Home > Politik, Wired world > Wäisse Punkt op der Landkaart.

Wäisse Punkt op der Landkaart.

Djö. Lo wollt ech grad eppes op Google Maps an Israel nokucken an hu missen feststellen, dass Israel zenséiert ass? Et ginn keng Stroossen ugewiesen. Wuel well se färten, dass Terroristen dat kéint ausnotzen? Mee kéinten Terroristen net och, eh, traditionell Landkaarten benotzen??

Himmel …

Categories: Politik, Wired world
  1. May 5, 2008 at 11:58 am

    Dann sollen se léiwer traditionell Landkaarten benotzen aplaatz dat Google Maps hinnen eng 19-Step Uweisung fier un den Zielort ze kommen mat Zäitberechnung, Benzinskäschten an individuellen Kaarten-Ausschnëtter zesummebastelt.

    Lo mol seriö: natierlech fannen di béis Jongen trotzdem de Wee. Mais Google Maps ass schon eng flott Saach fier mol no geheimen Militäranlagen, Lageren, Labo’en, Hafenanlagen & co ze sichen, an ass ëmmerhin dat séierst an einfachst ze fannend Satellitenbild-Material. Ob lo d’Zensur an deem Sënn gerechtfertegt ass oder nët, doriwwer kann een lo sëcherlech rëm Deeg laang streiden.

  2. Chris
    May 5, 2008 at 12:43 pm

    Ech mengen, du hues et net fonnt, well Israel guer net existéiert. *houscht*

  3. May 5, 2008 at 3:00 pm

    federico: mee misst een dann net präventiv alles zenséieren? wat wann d’Chinese kommen an soen, sie wéilten net op Google Maps sinn, well irgendwelch Separatisten oder Terroristen sie wëllen attackéieren? Oder d’Inder? Oder Birma? D’Pakistani? D’Iraker?

    Israel muss halt nees eng Kéier eng Ausnahm duerstellen. Mee dat läit hinne jo anscheinend am Blutt an suguer Gott hat dat erkannt😉

  4. May 5, 2008 at 9:35 pm

    Wouhier wells de wëssen ob Israel eng Ausnahm ass, an net och an deenen vun dir genannte Länner “eppes fehlt”? Och op de Fotoen vun den USA ass enorm vill zenséiert, do fehlen souguer ganz Grafiken, déi einfach duech greng / gro Këschten (wat grad besser an d’Ëmfeld vun der Plaatz passt) ersat goufen. Als spontant Beispill fällt mer zum Beispill Nevada an, do wou déi berühmt-berüchtegt Area51 soll sinn.

  5. May 6, 2008 at 7:12 am

    federico:

    natiirlech sinn och aner Plazen deelweis zenséiert, mee néirens ass et sou total wéi an Israel. oder hues du e Géigebeispill?

  6. May 6, 2008 at 7:48 pm

    Nee, mais ech froen mech wouruns de dat moosst ob eppes vill oder wéineg zenséiert ass. Natierlech sinn d’Stroossendaten fier all Google Map’ler wuel eng vun den wichtegsten Saachen, mais ass et nët méi Informatioun ewechgeholl wa Grafike fehlen? Wann een all di komesch gro a greng Këschten an den USA zesumeleet kritt een Israel wuel ganz gudd zougedeckt domat …

  7. May 6, 2008 at 7:55 pm

    Wéi wier et mat Prozenter?😉

    Ganz Israel zenséiert = ganz USA zenséiert …

  8. May 6, 2008 at 11:58 pm

    Dat ass och eng Méiglechkeet, allerdings giff et an menger grenzenloser Phantasie duergoen, wann ee Land een eenzegen super-duper-mega Krichs-Chimie-Waffen-Labo huet, an deen vun den USA wier prozentual jo och nët méi grouss wéi een an Israel, just well d’Land méi grouss ass. Ech denken wichteg ass wat an nët weivill vertuscht gëtt. An engem Land wéi Amerika hues de vill méi Fläch eppes ze verstoppen wéi an Israel, dofier ass Israel prozentual gesinn och méi zenséiert.

    Mais weiderhin soen ech och nach ëmmer, dass et fragwürdeg ass a wiefern dat gerechtfertegt ass, sief et lo a punkto Israel oder soss engem Land …

  9. May 7, 2008 at 8:29 am

    Israel ass TOTAL zenséiert. Dat ass, wat ech net ok fannen. Wann sie zb verschidde Stied net wëllen an all Detail wéisen, ok. Mee firwat dann net alles wéisen bis op e gewësse Zoom-Level? Dann kann een awer wéinstens eng Iwwersiicht ukucken an zb en Itinéraire novollzéien … An wat huet den Séi Genesareth ze verstoppen? Trëppelt do ëmmer nach een iwwert d’Waasser?😉

    Mee bon, Israel muss jo emmer eng Extraroll spillen …

  10. Chris
    May 7, 2008 at 9:02 pm

    Israel ass jo och dat eenzegt Land op der Welt, wat séng Feinden nach ëmmer virun der Haudier sëtzen huet… do musse se scho rem eng Extraroll spillen…

  11. May 7, 2008 at 9:12 pm

    Du mengs die Läit, déi deemools verdriwwen gouffen, wéi d’Europäer, déi nom 2. Weltkrich e schlecht Gëwessen haten, Israel dat Land ginn hunn?

    Richteg, déi sinn nach do. An och richteg, dass Gewalt keng Léisung ass.

    Mee trotzdem ass et idiotesch net opmanst en allegemengen Zoomlevel zouzeloossen, zumools vun net bewunntenem Gebitt. Mee do wäerten se jo dann wuel hieren Atomreaktor verstoppen …

    Firwat net einfach just an den Stied den präzisen Zoomlevel verbidden? Dat hei ass einfach ridicule. Zumools et jo och Stroossenkaarten ze kafen ginn!?

  12. Chris
    May 7, 2008 at 10:23 pm

    Grommel, et ass Politik.
    A Politik ass “einfach ridicule”.
    Acceptéier et.

  13. May 7, 2008 at 10:32 pm

    Also Grommel vläit bass du jo zum Staatsfeind oder sou erkläert ginn, mais ech gesin Israel ganz gudd bis op e bestëmmten Zoomlevel op Google Maps. Et sin eben just bal keng Stroossen verzeechend. Wanns de wëlls kann ech der och e Screenshot schecken fier deng Rees ze plangen😉

  14. Chris
  15. Chris
    May 7, 2008 at 10:34 pm

    Ups. Falsche Link, mee du fënns se scho selwer.🙂

  16. Chris
    May 7, 2008 at 10:53 pm

    Ku mol Argentinien… (Ech wees, ech kommentéiren zevill, mee ech si grad e bësse vill op Google Maps aktiv. Sorry.)

  17. May 8, 2008 at 7:15 am

    Eh, jo … de Satelliten-View funktionnéiert, mee et gi keng Nimm vun de Stied etc ungewiesen (vun de Stroossen net ze schwätzen, mee bon, dat kann een bei Jerusalem oder sou villäicht nach à la limite verstoen). Den Map-View ass ennert aller Sau. Nujee. Gët Schlëmmeres.

  18. May 8, 2008 at 7:18 am

    Bei Argentinien wäerten d’Aal-Nazien hier Fangeren mat am Spill hunn😉

    Et ginn fir eng Rëtsch südamerikanesch Länner och en effet keng Map-Views. Wat villäicht un deenen hierem techneschen Fortschrëtt läit? Mee déi Excuse huet Israel jo net. Mee bon, laang genuch dat hei thematiséiert.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: