Home > Politik > De Messias.

De Messias.

2306604844_f46fd38baf.jpg

Den Spiegel huet dat Thema jo schon opgegraff.

Lo gët et och nach en Blog, deen sech mat der selwechter Thematik (natiirlech liicht ironesch) befaasst: Is Obama the Messiah?

Ech kann die Attraktivitéit vun enger Messiasfigur schon verstoen. Ween wéilt net een, deen ‘alles nees gudd mëcht’ (obwuel dat och mol schief ausgoen kann, cf den Nazi-Messias)? Den Obama ass mir och ferme sympatesch, allerdengs kennen ech net genuch vu sengen politeschen Ideen am Detail fir wirklech kënnen zu jugéieren, wéi kompetent hien ass. Mee mam Hillary an mam McCain kann en jo sécher mathalen. An bëssen Change wier en effet gudd. Ech hoffe just hien huet keng farfelu religéis Virstellungen, déi en mengt missen mat eranzebrengen …

Hei och nach en Video (si net sécher, wat ech vun em halen soll):

(via)

Categories: Politik
  1. urbanrunoff
    March 8, 2008 at 5:00 pm

    ok dat heiten ass eppes viir mech.
    ech liewen seit 14 joer an den usa an hun och kanner hei doviir ass mier schon wichteg ween dess electionen wennt.
    Den obama hun ech virun engem joer nach zee paafeg, schmalzeg an glaat font. Mee metlerweilen sin ech och een obama supporter. Den obama wear einfach een genialt symbol.
    Een groussen “change” par rapport zum bush. Hien ass jonk, een second generation immigrant an intelligent. En plus kennt hien net aus der grousser politescher machine.
    Am fong ass sein politeschen agenda jo een bessen scheiss egal. Politiker sin esou offhengech vun hieren financiellen sponsoren dat just gernerel direction vun engem candiate wichteg ass. An do ass hillary oder obama d’sellwecht.
    Waat awer wichteg ass ass dat republicaner net eng majoriteit vun “supreme court judges ” kerein. Well den nexten predident wiellt erem judges(an dei sin lifetime).

    Mee als symbol ass den obama schon den messiah. Eng representation vun deem aaneren amerika den mix vun kulturen an hautfuewen deen et soss neierens op der wellt get.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: