Home > Luxembourg, Photographie > Fotoen drécken loossen?

Fotoen drécken loossen?

Mol eng Fro un iech:

Wou loosst dir är digital Fotoen erausdrécken? Photoservice, Auchan, … ?

Wou ass Präis/Qualitéit am Beschten?

Ech woer lo beim Fotoservice fir 20×15 Fotoen. D’Qualitéit ass ganz gudd, mee sie froen 3 Euro pro Foto!? Do muss et dach Alternative ginn?

Merci.

Categories: Luxembourg, Photographie
  1. Max
    May 24, 2008 at 3:59 pm

    Den Zipper schwiert op Foto Dichter, an net nemmen hien. Ech mengen deen ass zu Diddeleng.

  2. May 24, 2008 at 4:10 pm

    Merci, kucken mer deen dann och mol un!

    Ech krut och dësen Online-Shop bei photogen.lu recommandéiert. Schéngt och interessant an ab enger gerénger Zuel Fotoen och mat Portokäschten absolut konkurrenzfäheg. Mol op alle Fall par rapport zu deenen Halsabschneideren vum photoservice.com …

  3. zipper85
    May 24, 2008 at 5:54 pm

    http://photoservice.lu/ daat ass dem photo dichter sein online portal.

  4. May 24, 2008 at 6:02 pm

    Merci! Mee wou stinn do d’Präisser … sinn ech blann?

  5. May 24, 2008 at 9:41 pm

    ech fannen kodakgallery.com ganz ok

    virunallem well een alles via internet kann maachen an dann fotos mat der post gescheckt kritt.

    mee bon viir een meeschterwierk printen ze losen ging ech an een pro. geschafft goen.

  6. May 25, 2008 at 7:49 am

    Merci! Die Präisser schéngen jo awer ferme ok.

  7. May 25, 2008 at 3:22 pm

    Hm, mee säi Registréirungsformulaire geet net …😦

  8. Cartman
    May 28, 2008 at 9:14 am

    Ech schwiere jo op snapfish.lu
    Upload dauert heiansdo besse méi lang, mee d’Präisser sinn absolut korrekt.

  9. May 28, 2008 at 1:39 pm

    cartman:

    An d’Qualitéit vun de Fotoen (Faarwen, etc)?

  10. Steve aka Cartman
    May 28, 2008 at 2:45 pm

    Ech sinn mat der Qualitéit absolut zefridden. D’Fotoen ginn genausou wéi se och um Ecran ausgesinn. Dat heescht eng Foto vu gudder Qualitéit bléiwt och um Pabéier eng gutt Foto. Hunn och schons Handyfotoen entweckele geloss, déi heno och guer nët iwwel ausgesinn hunn.
    Fir Privatschnappschëss ass et mat Secherheet tiptop an déi beschte Léisung.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: