Home > Luxembourg > Vox?

Vox?

Ech hunn héieren, dass den iPhone 3G bei Vox erauskommen wäert. An deen interesséiert mech staark an giff mech och endlech motivéieren mäin ‘Uraal-Handy’ ze wiesselen. Momentan hunn ech den Integral bei der Post. Duerfir sinn ech amgaang z’iwwerléen fir op den Vox All In One ze wiesselen. Huet een Erfahrung mat Vox? Zumools a Punkto DSL. Sinn déi zouverlässeg an séier (am Kader vun der maximaler Vitesse natiirlech).

Hänkt awer och natiirlech ëmmer nach vun de Konditiounen vun Vox of, wat en iPhone Kontrakt pro Mount kascht …

Categories: Luxembourg
  1. June 13, 2008 at 10:53 am

    Dierft ech ganz diskret no denger Quell froen? Ech wier do éischter ganz skeptësch. Zumols well Lëtzebuerg op dëser Lëscht [1] nach nët mol bei “Coming Soon” opgelëscht ass.

    Ech hat just eng Kéier eng geschenkten Prepaid-Kaart vu VOX, déi ech einfach benotzt hun bis se eidel war. Ech hat awer ni e Problem domat an et huet ëmmer alles tiptop geklappt, obwuel dat nach am Ufank vu VOX war. Well ech awer schon en Studentenjob bei hinnen hat, kann ech der awer zumindest soën (ech mengen domat briechen ech kee Kontrakt an näischt hehe) dat alles wat ech do gesinn hun nëmmen positiv war. Den Emgang mat de Clienten & co war tiptop. Natierlech war ech just ee Mount do, mais dat ass eben dat wat ech der ka soen.

    Wanns de vun der Post bei VOX wäers wiesslen, wäert et der op d’mannst sou vierkommen wéi wanns de am Service-Himmel bass (wat och nët schwéier ass, vu dat se dat Wuert “Service” bei der Post nët kennen).

    (All Angaben ouni Garantie)

    [1] http://www.apple.com/iphone/countries/

  2. June 13, 2008 at 11:00 am

    Hei ass iwwregens en Artikel deen zwar scho méi al ass, mais wou awer déi novollzeibar an nach ëmmer aktuell Suergen vun eisen dräi Mobilfunkoperateuren dra stinn:

    http://www.lesfrontaliers.lu/index.php?p=edito&id=2725

  3. June 13, 2008 at 11:02 am

    Meng Quell hat mer dësen Link geschéckt: http://aaplinvestors.net/facts/iphoneintl/

    Den Apple Site selwer schéngt natiirlech méi authoritativ …

    Den Service bei der Post ass en effet oft extrem schwéierfälleg.

  4. June 13, 2008 at 11:55 am

    Wat mech bei VOX wierklech enorm nervt sinn all déi Reklammen fir Klingeltéin an EM-Resultater an Spiller an blablabla déi ee permanent per SMS kritt. Wann et eng anstänneg Alternativ géing ginn (bei Tango war ech, déi sinn schlëmmer, an iwwerr LuxGSM schwätze mer guer net…), wier ech jiddferfalls scho längst net méi do. Ech sinn jiddferfalls frou, dass ech de gréissten Deel vum Joër bei T-Mobile sinn (mech schocken SMSen fir total onrealistesch 12 Cent all Kéiers nees wann ech zu Lëtzebuerg sinn).

    An dat hei soen ech der als Apple Geek: sierf der ganz sécher, iers de der en iPhone keefs. Vill Funktiounen déi bei aneren Handyen normal sinn, feelen nämlech (e beherrscht z.B. keen MMS an d’Kamera ass miserabel).

    Ech sinn bëssen Miesmacher, ech wees. Mee t’ass jo awer vill Geld an bei en anere Ubidder ze wiesslen mécht ee jo och net all Dag.🙂

  5. pa
    June 13, 2008 at 1:01 pm

    Ech méngen op wort.lu oder rtl.lu dat doten och schons gelies ze hun. VOX wärt do schon eng offiziell Pressemeldung eraus bruecht hun.

    Wat ech mech just froen, ass dat hei erlaabt, en Handy un e bestëmmte Provider ze bannen? Do gin et jo awer bestëmmte Gesetzer…

  6. pa
    June 13, 2008 at 1:03 pm
  7. June 13, 2008 at 1:06 pm

    thierry:

    Ech schécken keng MMS an eng 2 Mega-Camera um Handy geet mir duer. fir sérieux Fotoen hunn ech och sérieuxt Geschier😉

    Mee Vox schéckt engem Reklammen-SMSen d’ganzen Zäit??? Kann een sech do net ofmellen? Well dat ass e Grond fir net ze wiesselen.

  8. June 13, 2008 at 1:07 pm

    pa:

    100% sécher kléngt dat am Text awer nach net😉

  9. June 13, 2008 at 1:40 pm

    Ech hunn jiddferfalls op hierem Internetsite na ni sou eppes fonnt wéi et sollt goen. Et ass jo scho mol defintiv keen Opt-In well sou enzwousch géing ech met androen. An wou den Opt Out ass… wee wees. Vläit gett et keen.
    An sou begeeschtert vum Service wéi de Federico sinn ech och net. Wéi gesot, géing et eng besser Alternativ ginn wier ech scho längst net méi Client do. Mee Vox ass halt dat klengsten Iwwel.

  10. June 13, 2008 at 2:11 pm

    thierry:

    Also do hätt ech méi séier den Helpdesk ugewielt, wéi se kucken kéinten!!!🙂

    Dat do froen ech sécher am Viraus no. Ech wëll net zougespammt ginn!?

  11. June 13, 2008 at 4:47 pm

    Ech hun nët geschriween ech wier begeeschtert vum Service, just datt en definitiv besser ass wéi deen vun der Post. A well ech selwer awer keen VOX Client sinn, kann ech soss näischt doriwwer soen.

    Bei Tango kritt een effektiv och Reklammen gescheckt, meeschtens fier speziell Promoen, awer och fier Aktiounen wou een Interêt drun huet matzemaachen (zB temporär Präisreduktiounen, meeschtens fier d’Prepaid-Clienten). Ech giff schätzen dass dat 1-2 Mol pro Mount vierkënnt. Natierlech nervt dat een all Kéiers, wann d’Offer fier een onintressant ass. Vun enger Opt-Out Méiglechkeet wees ech hei näischt.

    Den Service vun Tango géing ech als mëttelméisseg bis normal aschätzen (ech hun mech jo nawell des öfteren op mengem Blog doriwwer ausgeloos). Et muss een – wéi leider bei villen Provideren – oft e puermol Ulaf huelen, bis een dat erreescht wat ee wëll, mais op d’mannst bei mir huet et bis elo ëmmer geklappt zum Schluss. Bleift och ze soen, dass ech am Fong bal ni op hieren Helpdesk ugewise sinn, well Problemer mam Mobil/Festnetzreseau an Internet minimal vierkommen.

    Thierry: ech hu mech och ëmmer an éiweg iwwer eis Mobilfunkpräiser beschwéiert. Bis ech d’Situation an der Belge gesinn hunn … Eent vu villen Beispiller: eng Mobilfunkflatrate wéis de se hei am Land bei bal all Provider kriss, an hei ronn 30 € kascht, kascht bei eise léiwe Noperen bei BASE 120 € pro Mount, Mindestvertragslaufzeit 24 Méint. An dobäi sinn do Uriff an SMS’en op friem Mobilfunkréseauen ausgeschloss (hei am Land ass alles mat dran), an am Klenggedrecktenen steet dass si ënnert der “Flatrate” eng “fair-use policy” vun max. 7,5 Stonnen pro Dag verstin: dat ass fier dee Präis einfach nëmmen e riese groussen WITZ!

  12. June 13, 2008 at 4:55 pm

    Ech sin bei Vox, kréien awer kaum SMSen fir irgendwelch Servicer. Mee vlaischt huet daat och mat Kontrakt/Prepaid ze din.😦
    Keen MMS ass (och wann ech et net benotzen) schon en Recklschlag fir meng Gedankenspiller fir een iPhone. Mee un sech well ech just eppes klenges fir ze twittern an surfen ze kennen…

  13. June 13, 2008 at 5:17 pm

    Ech bezuelen op der Insel 3p (ongeféier 5 Cent) pro SMS, egal wéi e Netz. Ech kréien ni Reklammen. An ech hunn eng Prepaid Kaart.
    Reklammen kréien ech bei Vox minimum eemol d’Woch, a bezuelen 12 Cent pro SMS. Och mat Prepaid.
    Och wann et bei eis besser ass wéi an der Belsch, heescht dat jo awer net, dass ech hei net nach besser Conditiounen kann verlaangen.😉

  14. June 13, 2008 at 8:52 pm

    Ech sin och bei Vox sait hirer Ufankszait. Am Ufank waren et alt zaiteweis Problemer dass keng SMS’en duerchkomm sin asw., mee an der Läscht haat ech awer keng Problemer an naischt. An Reklammen krut ech zwar och net immens vill, vlait eng handvoll an deenen 4 Joër. Wat mech just nervt dass ceh sait Méint allkéiers wann ech vum Letzebuergeschen an dat belscht Netz kommen sou eng blöd Welcome SMS gescheckt kréien, mee do kann Vox jo naischt dofir.
    An den iPhone,deen reizt zwar och😉 MMSen hun ech bis lo vlaicht 2 Steck verscheckt an mengem Liewen. Hei an der Belsch sollt en jo och den 11. Juli rauskommen, dat gouf lo mettlerweil well revidéiert, do gin et anscheined irgendwelch Problemer. Wahrscheinlech, well et hei an der Belsch verbueden as Handy’en mat SIM-Lock ze verkafen, respektiv Providergebonnen Handy’en.

  15. June 13, 2008 at 8:54 pm

    Wat iwregens och nach fir VOX als iPhone Operateur kéint schwetzen daat as dass an der Belsch Mobistar den iPhone verkaafen soll, an VOX gehéiert jo mettlerweil Mobistar.

  16. June 14, 2008 at 1:38 am

    Ech sinn vun der Post bei Vox gewiesselt wéi Vox ongeféier ee Joer al war an hunn do just en GSM-Abonnement mat engem klenge Forfait de Mount. Vum Präis-/Leeschtungsverhältnis sinn ech ganz zefridden.

    Reklammen kréien ech regelméisseg just per Newsletter, mä do ass d’Méiglechkeet ze desabonnéieren. Reklammen per SMS sinn esou rar, dass ech mol net weess wéivill ech der pro Joer kréien.

    Déi Welcome-SMSen vun anere Réseauen kann een an den Handy-Astellungen ausschalten, hunn dat awer réischt beim Mammendagscadeau deen ech dëst Joer offréiert hunn gemierkt. Muss dat mol bei mengem eegenen Handy ausprobéieren.

    Dat wat mech bei Vox am meeschten nervt, ass dass si den Handy héchstens 20 Minutte laang schelle loossen an dann op d’Mailbox weiderleeden. Sou hunn ech scho munch direkt Gespréich verpasst, well ech net ëmmer sou direkt deen Apparat um Ouer hunn. Si dogéint wäerten esou hiere Réseau net iwwerlaaschte wëllen, op Käschten allerdéngs vum Confort fir den End-User, deemno e Minuspunkt hei.

    SMS-Präisser sinn effektiv ze deier zu Lëtzebuerg, dat ass also net onbedéngt e Problem vu Vox mä vun der Präispolitik vun deenen 3 Provideren, doduerch verschécken ech der eben net sou vill an twittere léiwer via Mini-Opera. Do hat ech lo no engem intensive Mount eng duerchaus akzeptabel Rechnung.

    Gëschter huet Vox awer masseg Punkten verluer bei mir, well een (dee sech als ee) vun hinnen (ausginn huet) menger Fra minuttelaang um Handy probéiert huet en All-in-One-Abo opzequasselen. D’Nummer war awer komescherweis ënnerdréckt, wat mech staark zweiwele gedoen huet, dass deen Uruff effektiv vun hinne komm ass. Telefonspam schéngt jo leider och ëmmer méi opzekommen.

    MMS verschécken ech zwar heiansdo, mä ass awer keng Noutwendegkeet. An der lescht benotzen ech fir sou Saachen éischter Twitpic vum Handy aus. Den iPhone géif mech haaptsächlech interesséieren wéi de Fireball sot, fir ze twitteren an ze surfen. Dat kann ech zwar och mat mengem SonyEricsson K770i, mä deen Display ass sou winzeg, do wier en iPhone sécherlech en décke Plus wat de Confort ubelaangt.

  17. June 14, 2008 at 5:22 pm

    VOX seesde? Ech duet dass Vodafone (elo nach LUXGSM) deen Vertrag ging kreien. Egal wei et ausgeet, den iPhone get deblockeiert an dann gët daat Netz geholl waat *ech* well.

  18. Pierre
    July 4, 2008 at 10:23 am

    Et gëtt gemunckelt dat den iphone och zu Lëtzebuerg den 11 Juli bei Vox rauskënnt…

  19. July 4, 2008 at 5:06 pm

    hohohoho😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: