President McCain.
D’Demokraten maachen jo wirklech nees alles, fir dass en Republikaner am Hierscht ërem US-Präsident gët. Dichteg, Kanner, ganz dichteg!
Advertisements
Categories: Politik
D’Demokraten maachen jo wirklech nees alles, fir dass en Republikaner am Hierscht ërem US-Präsident gët. Dichteg, Kanner, ganz dichteg!
Hunn ech eppes verpasst? Okay, d’Hilary huet de PA Primary gewonnen, mee nemmen mat 10% Virsprong. Den Obama ass nach emmer mat wäit iwwert 100 Delegéierten fir, an huet déi meeschte Staaten gewonnen.
Jo mee Thierry de Problem ass datt d’Demokraten sech virausichtlech nach bis August zerfleschen fir endlech een Kandidat ze hunn, während Republikaner lo schons souweit sinn.
E gudde Kommentar zur aktueller Lag:
http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,549066,00.html
steve: genau! an dat ass en Virdeel, deen ass net ze ennerschätzen …
De McCain selwer huet an der Letterman Show gesot, dass dat Quatsch wier, well déi meescht Amerikaner sech réicht am September/Oktober ufänken dofir z’intresséiren…
Wann d’Medien séch net sou eesäiteg op d’Säit vum Obama gehäit hätten, hätt d’Clinton scho laang gewonnen.
uh-oh
ok here we go:
wann den mc-cain gewielt get dann verbrennenen ech meng greencard!
an kommen zereck an europa.
ech wees nobody gives a shit about me , mee ech awer!
villeicht get et jo een richtegt movement… exodus vun den “intellectuelen” imigranten.
Pa: Eh? FOX News skandaliséiert den Obama permanent! An d’Clinton dierf net gewannen. Eng Demokratin déi Milliarde Gelder vun der Waffenindustrie, Tubaksindustrie, etc. kritt an en plus seet si hätt léiwer de McCain als President wéi den Obama, ass genausou schlëmm wéi den McCain selwer.
Thierry: FOX News ging ech net zu de normale Medien ziëlen, mee zur Satire. Ah pardon, di méngen dat eescht? Do kënnt jo awer wirklech just Propaganda.
D’Amerikaner wiele weder eng Fra nach en Afroamerikaner….
Dat kann leider gutt sinn!
ech mengen net dat RACE esou eng grouss roll spillt.
democraten hun elo 2 mol hannert eneen mat engem waissen manleschen candidat verluer.
den problem ass den 2 parteien system.
Et ass dach keen 2-Parteie System, et ginn och nach aner Parteien. Et gett, an dat maach muench Europäer schocken, jo souguer eng Green Party. D’Demokraten an d’Republikaner sinn just sou mächteg, dass déi aner Parteien guer keng Chance hunn. Et brauch ee jo schon een absolut lächerleche Betrag u Geld fir iwwerhapt als Presidenschaftskandidat consideréiert ze ginn…
thierry: richteg, an dat mat de Suen alleng mëcht dat Ganzt schon eng Farce …