelen ënnergeet, dat deen Eenzelnen an der Mass verschwend, an soubal en fier d’Gesellschaft näischt méi wäert ass hänke gelooss gëtt. An lo gëtt mol eng Kéier eppes gewalteg finanzéiert, wou eben “nëmmen” (fier déi betraffe Fraën a Famillen bleift et sëcherlech nët bei engem “nëmmen”) 3 Fraën hei am Land pro Joer betraff sinn, an da gëtt sech opgereegt dass d’Suen verschwend sinn?

  15. February 28, 2008 at 9:47 pm

    Ausserdem gouf ech grad vum Chris drop opmierksam gema, datt mer hei bis well ëmmer nëmmen iwwert déi Frae geschwat hunn, déi dru stierwen. Mais wéivill erkranken der dann drun! An ville Fäll mussen déi Fraen vläit d’Gebärmudder rausoperéiert kréien, wat dat fier psychesch Folgen huet wëll ech net wëssen. Oder hei dem Chris säi Verglach: et ass wéi wanns de engem Mann giffs d’Eeër (wann ech dat hei mol sou dierf soen) ofschneiden, ech mengen da wier eis Männerronn hei nawell frou wann puer Suen investéiert ginn fier dat z’evitéiren.

  16. February 28, 2008 at 10:08 pm

    federico:

    Usech hunn ech natiirlech guer näischt dogéint, dass Läit gehollef gët oder Krankheeten eliminéiert ginn! Au contraire. Ech hunn vun Ufank un just gesot, dass ech dat hei onverhältnëssméisseg fannen. Op Sokrates.lu sot een, dass die Kampagne do 8% vun eisem Gesondheetsbudget verschlëngt! Ass dat net villäicht eng Grëtz iwwerdriwwen oder anescht ausgedréckt, firwat stiechen mer net an all méi oder manner rar Krankheeten souvill Suen?

    An wat mëch och irgendwéi stéiert ass, dass, well et deen Impfstoff (deen méi oder manner efficace ass) lo gët sëch och dann jidereen impfen léisst obwuel usech jo 99,9% vun de Fraen et net bräichten … et ass jo net grad eng Epidemie! Op der anerer Säit kann ech absolut verstoen, dass lo jidereen op Nummer Sécher wëll goen, sou sinn mer jo numol. Mee et ass awer an enger gewësser Hisicht e Geschäft mat der Angscht. Zwar manner wéi mat der Vullegripp, mee trotzdem.

    Wat de Verglach mat den Eer ugeet: Hodekriebs gët et jo. Gët an déi Präventioun och sou vill Suen gestach? Ok, do gët et keng Impfung dogéint, mee do kéint een jo bestëmmt och nach vill méi man?

    Mee nach eng Kéier, villäicht stéiert méch och einfach, dass mat der Irrationalitéit vum Ménsch fir ëmmer 100% Sécherheet ze hunn, Suen gemaach ginn. Och wann die meescht Läit schon 99% Sécherheet hunn. Deen zousätzlechen mini Prozentpunkt ass de Läit extrem vill wärt an dat wëssen die Firmen jo och. Duerfir ginn dann rar Krankheeten publik gemaach fir bëssen Angscht ze schüren.

    Nujee, de Stad bezillt jo an soulaang et keng Niewewierkungen ginn, dann soll jidereen séch impfe loosse. Mee wou leeft dat dropper hinaus? Dass mer eis henno op 100 potentiell, mee extrem rare Saachen impfe loossen? Op dat dem Kierper sou gudd doen wärt ass eng aner Saach …

    ps. Ech ginn keng Garantie, dass ech hei alles lo genau duerchgeduecht hunn, ech sinn midd😉

  17. March 1, 2008 at 12:03 am

    Ech bestreiden net, dass de Charel e gudde Jong ass, mä trotzdem sinn ech net mat sengem Standpunkt d’accord an ënnerstëtzen éischter dem Grommel säin, nämlech dass an dësem Fall Onverhältnisméissegkeet dat richtegt Wuert ass.

    Impfungen sinn e Geschäft mat der Angscht. Kee wëll un enger geféierlecher Krankheet stierwen, an deen eng Wonnerwaff dogéint ubitt, deem gëtt séier gegleewt, och wann – oder vläicht grad well et schwéier ass, ze verstoen, wéi dat Ganzt funktionéiert (Zitat vum Marie von Ebner-Eschenbach: “Wer nichts weiß, muss alles glauben”). Dass an de Kreeser vun den Impf-Géigner reliéis Fundamentalisten um Wierk sinn, mag z.D. stëmmen, mä dofir muss een se nach laang net all an en Dëppe geheien an als on-wëssenschaftlech ofstempelen. E Wëssenschaftler mat zweifelhafter moralescher Astellung zu senger Aarbecht ass a mengen Aen och net besser a stellt herno säi ganzt Wierken a Fro (cf. Louis Pasteur). A fir als Argumenter Zuelen a Statistiken unzeféieren déi di eege Positioun ënnersträichen, dat ass net ëmmer iwwerzeegend, vu que dass déi, déi di aner Positioun vertriede jo och mat aneren Zuelen a Statistike komme kënnen, déi déi ugefouert Zuelen relativéieren bzw. a Fro stellen (sou fannen ech z.B. 740.000 HIV-Infizéierter an West-/Zentraleuropa mat 22.000 nei Infizéirten Enn 2006 nawell och impressionant, wou di sougenannt ziviliséiert Welt dach wësse misst wéi si sech schützen a sech och d’Moyenen dozou gi kann).

    Leider schéngt et an eiser Gesellschaft esou ze sinn, dass een, soubal ee kritesch zum Thema Impfen agestallt ass, am beschte Fall als net-wëssenschaftlech, naiv oder ignorant, am schlechtesten als domm, geféierlech oder Unhänger vun enger Sekt ugesi gëtt. Och wann een net iwwert ee wëssenschaftleche Background an der Epidemiologie verfügt, sou si mer hei awer bei engem Thema bei deem d’Recht op Selbstbestëmmung net einfach ausgeklammert däerf ginn wéinst engem soi-disant ‘Intérêt général’ deen enger Santé publique eventuell direkt oder indirekt vun der Pharma-Industrie nogeluegt gëtt.

    Ëm wat geet et eigentlech bei den Impfungen? – Et fängt beim klengen, am Idealfall gesonden, neigebuerene Kand un. Ass meng Generatioun nach géint héchstens eng hallef Dosen schro Kannerkrankheete geimpft ginn, sou huet een haut – Häerz wat begiers de – eng ganz Batterie vun Impfstoffen zur Verfügung, déi de Puppelcher am Alter vun e puer Wochen agesprëtzt ginn – ouni dass si sech dogéint wiere kënnen. Meeschtens sinn d’Impfstoffer regroupéiert als Kombinatioun, well wie pickt scho gären en onschëllege Bébé e puermol? D’Entscheedung läit op jidde Fall bei den Elteren, dat klengt Kand ka se net huelen, an déi déi sech Froe stellen doriwwer, deene fält déi Entscheedung alles anescht wéi einfach, notamment wann op eemol d’Fro heescht firwat Elteren dem fragilen, gesonden Organismus vun hirem Kand friem Stoffer asprëtze loosse sollen, fir Krankheeten ze verhënneren, wou si guer net wëssen ob hiert Kand jee mat den entspriechenden Erreger a Kontakt kënnt, an Niewewierkungen zwar vläicht just seelen virkommen, mä dofir awer net ganz ausgeschloss kënne ginn.

    A wann d’Kanner dann erwuesse gi sinn a selwer mat Kanner, alen oder kranke Leit ze dinn hunn, da gëtt rëm kräfteg d’Werbetrommel geréiert an der Grippezäit fir dass d’Leit net op eemol mengen, si wiere jo souwisou als Kanner géint Allméigleches geimpft ginn an da wieren se lo roueg. Firwat sinn eigentlech grad sozioedukativ a medizinesch Beruffer sou viséiert? Ass dat vläicht fir een Haapt-Argument pro Impfen oprecht ze erhalen: Wann een net geimpft ass, ass een e Risikofaktor an der Gesellschaft, well een eventuell ustiechend ka ginn.

    Et kéint vum reng wirtschaftleche Standpunkt aus gesinn dach och sinn, dass di ‘klassesch’ Impfungen an d’Grippe-Impfung der Pharma-Industrie vläicht net méi duerginn, d’Vullegripp ass momentan jo och keen Thema méi, sou dass et scho Sënn mécht, aner Mäert ze sichen (respektiv ze schafen). Et kann natierlech och sinn, dass et e glécklechen Zoufall ass, dass en neie Vaccin grad eng bestëmmten Zilgrupp wéi lo hei di jonk Meedecher usprécht, mä wie kann oder wëll an esou Firmen scho soen, ob d’Comptabelen oder d’Chercheuren d’Marschrichtung virginn? Di nei Impfstoffer sinn net bëlleg, a wann e ganzt Land géif den neien Impfstoff der Bevölkerung gratis zur Verfügung stellen, dann ass sou eng Campagne fir eng Firma nieft dem Ëmsaz natierlech och nach eng gutt Reklamm. Wann dat Land dann nach en Zwergstaat ass, da sinn zousätzlech dozou d’Risiken duerch eventuell Niewewierkungen fir d’Firma zimlech gering.

    Déi viséiert Bevölkerungsschicht si bei dëser Campagne di jonk Meedecher. Et kann ee sech allerdéngs froe wéivill vun deenen déi lo dovu profitéieren d’Bedingungen fir di effikassten Conditiounen um medizinesche Plang och erfëllen (virum éischte Geschlechtsverkéier 3 Injectiounen innerhalb vu 6 Méint). Grad an der Pubertéit wou di Jonk mat sou vill Verännerungen ze kämpfen hunn, d’Sexualitéit souwisou schonn vun (wahrscheinlech vill méi präsente) Gefore wéi Aids beaflosst gëtt, kënnt lo nach dat doten dobäi. Wann ee sech mol ukuckt wéivill Mannerjähreger schwanger ginn, mat all de Konsequenzen déi dat mat sech bréngt, spéitstens dann stellt sech rëm d’Fro vun der Verhältnisméissegkeet vun de Moyenen déi agesat ginn fir de jonke Leit ze hëllefen, eng gesond Sexualitéit ze entwéckelen. Fir et mol iwwerspëtzt auszedrécken: Ass e Message vun der Zort “Fir d’éischt ginn d’Meedecher während 6 Méint geimpft, da si se réischt prett fir gesond heterosexuell Aktivitéiten” dee richtegen Einstieg an dësen Thema? Wier Sexualpädagogie net och e puer Prozent vun engem Gesondheetsbudget wäert, nom Motto ‘mieux vaut prévenir que guérir’?

  18. March 1, 2008 at 12:03 pm

    Zwou Froen:
    1)Ech haat gemengt, haut geif deelweis esouguer manner geimpft gin, well verschidden Krankheeten (bei eis) quasi “ausgerott” sin. Net zulescht duerch d’Impfen.

    2) Main gesamt medizinescht Wessen staamt aus “Dr. House”. Okay, an och e bessi aus engem äusserst lausegen Santés-Cours. Mee ass HPV net fir méi Krankheeten verantwortlech? An wier et an dem Senn net derwärt, sech dogeint ze impfen?

    Wéi gesoot, daat sin alles Froen, an mir ass d’Pharmaindustrie och net esou symphatesch.

  19. Jilibean
    March 4, 2008 at 12:40 pm

    Salut,
    Hei dann meng kleng bescheeden Meenung dozou:

    Ech well hanno net kannerlos do stoen ouni Gebärmutter an Eerstäck, just well net 100% secher as dass d’Impfung wierkt oder net. Wann et eng Chance get et net ze kréien dann notzen ech déi och.
    Wann et eng Impfung géint Broschtkriibs giff gin, giff ech och der Rei stoen se ze kréien..
    An déi Ausso dass “nemmen 2 bis 3 Fraen” dorun stierwen… secher get et nach vill méi schlemm Krankheeten ob der Welt déi sollen bekämpft gin, mais wiesou net hei ufänken? Wann et eppes hegéinst get, majo gudd!
    Pharmaziips hin oder hier, mat eppes verdengen se sech emmer eng gellen Nues, mais wann mir daat am Endeffekt helleft, as mer daat och egal.

    iergendwann am Alter stierwen ech, wann ech den Kriibs dann net haat, sin ech dach dankbar! Op daat lo winnst Medikament war, oder well ech en sou oder sou net kritt hätt. Mengen daat as mer awer zimlech Wurscht, haaptsaach gesond.

  20. March 5, 2008 at 4:02 pm

    Dat ënnerschreiwen ech, och als Typ.

  1. March 2, 2008 at 5:35 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: