Home > Film > There was an Enttäuschung again.

There was an Enttäuschung again.

Villäicht sinn ech net méi normal, mee ech verstinn d’Kinoswelt net méi. Nom ‘No country for old men’, deen menger Meenung no komplett iwwer-hyped woer, sinn ech och vum ‘There will be blood’ ferme enttäuscht.

Ok, den Daniel Day-Lewis ass e brillianten Acteur, die eischt Stonn vum Film ass gudd (jo, d’Liewen woer haart deemools) an huett impressionnant Biller. Mee duerno? Gaaaaaaps 3000. Null Dramatik, Story huet gesuckt.

**** SPOILER WARNUNG ****

An och de Schluss: null Emotiounen. Wouduerch och? Hien erschéisst säin Net-Hallefbrudder. Ok. An? Hien verstéisst säin Adoptivfils. Ok. An? Hien erschléit den geckegen Paf? Ok. An? Dat eenzegt cool woer, dass hien en Büffelkapp an sengem Gang vun sengem Haus als Zielscheif opgebaut hat.

Ech hat mer definitiv méi erwaard. Méi Leidenschaft, méi Wahnsinn, méi Häerzblutt.

Verstinn die aner Luefgesäng net.

5/10.

Categories: Film
  1. Chris
    March 8, 2008 at 2:03 pm

    Wann s de et aus engem reng narrative Standpunkt betruechts, huet There Will Be Blood wierklech net vill ze zielen. Da verstinn ech, dass der eppes, wéi 3:10 to Yuma besser gefällt – deen ech op der anerer Säit rem fuerchtbar langweileg fonnt hunn.

  2. March 8, 2008 at 2:07 pm

    Stëmmt. Deen hunn ech besser fonnt. An deen hat och schéi Biller.

    Mee eng schéin Cinématographie alleng mëcht nach keen gudden, a schon guer net, spannenden Film. Dat ass mer leider dëslescht ëmmer rem opgefall.

    An d’Geschicht, d’Narratioun, misst dach dat wichtegst sinn, oder? Och wann natiirlech eng gudd Geschicht AN eng gudd Cinematographie quasi d’Perfektioun sinn!

    Wanns de zougëss, dass den Blood net vill ze erzielen huet, wat huet dech dann sou faszinéiert, dass den Film dech net och op eemol gelangweilt huet?

  3. Chris
    March 8, 2008 at 2:40 pm

    De Film huet net vill Story, mee en huet awer vill ze zielen. Hu mech do schlecht ausgedréckt.

    Et geet em den zentral Personnage, deen erfuerscht gëtt, wat mech faszinéiert huet. Alles leeft ronderëm heen, a säin Opstig ass op der enger Säit bewonnernswert an op der anerer grausam. Den Daniel Day-Lewis kreéiert einfach e Personnage vu souenger onwarscheinlecher Kraaft – et ass wéi wann en Orkan géif iwwer d’Leinwand fegen. An dat alles mat der Hëllef vun dem Anderson sénge Wierder, dem Elswit sénger Kameraféirung, vum Dylan Tichenor, deen de Film brillant schneid (Vergiess mer de Schnëtt net, deen ass extrem wichteg! Ouni deen geet guer näicht filmesch gesinn, dat ass mat dat wichtegst Element.), de Kostümer an der Art Direction, déi sou subtil, mee awer markant den Opstig matduerstellen an net ze vergiessen dem Jonny Greenwood séng faszinant Musék. Wann s de dat alles zesummen ziels, dann hues de e brillante Film.

    E Film, deen och wann den Paul Thomas Anderson et net zougëtt, vill méi bedeit. E sezéiert den amerikaneschen Dram. E späizt den Institutiounen, déi Amerika opgebaut hunn, an d’Gesiicht. Amerika ass Gäiz an Glawen – a béid komme se säuschlecht weg.

    An dat fannen ech immens, ech hu mech keng Sekonn gelangweilt, well de Film déi zwee antagonistesch Personnagen vum Daniel Plainview a vum Eli Sunday absolut brillant duerstellt an hinnen de Räum gëtt hire Wansinn ausreechend ze erfuerschen an an däer genialer läschter Szen nach emol eng läschte Kéier openeen treffe léisst.

    (PS: Setz léiwer eng Spoiler Warnung an d’Kritik. Du verréids de Schluss, an d’Leit sollen en dach selwer erfuersche kënnen.🙂 )

  4. March 8, 2008 at 3:04 pm

    Ech sinn mat villem d’accord: d’Schauspiller sinn gudd bis brilliant, d’Kameraféierung, de Schnëtt, Kostümer, etc och. D’Musek, naja, ass villäicht Affaire de goût. D’Kritik suwuel un den Suen, wéi der Religioun sinn och ganz ok.

    Mee trotzdem woer de Film iwwer Längten einfach langweileg an um Schluss onbefriddegend. Genau wéi den Old Men. Mee villäicht ass dat och nees Affaire de goût. Ech well awer net just eppes wat gudd ausgesäit, et soll mech och matrappen, firwetzeg man, involvéieren, …

  5. Chris
    March 8, 2008 at 3:18 pm

    Jo ok, dat ass da wuel einfach eng Saach vu perséinleche Preferenzen. Mech huet de Film matgerappy, etc. Ech ka mech mat villen Zorte vu Filmer ameséiren, sief et e Paul Thomas Anderson, e Woody Allen, e Scorsese, e Bergman, Fellini oder en Judd Apatow. Do si Saachen dobäi, déi storygedriwwe sinn, an anerer si méi “abstrakt”. Et muss een et halt gäer hunn.

  6. March 8, 2008 at 4:18 pm

    Jo, et wäert wuel nees op les goûts et les couleurs erauslafen😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: