Home > Gesellschaft, Politik, Sport > 1936 + 72 = ?

1936 + 72 = ?

D’Chinesen stählen (an quälen) hier Kanner jo schons vu Klengem un fir Olympasieger ze ginn, fir sou hier kulturell an physesch Iwwerleegenheet par rapport zum Rescht vun der Welt ze wéisen.

Ass dat vill anescht wéi dat, wat d’Nazien deemools gemaach hunn, resp. wollten man? Gebrauchen d’Chinesen d’Olympiad fir ähnlech Zwecker wéi an der Zäit Nazi-Däitschland?

Ginn et nach Länner, wou Kanner sou erbarmungslos zu Fitness-Maschinnen erzunn ginn? Ausser villäicht Russland?

Categories: Gesellschaft, Politik, Sport
  1. April 11, 2008 at 12:38 pm

    Ech wees zwar net ops de dat sou dierfs verallgemengeren. Ech kennen genuch Chinesen déi dëst genausou schwachsënneg haalen wéis du an ech. An sou engem groussen Land ass et normal datt genuch Sachen passéiren, déi fir eis onfierstellbar sin. Mee et wier wuel ähnlech fir e Chines ze behaapten datt mir Lëtzebuerger Barbaren sin well a Spuenien e puer Leit Stéierkämpf machen, wans de verstees wat ech mengen. Ech kennen déi Biller an di Berichter och vun deenens du schwätz, an se reegen mech genau sou op. Mee si stin sou wéineg fier China wéi d’Schéinheetsconcours’en fir Amerika. Auserdem huet et disziplinär bei eis a villen Schoulen virun puer Joerzengten net vill anescht ausgesin. Ech fannen dat get eis net d’Recht e ganzt Land dofir ze verurteelen.

  2. April 11, 2008 at 4:53 pm

    Jo, net all Chinese fënnt dat gudd (en plus giffen se wuel och Problemer kréien, wann se sech giffen kritesch äusseren), wéi och wahrscheinlech net all Däitschen deemools den Nazi-Regime gudd fonnt huet (obwuel deen jo demokratesch un d’Muecht komm ass).

    Mee die chinesesch Regierung, an déi vertrëtt numol hiert Land, resp. definéiert d’Erscheinungsbild vu China, ass awer och eng Diktatur an wëll sech och duerch Olympia an die erwaarten chinesesch Leeschtungen do profiléieren. An dat op Käschten vun deene Kanner, wat ech einfach nëmmen deguelasse fannen …

    An wéi gesot, ech sinn iwwerzeecht, dass et och gudd an opgeschlossen Chinesen ginn! Just hunn déi momentan net vill ze mellen.

    Oh, an Stéierkampf ass barbaresch.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: