Home > Gesellschaft, Politik > Blöd Iren.

Blöd Iren.

Iren stoppen Reform der EU‘.

Wat hu mer dann lo gewonnen? Steet d’EU lo besser do? Schafft d’EU lo méi efficace?

Entsetzt äußerte sich der Chef der Sozialdemokraten im Europaparlament, Martin Schulz, über das “No” aus Irland. Schulz fürchtet nun einen “tiefen Bruch” der EU. “Dann gerät die Europäische Union nicht nur in die Krise, sondern in die Notwendigkeit einer Identitätsklärung”, sagte Schulz am Freitag in Brüssel. Ein Nein aus Irland würde die Gräben deutlich machen “zwischen denen, die eine vertiefte EU wollen, und denen, die einen Binnenmarkt ohne jede Regeln wollen”, sagte der SPD-Politiker mit Blick auf europaskeptische Länder wie Großbritannien.

Riskéieren mer nët éischter nees en Ausserneendriften?

Allerdings forderte auch der außenpolitische Sprecher der CSU im Europaparlament, Bernd Posselt, eine “Neugründung der EU durch Deutschland, Frankreich und einige Kernstaaten”. Basis hierfür müsse ein “starker und verständlicher EU-Verfassungsvertrag” sein, betonte Posselt am Freitag in München. Jeder bisherige EU-Staat solle dann frei entscheiden können, “ob er ohne Ausnahmeregeln bei einem weltweit durchsetzungsfähigen Europa mitmacht oder sich auf eine privilegierte Partnerschaft mit der künftigen EU beschränkt”.

Dann sollen dach die Inselvölker dobaussen bléiwen, wann se mengen sie kéinten alles besser! Mee soulaang sie jo och vun der EU profitéieren kënnen, trauen se sech déi Konsequenz net zou!

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. June 13, 2008 at 5:04 pm

    Ech gin der Recht. De Witz ass datt d’EU Irland zu deer ökonomescher Kraaft gemach huet, déi et haut ass… Mee nee, mir wellen natirrlech nëmmen d’Korinthen erauspicken!

  2. June 13, 2008 at 5:10 pm

    die Notwendigkeit einer Identitätsklärung

    Genee dat muss d’EU awer endlech maachen, an leider leider schéngt de Nee vun den iren déi eenzeg Méiglechkeet gewiercht ze sinn, et souwäit ze bréngen. Déi meeschte Politiker an Länner an der EU wëllen weiderhinn eng reng wirtschaftlech Unioun. A genau do hapert et, well wann mer weider sou un enger reng ekonomescher Gemeinschaft festhale knalle mer mat voller Wucht an déi Mauer op déi mer zoulafen. Mir brauchen ee politescht vereent Europa a net méi Muecht fir déi eenzel Parlamenter, an hannerrécks d’Ofschafe vun der Demokratie (duerch de neie Vertrag hätt d’EU ennert anerem d’Méiglechkeet kritt, d’Referenden an Irland z’emgoen, d’Virratsdatespäicherung bei där de Schäuble sou gäre genannt gett kennt vu Bréissel, asw).
    Ech sinn definitiv pro-Europa. Mee d’EU muss sech fundamental änneren. Dat gett gäre vum Lissabonner Vertrag behapt, an jo, et ass ee Schrëtt no fir, awer och zwee Schrëtt no hannen. An d’Briten zéien mat hierer Extrabehandlung dann och nach op d’Säit.
    Vläit ass eng Kris guer net sou schlecht, fir Bréissel mol endlech kloër ze maachen, dass et sou net weider kann goen. Well och wann se nom leschte Vetrag all d’Hänn iwwert dem Kapp zesummegschloen hunn, si sinn dach dono rem genee d’selwecht weidergefuer.

  3. June 13, 2008 at 5:18 pm

    Charles: Genau! An dofir sinn ech dogéint, fir esou Saachen wéi en Traité iwwert en Referendum klären ze lossen. Dat ass idiotesch well do kommen vill ze vill aner, unrelated Argumenter dann mat dran, wou d’Läit hier momentan Frustratiounen kënne lass ginn. Dat woer bei den Hollänner an den Fransousen och sou.

    Mir wielen Politiker. Dann sollen déi Politiker och doriwwer ofstëmmen. Wann engem dat net gefällt, kann een jo d’nächst Kéier aner Politiker wielen. Dat ass den Prinzip vun enger repräsentativer Demokratie. Die meescht Läit sinn aboslut net qualifizéiert fir iwwert esou Froen ze tranchéieren. An ‘Nee’ ze maulen ass meeschtens méi liicht wéi ‘Jo’ ze soen.

    Thierry:

    Et kann awer net sinn, dass all klengt Land all Kéiers Veto-Rechter huet (jo, dat kann och schlecht fir Letzebuerg sinn, mee mir däerfen eis och net nëmmen d’Korinthen rauspicken?) an dann nees alles immobiliséieren kann! Eng absolut Majoritéit muss einfach duer goen. Vun mir aus och 3/4 Majoritéit.

    An d’Briten soll eent einfach aus der EU geheien. Déi sollen endlech Faarw bekennen. Ganz oder guer net.

    An wéi oder wat wëlls de dann änneren? An wéi soll dat JE gemaach ginn, wann EMMER JIDDEREEN MAT ALLEM muss d’accord sinn?

    Ech waarden mol an der Tëschenzäit op den Godot.

    Mee dann kann Letzebuerg jo lo frou sinn, dann wäert den Juncker jo hei bléiwen ……..😉

  4. demjclaude
    June 13, 2008 at 5:39 pm

    Jojo, et denkt just keen drun dat mier eisen EU-Noperen mat der Bankenplatz d’Suen aus der Täsch zeien.
    An fier eis Frontaliers brauchen mier weder Cliniquen, Schoulen nach Altersheemer ze bauen, mer brengen et jo emol net färdeg en mat engem ordendlechen Verkeierskonzept den deeglechen Wee ob d’Arbeschtbei eis ze verkierzen. Fum Bankengeheimnis an der Steierpolitik brauch een och net ze schwätzen.

    Mee dann sinn mer awer esou europäesch.

  5. June 13, 2008 at 5:41 pm

    Thierry ech verstin absolut wats du mengs an sees, an du hues a villem absolut recht. De Problem ass awer net datt mer vun haut op muer en Europa opbauen, wat sozial korrekt ass, wirtschaftlech fair, sëcher an vereent. Ech wees mir haate scho lang Zäit dofir, mee ech gesin eng Onmoosen Progres an de läschten Joerzengten. Ech schwätzen lo net vun engem totalitären Europa mat Fierratsspeicherung… Mir sin eis eenz dat villes wat sou muncher een Politiker an de Raum blärt, weder vun Interet fir d’Communotéit ass, nach fir den eenzelnen Bierger.
    Et gin awer Sachen, iwert déi déi eenzel Länner menger Mehnung no kee Recht hun ze urteelen. Lëtzebuerg dierf net u senger Finanzpolitik éiweg festhaalen, Frankreich an England un hieren Subsiden etc etc… Dest si Sachen déi déi eenzel Länner déif beanträchtegen werten, mee déi fir eng gemeensam Zukunft vun Europa wichteg sin. Et ass kloer datt wa mer déi Betraffen aus deenen Länner froen wat si wëllen datt nemmen nationalen Interet consideréiert get. Sou brengen mer et secher net weider.
    Ech well net behaapten datt ech all Detailer vun dem Vertrag kennen, oder absolut dofir sin. Ech wees awer datt mer et net weider brengen, andeems mer nach weider 50 Joer jéimeren: Tschëft, ech fannen mir kéinten méi e sozialt Europa opbauen, oder en bessert Zesummengehöregkeetsgefill opbauen. Komm mir froen d’Leit emol wéi mer dest man sollen.
    Wa mer net iergentwann an dës sauer Äppel baissen, da vegetéiert en halleft staarkt Europa nach weider firun sech hin, trëppelt op der Platz ronnerem, an verkümmert lues an lues duerch d’Streitegkeeten zwëscht verschiddenen Länner déi all nach emmer mengen, SIE wieren eppes besseres. Et kann dach net sin, datt politesch Kräften an der EU tatsächlech driwer nodenken, d’Belsch dach vläicht awer an zwee ze splecken, an de Basken méi Onofhängegkeet ze gin, etc.
    Ech soen net datt mer solle blann op eng Schlucht sollen duer laafen. Ech soen awer datt mer musse progressiv handelen, och wann et fir den eenzelen (an eise Geigenden zumindest) manner Geld bedäit. Eng “komm mir iwerleen eis alles mol a rou nach eng Kéier” Politik ass an sou engem Ausmoos, wéi Europa huet, net praktesch. Mir wëssen jo awer all iergentwéi déi grouss Decisiounen déi musse getraff gin. An dach seet jitwereen: Ma virwaat solle mir dann den éischte Schrett man?

  6. denjclaude
    June 13, 2008 at 6:03 pm

    “Et kann dach net sin, datt politesch Kräften an der EU tatsächlech driwer nodenken, d’Belsch dach vläicht awer an zwee ze splecken, an de Basken méi Onofhängegkeet ze gin, etc.”

    Wier net grad dat eng grouss Chance? Weisou net allen klengen Volleksgrouppen hier Onofhängekeet gin, och den Schotten, Basken, Südtiroler. An dann eng EU dei eng gemeinsam Aussen- an Secherheetspolitik mecht. Esou en Europa wier mei stark ewei eent mat Länner dei historesch gesinn Pech an aneren dei Chance haten.

    Hei hun mier als Lëtzebuerger et alt erem einfach. Mir sinn jo onofhängeg an brauch net mei derfier ze streiden an vergiessen ganz weivill Chance mier hun!

  7. June 13, 2008 at 6:29 pm

    denjclaude: dat ass jo illusoresch! Nach MEI Differenzen? Wéi soll een do je op en Konsenz kommen?

  8. June 13, 2008 at 6:49 pm

    @denjclaude: Also dann wëll ech awer näischt mat deenen Emweltverschmotzer aus dem Minett ze din hun, an den Bauren aus dem Eisleck, an di komesch Wënzer aus dem Osten, an di am Westen si jo sws quasi Belsch. An di aus dem Paafendall stéiren mech am Fong och, an di vum Belair, a natiirlech och di vum Lamptersbierg. An déi déi uewen a menger Stross wunnen man emmer Koméidi. Ech fannen et wier eng grouss Chance all deenen klengen Volleksgruppen méi Onofhängegkeet ze gin. Eng Table ronde mam Aussenminister vum Cents, dem Gesondheets minister aus dem Rollingergronn…
    Du geseis et kann een dest ad absurdum féiren. Et mecht sëcherlech weder politeschen, sozialen, moraleschen nach ökonomeschen Senn eng taart an emmer mi kleng Stecker ze schneiden… Dat heescht net datt mer dierfen een deen anren diskriminéiren oder als Heckenfransous ofstempelen. Et heescht just datt et an mengen Aen méi Senn mecht, collektiv decisiounen ze huelen, déi vleicht dem eenzelnen grad net an de Kroom passen, mee insgesamt den Wuesstum, souwuel sozial wéi ökonomesch fuederen.

  9. denjclaude
    June 13, 2008 at 9:43 pm

    Dat lescht Joer sot en Südtiroler zou mier: “Die Österreicher, Römer, Franzosen und Deutschen waren hier alle sind verschwunden, nur wir sind geblieben. Jetzt sind halt die Italiener da.”
    Ech sinn der Meenung dat een deenen Völker dat selwecht Recht ob Onofhängekeet muss zougestoen ewei eis. Mier hätten eis Onofhängegkeet nie kritt wieren mer deemols fun iergendwelchem Wert fier een gewiescht.

    Den Problem leit net bei deenen klengen Länner mee bei denen Groussen. Gemeinsam Aussen an Sëcherheetspolitik geif an der leschter Konsequenz heeschen dat zum Beispill en Spunier iwert den Franzsousen hier Atombommen geif bestëmmen. An genau dat wier et wat Europa breicht mee genau dat werten mer nie kreien.

    Dat trauregt un deer ganzer Geschicht do ass, dat et wahrscheinlech riicht gangen wier wann een den Menschen dat ordendlech erklärt hätt. An elo ze machen ewei wann neischt passeiert wier ass net an der Rhei. Firun allem well wann aner Länner gefrot wieren ginn dei wahrscheinlech och mat Neen gestëmmt hätten.

  10. June 14, 2008 at 1:47 am

    *Spätzünder* Aha, hei ass also endlech déi Diskussioun déi ech mer an deem virdru vu mir kommentéierte Bäitrag zum Thema ireschen Neen erwaart hat. Mä eigentlech huet den Thierry dat geschriwwen wat ech en gros och denken.🙂

  11. June 14, 2008 at 8:39 am

    Ech wollt just nach soen, dass ech dem Charel sengem laangen Comment absolut zoustëmmen!

  12. Chris
    June 14, 2008 at 11:06 am

    “Weisou net allen klengen Volleksgrouppen hier Onofhängekeet gin, och den Schotten, Basken, Südtiroler.”

    Em Gottes Wëllen: gëff de Schotten net d’Onofhängegkeet! Soss ginn et do Zoustänn wéi am Sudan. Schotte kënne sech net selwer regéiren.

    Mäi Bäitrag zu dëser Diskussioun.

  13. June 14, 2008 at 9:23 pm

    Oha, hues de mech geläscht?

  14. June 14, 2008 at 9:26 pm

    Nee, pardon, waar den aaneren Posting iwer den Referendum, wou ech kommentéiert haat. Deet mer Leed, ech sin net richteg derbai haut.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: