Home > Photographie > Color Management?

Color Management?

Verschiddener vun iech schaffen jo och mat Fotoen um Computer, villäicht kann een vun iech mer dann hëllefen? Well ech verzweifelen hei e bëssen …

Wéi kréien ech d’Faarwen vu meng Fotoen, déi um Schierm an och geprint super ausgesinn, och bei normalen JPGen erhalen!? Am Photoshop schaffen ech mat Adobe RGB, an ech wees, dass ech se op sRGB konvertéieren soll éier ech se fir den Web oder sou saven. Mee wann ech dann bei ‘Save for Web an Devices’ ginn, dann gesinn d’Fotoen am Preview trotzdem vill méi blatzeg aus … Ass et nët irgendwéi méiglech, dat esou hinzekréien, dass einfach déi Faarwen mat der Intensitéit gespäichert ginn, wéi se LO um Schierm ugewiesen ginn?

Ech hu schon um Netz gesicht, och verschidden Erklärunge fonnt, mee dat schéngt alles extrem komplizéiert ze sinn … Misst een wirklech schon tel que vun engem Expert erklärt kréien, mengen ech fir et richteg ze verstoen.

Villäicht huet jo een vun iech e gudden Tipp?

Merci.

Categories: Photographie
  1. June 13, 2008 at 6:58 pm

    Dat läit un der héiger Kompriméirung, déi de Photoshop duerchféiert wanns de “Save for Web” méchs. Späicher se ennert “Save copy…” of an wiel JPEG aus, dann bleiwt d’Saturatioun esou erhalen wéi an der PSD Datei. D’JPEG Datei ass dann zwar e bessen méi grouss, mee dat ass bei heiteger Bandbreet jo keen allzegrousse Problem méi.🙂

  2. June 13, 2008 at 7:10 pm

    Richteg, dat ass mer och schon opgefall. Wann ech ‘Save as … ‘ man, dann behält den JPG en effet d’Faarwen. Ech hat awer lo eng Situatioun hei, wou ech hunn missten iwwert den ‘Save for Web’ am sRGB-Format fueren an dann woer d’Bild blatzeg.

    Probéieren ech lo awer nach eng Kéier iwwert den ‘Save as’ JPG … Merci op alle Fall schon mol!

  3. June 13, 2008 at 7:18 pm

    Hm … hunn lo ‘save as’ gemaach (JPG mam ColorProfil gesaved). Dann gët en am Safari richteg ugewiesen, mee am Firefox ass en blatzeg! Dat schéngt drun ze léien, well den Safari ColorProfiles versteet, den Firefox awer net. Sou dass et op dat selwecht erauskënt, wéi den ‘Save for Web’.

    Misst dach awer nach eng aner Méiglechkeet ginn fir se net blatzeg am JPG ofzespäicheren. Mee einfach schéngt et net ze sinn, vun deem wat och um Netz geliesen hunn. Schéngt och en wäitverbreetenen Problem ze sinn (wann een op engem Computer schafft, deen haaptsächlech fir d’Printer ajustéiert ass) …

  4. June 13, 2008 at 7:51 pm

    Merci, Charel! Kucken mer déi mol un. Wéi gesot, et ass manner de Problem fir die richteg Faarwen beim Printen ze hunn (dat klappt), wéi dass den Photoshop d’Faarwen am ‘normalen’ JPG irgendwéi méi blatzeg mëcht (resp. dass d’Faarwen nemmen am ColorProfil gesaved sinn, déi awer en net ColorManagement-fähegen Programm net applizéieren kann an et duerfir blatzeg ausgesäit). Ech kéint natiirlech einfach den Kontrast iwwerdriwwen héich man an dann als JPG saven, mee dat ass net sou genau …

    Kucken och mol op ech be lynda.com näischt driwwer fannen. Hunn jo do lo en Abo an hier Tutorialen sinn och super.

  5. June 13, 2008 at 8:22 pm

    jo. ech denken en uerdentlech profiléierten bildschirm mech schon villes aus…

  6. June 13, 2008 at 9:26 pm

    Probéier mol den Photoshop bei Edit > Color Settings op den Profil vun dengem Bildschirm anzestellen. An dann kanns de vlaicht nach probéieren der Foto guer keen Profil zouzeweisen.
    Du muss och oppassen ob am Save for Web den “Convert to sRGB” net aktivéiert. sRGB as een zimlech reduzéierten Faarwraum deen eben op deenen meeschten Bildschirmer verfügbar as (vun bas-de-gamme bis haut-de-gamme)
    Mee doduerch verléiers de eben Faarwen an denger Foto well dem Faarwraum reduzéiert gett wanns de an sRGB konvertéiers.

  7. June 14, 2008 at 8:56 am

    Ok, ech mengen lo hunn ech de beschten Kompromiss fonnt:

    Ech verschaffen meng Fotoen (déi ech erausprinten wëll) am Adobe RGB a wann ech se dann och op d’Netz setzen wëll, dann setzen ech de Profil bei Edit > Color Settings op sRGB an saven eng Copy mat ‘Save as …’ als JPG. Do geet zwar e bëssen Faarw verluer (wëll et jo sRGB ass), mee et ass vill, vill manner wéi ennert ‘Save for Web’. An dann gesäit et och an engem Internet Browser +- d’selwëcht aus, wéi um Schierm.

    Bier geschielt dann mengen ech😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: