Home > Photographie > (re)touched for the very first time.

(re)touched for the very first time.

Hunn haut fräi an ‘spillen’ duerfir bëssen am Photoshop. Hei e Versuch fir eng Foto ze retouchéieren fir d’Persoun manner al erschéngen ze loossen:

(klick fir méi grouss)

Ass natiirlech net ‘perfekt’ well se séier gemaach gouff. Die retouchéiert Variant ‘glënnert’ nach bëssen ze vill, zum Beispill. Misst een nach bëssen méi Texture ranbrëngen fir den Blur-Effekt auszegleichen.

Fannen sou Manipulatiounen interessant (an léierräich!!), giff se awer nie un Persounen uwënnen, déi ech kennen wëll et usech jo en ‘exercise in futility’ ass. Déi Zäit, wou een sou ausgesinn huet, ass eriwwer. An dat soll a muss een acceptéieren. Wann een sech duerch Sport oder Net-Fëmmen etc jonk halen kann, gudd! Mee dat hei ass jo just (offensichtlech) fake.

An wann een sech bëssen mat der Thematik beschäftegt, fällt engem wirklech nach vill méi op wou (a wéi!) an de Reklammen, Titelsäiten, etc gefuddelt gët. Keen Wonner, dass die meescht Staren op Paparazzi-Fotoen sou medioker ausgesinn … Schminke a Kleeder hëllefen natiirlech schon vill, mee Photoshop geet awer nach e ganze Schrëtt weider.

Retouchéiert Modell-Fotoen missten schon bal mat engem Warn-Hinweis etiquettéiert ginn, wéi d’Zigaretten … fir d’Läit drop hinzeweisen, dass die Persoun sou NET existéiert an keen Mënsch WIRKLECH sou ‘perfekt’ ausgesäit. Mee villäicht leien ech jo falsch, an die meescht erkennen ët an vergläichen sech net mat hinnen … Hoffen ech jo mol fir sie.

Categories: Photographie
  1. June 11, 2008 at 7:01 pm

    Op YouTube ginn et wonnerbar Zäitraffervideoen wou Profien am Photoshop Models & co retouchéiren, wierklech intressant!

  2. June 11, 2008 at 7:13 pm

    Jop, déi sinn impressionnant! Mee et selwer nozemaachen, mëcht och Spaass🙂

    A ween an éiseger Zäit iwwerhaapt nach gleewt sou Fotoen wieren net retoucheiert ass jo selwer schold. Misst een haaptsächlech och deenen Jonken dat bäibrengen, wann se hier Beauty- a Klaatsch-Zeitungen liesen …

  3. June 12, 2008 at 5:47 am

    retouched?

    daat heiten as retouched 😀

    [IMG]http://i291.photobucket.com/albums/ll304/urbanrunoff/old-woman-retouched2.jpg[/IMG]

  4. June 12, 2008 at 5:49 am

    oopsi
    ech wees guer net wei een hei pics linked

  5. June 12, 2008 at 8:26 am

    Hehe, Respekt!!! Ech verneigen mëch virun mengem Meeschter …🙂

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: