Home > Uncategorized > Indy 4(th dimension).

Indy 4(th dimension).

Ech woer dann gëschter och den neien Indiana Jones kucken. En woer besser, wéi ech gefaart hat (zB huet de Fonzy net wirklech gestéiert), mee nach laang net perfekt (ech soen just: digital Déieren, Tarzan an de Schluss). Heiandsdo schengt et och, wéi wann de Spielberg seng 2 Lieblingsgenren an engem Film wollt verbannen … oder e Patt zevill mam Erich von Däniken geholl haat.

Ech hunn och kee Problem fir Fantasy-Elementer ze acceptéieren, mee wann awer ‘realistesch’ Situtation zevill incrédibel sinn, dann nervt dat mëcht ëmmer e bëssen. Beispiller wieren eng Szene mat engem Frigo, eng Verfolgungsjuegd duerch den Dschungel (wou koumen die Stroossen hier?), den ‘Rafting’, …

Nujee, woer awer ganz ennerhaltsam. Soll een jo net zevill kritesch un sou en Plot erugoen.

7/10

Categories: Uncategorized
  1. May 25, 2008 at 12:28 pm

    Geschter waar wirklech déi hallew Blogosphäre am Kino. Bass du och einfach laanscht eis gelaaf, wéi den pa?😛

  2. Chris
    May 25, 2008 at 12:37 pm

    Déi Stroosse si vun däer Maschinn, déi den Indy mam Rakéitewerfer ofschéisst, gema ginn. (Ech hätt ni geduet, dass ech souee Saz schreiwe géif.)

    Iwwer Realismus am Film, a mäi Standpunkt dozou, schreiwen ech eng Kéier e ganzen Artikel, dat sprengt soss hei d’Rumm.

    Hei lo mol eng Fro: Wem ass opgefall, dass den Indy seet e wéilt op Leipzig schaffe goen?

  3. May 25, 2008 at 12:52 pm

    MIR!

  4. pa
    May 25, 2008 at 1:05 pm

    Dat ass mir och opgefall, wéll en an den éischte Filmer jo nach géint däitsch Nazie kämpft. Mee huet dat iergend eppes weideres ze soen, datt’s de dat lo hei bemierks?

    Mee dat war ower lo wirklech Zoufall, datt scho 4 Blogger gëschter den Indy kucke waren.

    Fir mëch wor di Verfolgungsszene am Dschungel, di eenzeg, wou wirklech Action opkomm ass an di mëch ënnerhaalen huet. De Rescht wor iergendwéi e besse mau. De Schluss wor net schlecht, mee net wirklech interessant. An di Szene mam Frigo hätt een komplett kinnten ewech loossen; dat hätt der Geschicht näischt geschued, war awer trotzdem cool.

  5. May 25, 2008 at 1:14 pm

    fireball: nee, ech hu kee gesinn?

    chris: jo, mee die Maschin woer dach ab engem gewëssen Zäitpunkt freckt an konnt jo dann keng nei Strooss ‘fräsen’ … villäicht hunn ech mech awer och gë-iert. Weess dat net méi sou am Detail😉

    Jo, dat mat Läipzisch ass mer och opgefall. Allerdengs hunn ech net ganz verstan virwat en dat sot? Leipzeg ass jo awer an der DDR gewiescht zu dem Zäitpunkt. Oder woer dat well die McCarthy-Läit hien als Kommunist verdächtegt hunn?

    pa: jo, d’Szene woer cool, zumools virun deem visuell Kader. Mee awer bëssen ZE lächerlech😉

  6. May 25, 2008 at 9:22 pm

    Mir waaren NET den Indy kucken, mee en waitaus besseren an vill méi realistescheren Film. Ween well wessen waat fir een, abonéiert mech gefällegst bei twitter.😛
    An ech hun emmer manner Loscht, den Indy nach kucken ze goen. Soll ech wärden bis en op Pro7/DVD kennt?

  7. May 26, 2008 at 9:40 am

    Fireball: Wat fir een dann? Iron Man?😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: