Home > Religion/Philosophy, Wëssenschaft > Wieso? Weshalb? Warum?

Wieso? Weshalb? Warum?

Normalerweis attackéieren ech jo ëmmer religéis Läit, oder Religiounen, déi behaapten, sie hätten op alles eng Äntwert. Ouni dat awer ze beweisen können oder logesch ze sinn.

Allerdëngs nerven mech och Wëssenschaftler, déi behaapten, dass sie alles erklären kéinten (oder dat an Zukunft kéinten) an déi refuséieren fir zouzeginn, dass et och Froen ginn, déi hinne Schwieregkeeten maachen. An dass een fir verschidden wëssenschaftlech Theorien ze akzeptéieren och eng Zort Glaawen brauch.

Schwiereg Froen wieren zum Beispill (an ween huet sech déi eng oder aner vun deenen nach net gestallt?):

  • Wou genau huet den Big Bang statt fonnt?
  • Wat vor VIRUM Big Bang?
  • Wat ass während dem Big Bang explodéiert?
  • Wou ass dëst Material hierkomm, dat schlussendlech an Galaxien, Planéiten an Liewewiesen resultéiert huet?
  • Wat huet den Big Bang ausgeléist?

Ech verstinn, dass Wëssenschaftler dës Froen net immens gären hunn an dann direkt defensiv ginn, well all Kéiers wann se eppes net hieb- an stichfest erkläre kënnen, gët automatesch vun der anerer Säit den ‘God of the gaps’ ërem an d’Spill bruecht. Wéi wann dat wirklech irgendeppes erkläre géiff. Gott (am traditionellen, anthropomorphen Sënn) ass just eng bëlleg Excuse, ein einfach Äntwert op schwéier Froen. Déi duerfir awer net richteg, oder probabel, muss sinn. Opmanst net am traditionelle Sënn.

An wann och zB eise Big Bang duerch d’Kollisioun vun zwee aneren Universen entstaan wier oder sou, dann erklärt dat nach ëmmer nët firwat déi zwee Universen eigentlech existéieren. Et verleet den Problem just ëmmer méi no vir. An die uewe genannten Froen bléiwen.

An fir dass mech lo keen falsch versteet: ech vertrauen, oder ‘gleewen’, der Wëssenschaft wat hier Theorien NOM Big Bang uginn. An d’Wëssenschaft, am Géigensaz zu der Religioun, verbëssert sëch jo och stänneg selwer.

Et misst dach méiglech sinn ze soen: ‘Jo, mir hunn doropper keng Äntwerten’ ouni dass dorausser geschlussfolgert gët, dass en Bopi mat engem laangen, wäissen Baart, deen irgendwou op engem gëllenen Troun schwieft, alles geschafen huet. D’Wëssenschaftler missten sech an deem Sënn endlech dem Problem stellen an sëch emanzipéieren.

  1. May 28, 2008 at 5:19 pm

    Ech gin der zum groussen Deel Recht. All “Wëssenschaftler” dee behaapt op alles eng definitiv Äntwert ze hun ass am falschen Beruff. Et gin genuch Géigenbeispiller, een vun de Mottoen vun enger vun den éischter Universitéiten (sorry ech hun den Numm vergiess) war z’akzeptéiren, datt een net alles wëssen kann. Den Darwin huet am Origin of Species en ganzt Kapitel de Problemer an Geigenbeispiller zu senger Theorie gewidmet. Dest si remarkabel Gesten, déi sech ALL Wëssenschaftler soll zu Härzen huelen.
    De Problem bei denger Froestellung ass allerdengs den Ënnerscheed zwescht enger Äntwert (am Sënn vun definitif Äntwert); enger Theorie an engem Wëssenschaftlechen Fakt (also eng Theorie déi generell vun der Majoritéit vun de Wëssenschaftler akzeptéiert get, zb Evolution an Big Bang Theorien). E Wëssenschaftler kann per definitioun keng definitif Äntwert gin. E kann awer als Äntwert op déi genannten Punkten eng Theorie gin, déi méi oder manner fundéiert ka sin. Et existéiren Theorien, mee (nach) keng definitif Fakten zu dengen genannten Punkten. Et kann keen soën ob des jemols werten zu Stand kommen, mee ech fannen et muss awer erlabt sin ze spekuléiren ob Hand vun Observatiounen a Miessungen (an net op Hand vu Bicher déi virun 2000 Joer geschriwen goufen…). An deem Sënn soen ech, en informéierten Wëssenschaftler kann op all Fro eng Äntwert gin, wann e preziséiert a wéi fern dëst just eng Theorie ass, an op wat fir Observatiounen se berout. Mee et muss genau sou akzeptabel sin, ze soen Ech hu keng Äntwert doropper. De Problem dobai ass, datt dest en effet imens oft an der Communotéit geschitt… mee du kans der denken datt dest net déi jéinesch Leit sin, déi vun de Medien opgegraff an als Expert’en propagéiert gin. Populär gesin, kritt doduerch d’Wessenschaft ganz oft en imens polariséiert Gesiicht.

  2. May 28, 2008 at 5:42 pm

    Ech giff nach hinzufügen, dass d’Wëssenschaft misst en aneren Term wéi ‘Theorie’ fir hiere bis dato Erkenntnisstand fannen. ‘Theorie’ huet zevill en péjorativen Charakter. Et klengt, wéi wann se einfach mol eppes giffen an d’Welt setzen ouni et kënnen ze beweisen. Oder opmanst gët et vun villen net-wëssenschaftlechen an grenz-édukéierten Läit esou interpretéiert: Ha, EvolutionsTHEORIE! Wat kann dat schon villes sinn? Wann se eppes WEISSTEN bräichten se keng Theorien. Theorien kann dach jidereen opsetzen! Firwat soll ech hinnen gleewen? Gët et do net och die THEORIE, dass d’Äerd bannen dran huel ass? Oder die THEORIE, dass d’Welt nëmmen 6000 Joër al ass?

    An VerschwörungsTHEORIEN sinn halt ëmmer populär …

    Ech fannen d’Läit, an besonnesch natiirlech Schüler, missten méi erklärt kréien, wat THEORIE am wëssenschaftlechen Sënn eigentlech bedéit an wéi dat sëch vum Alldagsgebrauch vun THEORIE ennerscheed!

  3. May 28, 2008 at 5:59 pm

    Jo do gin ech der Recht. Dat ass eben geféierlech, well sou Thermen vu religiéiser Säit mëssbraucht gin… Wëssenschaftlech gesin ass et natiirlech kloer. Am Florida hun Kreationisten lo e Gesetz gestemt, dat iwerall wou Evolutioun beschriwen get an de Schoulbicher muss Theorie virdrun stoen.. Si feieren dat als Viktoire, naja… Resultat ass lo datt virun all Therma an de Florida Bicher dest muss stoen kommen (konsequent sin se jo mol), dh Gravitatioun, Elektrizitéit etc Op dat lo eng Viktoire ass fir sie oder op si doduerch op di Diskrepanz opmierksam man, ech wees et net.
    Et gin Standarten, wat wësenschatlech Theorien ubelangt, zb muss et meiglech sin, de Géigendeel kennen ze beweisen (zb fir d’Evolutioun wann se geifen Menschen an de selwechten Seidmenter fannen wéi Dinosaurier), et muss ob Observatiounen fundéiert sin déi allgemenggülteg an iwerpréifbar sin etc… deng Beispiller schloen do normalerweis fehl, dat ännert awer näischt un denger Aussoo datt d’Allgemengheet eng falsch Opfaasung vum Begreff huet (bessen sou wéi eng Tomätt am wëssenschaftlechen Begreff eng Fruucht an kee Geméis ass, etc).
    Ech wollt mech awer nach äusseren driwer, dass du sees datt een och un Wëssenschaft muss gleewen. Dest stemt net. Wëssenschaft as eng Methodik, keen Glaawen. Et ass en Utensil, fir gewëssen Sachen z’analyséiren, ze hannerfroen an z’iwerpreiwen. Et ass nees e polulärt Mësverständnis, well gleewen an gleewen nees zweeerlee ass. Am reliéisen Sënn ass et epes z’akreptéiren, ouni Beweiser ze verlangen, oder et ze iwerpréiwen. Am wëssenschaftlechen Sënn ass et eppes op Grond vun iwerzeegenden, iwerpréifbaren Observatiounen als fierleefeg richteg ze akzeptéiren, ouni dobei kennen en definitif (am Sënn vun: Wert sech nie ännren) Mehnung ze hun

  4. May 28, 2008 at 8:18 pm

    Ech sinn mat dir d’accord an ech mengen mir schwätzen bëssen laanschteneen. Wann ech soen, dass een och an der Wëssenschaft gëwess Saachen gleewen muss, dann ass dat haaptsächlech op d’Cosmologie gemënzt. Dofir jo meng Big Bang-Froen.

    Well op een sou en Urknall Big Bang nënnt oder Gott (am pantheisteschen Sënn) ass just eng Saach vun Definitioun. An huet och keng Auswierkung usech op dat wat duerno koum. D’Evolutionstheorie geet jo net em Abiogensis, mee wat duerno passéiert ass. An do ass se jo definitiv stëmmeg. Am Géigensaz zu dem Kreationistenblödsinn.

  5. May 28, 2008 at 10:05 pm

    Menger Meenung no leit de Probleem net bei den Äntwerten op déi opgeworfe Froen, mee bei de Froen selwer. Do gi no Saache gefrot, déi zum Deel net fassbar sinn. De Kant huet sech schons mat enger ähnlecher Problematik befaasst. Ech géif der empfehlen dat ze liesen, wanns de mat der Bibel färdeg bass🙂

    => Kritik der reinen Vernunft – d’Kapitel iwwert d’Antinomien (an desem Kontext virun allem déi 2 eischt)

  6. May 29, 2008 at 6:26 am

    manuel:

    Merci fir den Tipp, ech wäert mer deen dann och eng Kéier ranzéien (obwuel ech schon Extrait’en dovunner iwwert de Wee gelaf sinn). An ech sinn natiirlech averstanen, dass déi Froen net wirklech ze beäntwerten sinn. Mee dat mëcht se jo net manner interessant😉

    Vun der Wëssenschaft verlaangen ech just, dass se zougët, dass och sie bei dësen Froen iwwerfuedert ass. Wat awer natiirlech NET automatesch heescht, dass irgendeng mystesch Alternativ wouer ass. Mee soulaang déi mystesch Äntwert kengem wéi deet, de Läit hëlleft an sie och net d’Wëssenschaft an hierer serieuxer an wäertvoller Aarbecht behënnert (wat se jo awer leider meeschtens man) gesinn ech keen Problem mat hier.

    Menger Meenung no misst een einfach den Pantheismus méi stärken (amplaz just den Atheismus, deen awer och haaptsächlech géint all anthropomorph Götter ass). Dat heescht awer natiirlech och sech vum Bopi mam Baart deen, soi-disant, op eis oppasst an bestrooft, etc. trennen. Mee et misst awer méiglech sinn fir en Kader ze schafen, wou Plaz fir Wëssenschaft an Spiritualitéit ass, béides zoustänneg fir Saachen, wou deen aneren näischt bäidroen kann, oder näischt ze soen huet.

    D’Welt, oder d’Existenz vun irgendeppes usech, ass e ‘Wonner’. Die meescht Läit realiséieren dat nët an huelen et einfach als ‘given’ un. Ech sinn komplett fir d’Erforschung vun dësem ‘Wonner’ mee et wäert wuel emmer en Deel ginn, deen net ze wëssen ass.

  7. Chris
    May 29, 2008 at 1:20 pm

    Da gëff mol Beispiller wou Wëssenschaftler net zouginn, dass si bei sou Froen iwwerfuerdert sinn, fir däin Artikel e bëssen opzepeppen.

    Déng zwee läscht Abschnitter am läschte Kommentar fannen ech gutt, déi Astellung sollts de mol méi oft vertrieden. Amplaz eppes unzeprangeren, soll ee léiwer eppes anescht probéiren ze pushen. Dat ass ëmmer an iwwerall méng Meenung. PS: Ech si weder Atheist, nach Pantheist nach soss eppes.

  8. May 29, 2008 at 9:19 pm

    Ech fannen Pantheismus oft als verwässerten Mystizismus. Ok, mir soen lo net mei datt en Gott geschaafen Wonner gin, et gi lo eben just Wonner… Kann een net einfach vun der Welt an dem Universum faszinéiert sin ouni datt iergenteppes iwernatiirleches dozou beidreet?
    Wat Philosophen befaast: Ech erkennen wuel un datt d’Philosophie iwert d’Joeren villes zum gesonden Menschenverstand an zur Opklärung beigedroen huet. Ech ganz perséinlech fannen awer, datt et vill méi spannend ass, Sachen z’analyséiren an ze erfuerschen, op déi et Äntwerten gin, an déi een beweisen kann. Ech mengen brengt et eis wierklech eppes ze philosophéiren op eis Existenz nemmen eng Simulatioun oder den Draam vun iergentengem ass… Ech fannen Philosophie befaast sech imens oft (hautzudags awer manner) mat Material, wat op genau sou wackelechen Been steet wéi sou munch Relioun… Vlaicht sin ech och einfach net genuch informeiert…
    Lo nach eng provokant Fro: Virwat brauche mer dann iwerhapt eng Spiritualitéit (op reliéis oder net)? A virwat soll et an deem Fall net erlabt sin, als Wëssenschaftler ze evaluéiren wéi wahrscheinlech dës sin.

  9. May 29, 2008 at 10:49 pm

    chris:

    ech hunn lo keng genau Zitater bei Hand, kéint die awer nosichen. mee ech hunn heiandsdo mat Wëssenschaftler ze dinn, an déi reagéieren all allergësch op sou Froen. Wat jo och verständlëch ass, well all Ageständniss als ‘Sieg’ vun der anerer Säit (den Religéisen) ugesinn gët. D’Fronten sinn einfach ze verhärt. Liesen allerdëngs grad ën interessant Buch zu deem Thema (wéi een en intelligenten Kompromiss kéint fannen).

  10. May 29, 2008 at 11:03 pm

    charel:

    Wou ass de Problem mat bëssen Mystizismus, wann en nët mat der Wëssenschaft a Konflikt kënt oder se behënnert? Wat ass schlëmm durn, wann een sech giff als en Deel vun eppes Gréisserem gesinn? Dat kann een als Gott, Universum, oder wat och ëmmer definéieren. D’Welt an den Universum giffen ëmmer nach d’selwecht faszinant bléiwen (opmanst). En plus ass ët e bëssen ‘Magie’, déi kengem wéi deet. Mee ween wëll, kann jo och einfach gleewen, dass ët näischt anescht gët an dass einfach alles färdeg ass, wann een stierwt. Ass jo jiderengem fräigestallt.

    Ech fannen och net, dass Philosophie an Wëssenschaft sëch ausschléissen. An d’Philosophie behaapt jo seelen, dass hier Usiichten felsenfest wieren? Ech fannen et interessant an faszinant iwwert déi grouss Froen ze spekuléieren, awer och net iwwerdriwwen, vue dass et keng Äntwerten ginn. D’Liewen kann een ëmmer op 2 Niveau’en gesinn. Deen een behandelt Froen wéi, wat muss ech muer akafen goen, wéini ass mäin RDV beim Zenndokter an wat ass en AIDS-Virus eigentlech genau? Deen aneren ass, sech ze froen, wou mer hierkommen, wou mer hinginn an wat dat Ganzt soll. Ech fannen béid Niveau’en hunn hier Berechtigung an mussen sech net widderspriechen oder mateneen a Konflikt geroden. Den Einstein woer e Pantheist an huet awer exzellent Wëssenschaft gemaach (och wann en net perfekt woer, cf Quantumtheorie).

    Spiritualitéit gët de Läit eppes, wat d’Wëssenschaft hier net tel quel can ginn. Eppes méi perséinleches, ‘magesches’, dreemeresches, hoffnungsvolles (a Punkto Doud, etc). An soulaang die Spiritualitéit net den Erkenntnissen vun der Wëssenschaft widdersprëcht, gesinn ech keen Problem domadder. D’Wëssenschaft kann eng Existenz nom Doud net ausschléissen, firwat also net drun gleewen? Zumools et kengem wéi deet an och keen Impakt op d’Wëssenschaft huet (ech schwätzen vun der genereller Idee vun enger Existenz nom Doud, ouni Dogmen etc).

    An wann näischt kënt duerno, dann hat een wéinstens e puer schéin Virstellungen bis dohinner.

  11. May 30, 2008 at 1:49 am

    Ech verstin eben generell net den Konzept eppes ze gleewen einfach well een et eng Kéier behapt huet an sech dest am kulturellen Massenbewosstsein festgesat huet. Virwat soll iergenteen eppes Gleewen, fir dat et net de gerengste Beweis get? Op et lo engem schued oder net ass dobei (bal) egal. Wann een Dier fir Spiritualitéit, wéis du der se wahrscheinlech fierstells opmechs, da kommen och ongelueden Gäscht… A sou endege mer an enger Welt, wou d’Menschen sech Magnéiter a Kristaller ronnerem de Hals hänken, fir kosmesch Energie ze sammelen etc. Dës Zocht vun Spiritualitéit ennermauert d’Gesamtheet vum Wëssen, wat d’Menschen bis elo gesammelt hun, a féiert (och wann net bei allen) dozou, datt Leit Vertrauen an d’Wessenschaft verleiert, vue datt et jo och méi opreegend Erklärungen gin.
    Nuje, ech gin der opallefalls a ville Punkten Recht, verstéi mech net falsch, an ech toleréiren och keng falsch Iwerhieflegkeet bei Wessenschaftler.

  12. May 30, 2008 at 8:33 am

    Ech ginn der Recht, dass Spiritualitéit natiirlech séier all Zorten vun Schabernack invitéiert. Dat muss awer net onbedengt sinn. Mee villäicht ass meng perséinlech Spiritualitéit och extrem minimalistesch (‘ech sinn Deel vun eppes méi Groussem. Wat genau dat ass, weess ech net an dat ass och net wichteg. Falls méi do ass, dann wäerten mer dat nom Doud wëssen. Oder eben och net.’).

    Deng Beispiller vun Spiritualitéit giff ech perséinlech natiirlech komplett als exzentrësch Esoterik beschreiwen. Den Ennerscheed zu menger Vue, mengen ech, ass, dass am Fall vun Magnéiter, Kristaller, etc ët absolut keng Beweiser ginn, dass déi wirklech irgendeppes bréngen. An ech sinn och komplett dogéint eppes ze gleewen just well irgendeen eng Kéier eppes behaapt huet an d’Läit dunn ugefaangen hunn dorunner ze gleewen (allerdëngs interesséiert et mech aus socio-historesch gesinn, wéi sou en Glawen enstoe konnt).

    Meng ‘assumption’ op der anerer Säit, dass mir, den Universum, einfach Alles Awer Deel vun eppes méi Groussem ass, kann net négéiert ginn (jo, ech weess, dat heescht usech guer näischt … ech kann een och net widderléen, dass grad en onsichtbart Einhorn mir grad iwwert d’Schëller kuckt). Ech sinn der Meenung, dass eng pantheistesch Weltvue absolut net mat der Wëssenschaft a Konflikt kënnt (oder kommen brauch) an en plus engem awer en gudd Gefill ka ginn. Vu dass se kengem schued, firwat also nët?

    Ech sinn awer nees komplett mat dir d’accord, dass et schlecht ass, dass valid Wëssen duerch Pseudowëssenschaften an ähnlëchen Humbug ennergruewen gët! De Succès vun deem Schabernack läit natiirlech dodranner, dass vill Läit gären un méi, wéi just die ‘drëchen’ Fakten gleewen wëllen (oder sech net bewosst sinn, wéi beandrockend a faszinant dës angeblech drëchen Fakten sinn), dass se Hoffnung brauchen, wann et hinne schlecht geet an dass se eppes hunn, wat hier Angscht virum Doud verrëngert. An do wier, menger Meenung no, den Pantheismus e gudden Kompromiss. Mee villäicht wier deen villen Läit awer ze vague an sie hätten léiwer en ‘perséinleche’ Gott, ‘magësch’ Amuletter, Dogmen, etc …

    Wat d’Vertrauen an d’Wëssenschafften ugeet, do spillt bestëmmt och d’Arroganz vun verschiddenen Wëssenschaftler mat. Wann sie eppes aus hieren Elfenbein-Tiirm verkënnegen, sou kënne vill normal Läit, mat hieren normalen Problemer, etc dat nët verstoen oder sie fillen sech och net verstanen oder eescht geholl. E gudd Beispill do ass d’Medizin. Die normal Dokteren behandelen d’Patienten oft, wéi um Fliessband. ‘Ah, dir hutt dee Problem, hei ass eng Pëll. Färdeg. De nächsten wgl.’. Alternativ Mediziner huelen sech do méi Zäit, betruechten d’Persoun als Ganzt, schwätzen méi mat hier, profitéieren vum Placebo-Effekt, etc. An e groussen Deel vun hinnen notzen schändlecherweis d’Läit, déi hinne vertrauen, aus an deem se hinnen Schabernack verschréiwen.

    Och hei fannen ech misst nees en Kompromëss fonnt ginn: effektiv, efficace Medizin, déi den Mënsch awer och als Ganzt kuckt an nët nëmmen séier en Pëll verschréiwt (déi och mol net ëmmer wirklech hëlleft). An falls et ‘alternativ’ Methoden ginn, déi hëllefen, dann sollt d’Wëssenschaft se ennersichen amplaz just par défaut auszeschléissen. Et ginn jo och wëssenschaftlëch beluegten Fäll vun Spontanheelungen, etc. Et wier dach faszinant, a praktesch, fir ze verstoen, wéi een sou Effekter am Kierper ausléisen kéint!

  13. May 30, 2008 at 3:25 pm

    Hues du grad Medeziner als Wëssenschaftler bezeechent? Schock🙂
    Ech verstin deng Zocht vun Spiritualismus an fannen se duerchaus sympatesch, am Géigensatz zu denen extreme Beispiller.
    Mat der Arroganz vun de Wessenschaftler hues de och recht, dat ass genau sou schlemm wéi all déi Peseudowessenschaftler dei ronnerem laafen. Ech denken eben wei gesot dass des Wëssenschaftler heiansdo iwerproportional vun de Medien opgegraff gin… mee dat ass natirlech keng Excuse.
    Wat Medezin ubelangt gin ech der och absolut Recht.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: