Home > Luxembourg > Letzebuerger Dommheet.

Letzebuerger Dommheet.

Ech woer lo grad mol rem am IKEA Arel an hu mëch gefrot, ewéi domm mir demools woren, wéi et em die Autorisatiounen gaangen ass? Huet wirklech een geduecht, dass d’Lëtzebuerger NET giffen an den IKEA akafen goen, just well en an der Belge wier an amplaz giffen se an die lëtzebuergesch Geschäfter lafen? Well dat woer jo d’Argument fir en net hei zu Lëtzebuerg ze bauen. Konkurrenz an sou … Wéi blann, naiv an domm woren déi Responsabel deemols? Um Parking stinn méi lëtzebuerger Autoen wéi belscher. Wann mer den IKEA op eisem Territoire hätten, dann giffe mer wéinstens Stéiersuen kréien, sou kréie mer guer näischt.

Gudd geschafft! Sou wäitsiichteg! A sou efficace.

Categories: Luxembourg
  1. March 15, 2008 at 8:27 pm

    Ehm … war dat nët éischter epps mam Naturschutz? Wees et awer och nët genau.

  2. March 15, 2008 at 10:04 pm

    Ech mengen de Naturschutz woer henno als Argument geholl ginn, well keen zouginn wollt, dass se d’Konkurrenz gefaart hunn. Natiirlech zu Recht, mee verhënnert konnt se jo souwiesou net ginn …

  3. urbanrunoff
    March 15, 2008 at 10:15 pm

    et ass eeben dei typech “not in my backyard” mentaliteit.
    wor et net selwecht mat “catenom”, “super dreckskescht”, etc?
    et geet den letz’er eeben esou gut viir dat se sech esou eng arroganz kennen erlaaben.

    zum gleck kennt pollution awer keng politesch grenzen.
    an wann mir beim noper knascht maachen dann brengt den wand eis daat zereck iwert grenz.

  4. March 15, 2008 at 10:23 pm

    Richteg, ech hätt och léiwer Cattenom hei am Land wéi zu, eh, Cattenom. Obwuel …😉

    Mee am Fall vum IKEA sinn mer wirklech blöd gewiecht, well mer eis Steierrevenuen laanscht d’Nues goen geloss hunn an d’Lëtzebuerger jo awer all dohinner akafen ginn.

  5. March 15, 2008 at 11:44 pm

    Den IKEA ass jo och emol net einfach an d’Ausland gaangen, si hunn fënnef Meter hannert der Grenz hiert Geschäft higesat.🙂 An sot jemols een, iergendeng Regierung an de leschte Joërzéngten hätt Verstand gehat?

  6. March 16, 2008 at 3:06 pm

    thierry: wuel seelen immens vill😉

  7. Jerolim Abbes
    March 27, 2008 at 4:16 pm

    wat hät dir dann gesoot,wann den Ikea oder den Auchan oder “Catenom” a.s.w. bei är Dir gebaut gin wär

  8. March 27, 2008 at 4:49 pm

    Jerolim: De Punkt woer, dass déi Saachen jo souwiesou gebaut ginn, meeschtens just e bëssen méi wäit op der anerer Säit vun der Grenz. Et ass also net, wéi wann een doduerch die Saachen, oder hier Répercussioune, lass wier …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: