Home > Gesellschaft, Religion/Philosophy > Moralesch? (1)

Moralesch? (1)

Villäicht den Ufank vun enger Serie vu klenge Froen an deem Genre …

What is the morally right thing to do in the following case? Be sure to discuss your reasons and possible alternative solutions to the one that you propose. Is what you would ‘actually’ do different from what you ‘should’ do? If so, why?

A rich man and a poor man commit the same type of crime. The rich man is fined $10,000 while the poor man is sent to jail for one year. Is this fair?

Falls een interesséiert ass, kann en an den Comments äntweren.

  1. March 14, 2008 at 1:51 pm

    Ech giff soen et wier net fair, well dat heeschen giff, dass een Joër vun deem Armen sengem Liewen ‘nemmen’ 10.000 Dollar wäert wier.

    En plus sinn die 10.000 fir e ‘Räichen’ net onbedengt vill. Fair wier et éischter, wann se allen zwee fir e Joër missten an de Prisong kommen (cf Punkteführerschein). Allerdengs schéngt e Joër zevill, fir eppes wat nëmmen 10.000 Dollar kascht.

    Op der anerer Säit muss den Aarmen och bestrooft ginn, an wann e keng suen huet, dann muss en halt mat Liewenszäit bezuelen … D’Fro wäert wuel schlussendlech sinn op dat Joër der ‘Valeur’ vum Crime entsprecht?

  2. Chris
    March 14, 2008 at 6:29 pm

    D’Fro ass net spezifesch genug, fir dass ee wierklech drop äntwerte kéint.

  3. March 14, 2008 at 6:36 pm

    Ech gin dem Chris Recht: 10.000 kennen en “raichen” Mann nämlech och schnell aarm maachen. An demno wéi aarm en ass, huet en am Prisong vlaischt nach méi Luxus wéi soss.

  4. March 14, 2008 at 8:46 pm

    Also no menger definitioun vu räich maachen 10.000 $ net vill aus. Well räich heescht jo awer wierklech genuch Goss ze hunn. Engem “gudd situéierten” kënnen 10.000 $ awer scho vill aus maachen. A wann ech misst souvill bezuelen, naja dann …😉

    Deen zweeten Punkt deens du (Fireball) ugeschwat hues ass awer effektiv wouer. Et gi wierklech Leit déi Strofdoten beginn, nëmmen fier an e Prisong an sou och an e geregelten Dagesoflaf ze kommen. Dat geet awer och nët ëmmer gudd aus, well am Prisong sin d’Verhältniser vu Land zu Land a vun Institutioun zu Institutioun och extrem verschidden. An och ass et mat de Matgefaangenen wuel och nët ëmmer sou einfach. D’Geschichten ronderëm d’Gemeinschaftsduschen sinn wuel nët erfonnt, och wann ech domat net wëll soen dass et d’Regel ass. Wat ech wëll soen ass, dat d’Idee vu méi “Luxus” duech eng Prisongsstrof nët ëmmer garantéiert ass.

    A propos nët spezifesch genuch … ech fannen zwar et geet schon duer fier grondsätzlech iwwer d’Fro ze diskutéiren, ob dann Armer éischter an de Prisong gestach solle ginn, während Räicher et ausbezuele kënnen. Do fannen ech Detailer, zB iwwer d’Strofdot selwer, net sou wichteg, och wann d’Debatt nach méi déifgrënneg kinnt ginn, wann een alles géing wëssen.

    Spontan hätt ech nom éischte Liesen geduecht, dass et am Fong opmannst fier den Armen fair ass, “einfach e Joër agespaart ze ginn”, an nët an e finanziellen Däiwelskrees ze geroden, aus deem e wuel ni méi rauskënnt. Op der anrer Säit fannen ech et intressant et vum Grommel sengem point de vue ze kucken, andeems een da seet, dass 1 Joër vun engem Mënsch 10.000 $ wäert sinn … doduech sinn ech mer dann och rëm onsëcher ginn.

    Dofier kann ech lo net direkt soen ob ech et fair oder onfair fannen, ech mengen do muss een eng Kéier méi laang driwwer nodenken.

  5. March 15, 2008 at 9:01 am

    Chris & Fireball: Ben, hänkt natiirlech dovunner of, wéi een ‘räich’ definéiert, mee ech mengen et ass relativ offensichtlech, dass fir en wirklech Räichen 10.000 Dollar net vill sinn resp. hien sécher net wärten ruinéieren.

    Fireball: D’Argument, dass ganz Aarmer giffen probéieren an de Bing ze kommen, well et do besser wier, wéi dobaussen ass natiirlech net ganz ouni Valeur, mee do ginn mer dann awer lo wirklech ganz pénibel an den Détail😉

    Ech ginn iech Recht, an dat woer mer vun Ufank ubewosst, dass een domadder giff kommen, d’Fro usech misst méi präzise sinn, fir méi effektiv ze sinn. Mee ech wollt mat eppes relativ Einfaches ufänken😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: