Home > Photographie > Photoshops.

Photoshops.

Ech hu lo mol 4 verschidden Fotoservicer getest fir ze kucken, wou ech meng Fotoen an Zukunft am Beschten soll entwéckelen loossen.

Hei lo mäi Fazit:

4. Plaz: Den Fotoservice vum Auchan.

Plus: Rapid (20 Minutten) an bëlleg
Negativ: Keng super Qualitéit, bëssen komesch Faarwen an online dauert et anscheinend eng Woch bis een d’Fotoen kritt

3. Plaz: photoservice.com.

Plus: Rapid (1 Stonn) an qualitativ gudd
Negativ: Iwwerdriwwen deier, wann ët keng online Commande ass! Mee wann een se online upload ginn se net méi direkt an de Buttek hei am Land, mee an enger Zentral an Frankräich an dann kann ët anscheinend tëschent enger an zwou Wochen daueren bis een se an der Bréifkëscht huet. Fir mëch net akzeptabel.

2. Plaz: Photo Dichter.

Plus: Bëlleg, gudd Qualitéit an séier Online-Liwwerung (2 Deeg)
Negativ: Den Online-Interface ass net wirklech top an ët kann een net genau soen, wéi en Foto soll geschnidden ginn, falls néideg (oder ech woer nees blann).

1. Plaz: fotocommunity prints

Plus: Bëlleg, exzellent Qualitéit, gudd Faarwen, séier Online-Liwwerung (2-3 Deeg), top Upload-Interface, detailléiert Explikatiounen um Site
Negativ: Duerch de Porto muss een halt méi wie just 2 oder 3 kleng Fotoen bestellen pro Commande. Ass awer keen wirkleche Problem.

Categories: Photographie
  1. May 28, 2008 at 9:36 pm

    Merci fir den Test, daat do ass eng interessant Saachen an “gudd ze wessen!🙂

  2. May 29, 2008 at 6:17 am

    Gär geschitt🙂

  3. May 29, 2008 at 2:36 pm

    lo ging ech natiirlech gaeren wessen wei “kodakgallery” an dengem test ging ofschneiden.😀

  4. May 29, 2008 at 2:54 pm

    oh, an wei ging dann een “homeprint” mat neiem printer an topnotch papeier an dengem test of schneiden.😛

  5. May 29, 2008 at 4:33 pm

    urban:

    Kann net alles testen, sorry😉

    Homeprint ass bestëmmt och net schlecht, mee gët à la longue am deiersten? Du kanns mer awer sou en Printer schenken, dann testen ech deen!!!😉

    Nach eng klengen Update: Beim Fotodichter kann een keng wäiss Ränner online uwielen (muss een him eng Mail schécken, etc). Dat ass e weideren Schwaachpunkt vu sengem Online-Interface.

  6. April 8, 2009 at 8:27 pm

    Wat soll dee Geiz ???? Dir wellt emmer alleguerten Superqualitéit am léifsten fir neischt!!! Wei soll eis Economie dann do iwerliewen?

  7. April 19, 2009 at 4:23 pm

    Rol:

    Ech wëll gutt Qualitéit zu engem fairen Präis. Ech mengen dat ass net zevill verlaangt.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: