Home > Fun, Gesellschaft, Video > America is the best!

America is the best!

FAUXNEWS ass wirklech de Sender fir die Gehiiramputéiert an Komplexéiert an Amerika. Den Steven Colbert huet dat nees gudd exposéiert.

Categories: Fun, Gesellschaft, Video
  1. June 21, 2008 at 2:21 pm

    Wat ech do lo vill méi gäil fannen: Comedy Central setzt jo mëttlerweil och ganz Episoden vum Jon Stewart a Steven Colbert op den Internet?! An dat ouni blöd IP Kontroll dass nemmen Amerikaner et kennen kucken. Wow!

  2. June 21, 2008 at 2:27 pm

    En effet! Cool.

  3. Chris
    June 21, 2008 at 4:08 pm

    Bon, Gehiramputéiert a Komplexéiert ass natierlech rem héich gegraff.

  4. June 21, 2008 at 4:15 pm

    Awer net vill.

    Hues du eng Ahnung wat op Foxnews leeft? Sou eppes kënnen just Gehiiramputéierter kucken.

    Hues du den Video ugekuckt? Ween, ausser engem Komplexéierten, muss sech selwer 100x soen, dass hien an deem beschten Land op der Welt liewt?

  5. Chris
    June 21, 2008 at 6:12 pm

    Wann s du et sees.

  6. June 21, 2008 at 8:28 pm

    dei conservative amerikaner gleewen wiklech dat amerika einfaach daat beschtend an greisstent land ass.
    nationalismus deen ganz no un fascismus grenzt,quoi.

    ech froen mech heinsdo op den cynicism vun john steweart, colbert etc dei richteg approch ass. dat get deenen fascisten eng “narrenfreiheit” dei ech onacceptable fannen.

    don’t get me wrong, ech hun john steward och emmer gekuckt (wei ech nach cable tv haat), mee nodeem den bush eng 2keier gewiellt gin ass hun ech daat net mei witzeg fonnt, d’republikanesch machine ass keen witz.

    ech froen mech emmer : “how the f*ck do they get away with it?”

  7. June 22, 2008 at 12:52 am

    chris:

    – Wees du wat Foxnews ass?
    – Hues du der den Video ugekuckt?
    – Forcéiert irgendeen dech, dësen Blog ze liesen?

    urban:

    all anert Land, wat sech sou giff opféieren, wéi Amerika a punkto Patriotismus, Fändelen, etc giff als faschistesch dohi gestallt ginn …

    an dat mam ‘how the f*ck do they get away with it’ ass en effet eng gudd Fro!! et ass jo och en Hohn, dass all, déi die an der Administratioun op deenen verschiddensten Plazen komplett versot hunn, dann duerno all die ‘Medal of Freedom’ vum Bush kruten …

    gët wirklech héich Zäit fir Change.

  8. Chris
    June 22, 2008 at 1:40 am

    Jo.
    Jo.
    Nee. Mee ech halen net op et ze man.

    Méng Froen:
    – Wars du schon emol an Amerika?
    – Wa jo: wéi oft, wéi laang, wou?
    – Wann net: Baséiers du däi Wëssen iwwer friem Länner prinzipiell op Ausschnëtter äus Comedy Sendungen?
    – Kenns du en amerikanesche Staatsbierger?
    – Wa jo: wat hält dee vu séngem Heemechtland?
    – Wann nee: kenns de usaerklaert.wordpress.com ?

    Des Weideren:
    – Mat watfrengem Deel vu méngem Kommentar hunn ech dech getraff/rose gemaach?
    – Wier et der léiwer ech géif däi Blog net méi liesen?
    – Ass déi Roserei an dénge Bäitreeg/Kommentarer/Repliken zu Kommentarer eng generell?

  9. June 22, 2008 at 9:35 am

    Chris:

    Jo, ech woer scho mol an Amerika. 3x fir genau ze sinn. Staten: New York, Washington DC, Kalifornien, Nevada, Montana, Washington, Utah. An jo, ech kënnen Amerikaner perséinlech. Allerdëngs hunn ech die meescht dovunner an Europa getraff. An deenen hier Meenung zu Foxnews ass garantéiert ähnlech.

    Dovunner ofgesinn, gesinn ech net, wat deng Froen mat menger Kritik un Foxnews ze dinn hunn? Du ‘attackéiers’ mëch, wéi wann ech d’USA usech a global kritizéiert hätt? Wat jo net de Fall woer.

    Dat wier, wéi wann ee mier giff virgeheien, just wëll ech d’Bild-Zeitung fir hiere Schrott an hier Desinformatioun kritiséieren an typesch Bild-Lieser als mannerbemëttelt ugesinn, géint d’Däitschland oder die Däitsch usech vir (resp. The Sun > Uk, etc).

    Lo kann een natiirlech soen, dass die Läit einfach ignorant sinn an net dofir kënnen. Wat natiirlech richteg ass. Mee emsou méi schlëmm, dass Medien wéi d’Bild oder Fox dat ausnotzen resp. encouragéieren an d’Mass probéieren mat hierem Schrott ze manipuléieren. DAT ass den eigentleche Problem deen ech domadder hunn.

    Wat deng Kommentaren ugeet:

    Et ass mer just opgefall, dass deng Kommentaren ‘oft’ pickeg sinn resp. mir ‘oft’ op géigensätzlechen Positiounen stinn. Wat jo absolut ok ass. Ech gräifen dat just heiandsdo gären op. Verschiddener Meenung ze sinn resultéiert oft an méi interessanten Diskussiounen, wéi wann jidereen der selwechter ass.

    Du kanns roueg mäi Blog weider liesen! Firwat och net? Duerfir ass e Blog jo do. D’ass e gelies gët. Du kanns och weiderhin deng Kommentarer schräiwen.

    Dat mat der Roserei do hunn ech lo net ganz verstan? Wéini sinn ech wou rosen? An hei woer ech net rosen, just liicht irritéiert wëlls du mer ‘nees’ ennerstallt hues, ech wier ze extrem oder giff d’Tatsachen verzerren oder sou eppes an deem Genre an du häss natiirlech déi richteg Vue vun der Situatioun. Ouni dat allerdëngs ze erklären an just mat engem lapidaren an liicht arrogant klengenden ‘wann s du et sees’ kommentéiers.

    Op der anerer Säit Merci, well ech diskutéieren gären😉

    ps. An Merci fir dee Link zu deem Blog. Ganz interessant!

  10. Chris
    June 22, 2008 at 10:45 am

    D’Saach ass déi, dass ech der Meenung sinn, dass kengem gehollef ass, wann ee Leit als Gehoramputéiert a Komplexéiert bezeechent. Dohanner stécht einfach vill méi, wéi dass een et sou nenne kann/soll.

    Et ass genee wéi déi Haltung dass den Dubya en domme Mënsch si soll – ech bezweiflen et. Ech äntwerten oft ‘pickeg’, well et einfa méng Astellung ass ze provozéiren; hei hunn ech et lo awer wierklech net wëlle man. Ech wollt einfa en Deckel op d’Diskussioun setzen, déi ménger Meenung no a keng fir mech interessant Richtung féire géif (an huch dat huet et awer na gema!). Keng Tatsaacheverzerrung – just ze extrem, well net nëtzlech.

    Dovun ofgesinn diskutéiren ech gäer an ech denke meeschtens och gutt (fro de Maach4un. I miss you!!! dk*). Vläicht hunn ech hei wierklech méi schreiwe kënnen, mee ech denken, dass et alt nees eng Kéier um Internet louch, an dass dat falsch riwwer koum. Et war net gemengt, wéi wann ech wollt Recht behalen: ech wollt einfa just net weider diskutéiren well ech ni an den USA war an eigentlech näicht wierklech weess, wéi d’Land am Fong ass. Dofir: “Wann s du et sees.”

    Ech hu just d’Gefill, dass du heiansdo aus enger gewësser Roserei schreiws, déi sech duerch multipel Sazzeechen, Fettdrock oder Fluchen bemierkbar mécht. Bei den heiklen Themen, déi s de heinsdo uschwätz fannen ech dat net ubruecht.

    PS: wann s de na rose bass, wéinst méngem Gestëppels an der Buschdiskussioun (och hei pun intended), dann dierf ech der soen, dass et wierklech just frëndlecht Gestëppels war, well ech d’Thema einfa nëmme witzeg fonnt hunn. Ech hu mer einfa virgestallt, wéi s du vun der Aarbecht heemfiers an der am Kapp de Gedanke kënnt an s de der sees: “Ah tiens, dat ass awer eng lusch Geschicht. Doriwwer muss ech lo bloggen!”😉

    PPS: Dee Blog ass brillant. Ech baséiren mäin Hallefwëssen dorobber an op de Simpsons.

    Alles klar? Denke schon.

    *Disclaimer: De Maach4un kritt keen décke Kuss. Dat war just dem komödianteschen Effekt zu Léift sou festgehale ginn.

  11. June 22, 2008 at 11:13 am

    Natiirlech ass am Detail alles méi komplizéiert. Mee Foxnews ass wirklech extrem krass an primitiv an méi en Propaganda-Kanal fir eng gewëss politesch a sozial Weltsiicht (die konservativ-paranoid), wéi soss eppes. Do gët ganz bewosst manipuléiert an mat Ängschten an Emotiounen gespillt.

    Den Dubbelju ass bestëmmt keen ‘domme’ Mënsch (woubäi een fir d’éischt misst ‘domm’ definéieren), mee och keen wirklech intelligenten (hues de mol en net gescripten Pressekonferenz vun him gesinn??). Mee hien ass sécher clever an ‘street-wise’. An die meescht vu sengen Entscheedungen huelen jo souwiesou seng Beroder. Hien ass just d’Facade.

    Den ‘Wann s du et sees’ ass dann en effet falsch eriwwer komm. Mee meng Interpretatioun hätt awer bei mäi ‘Bild’ vun dir gepasst😉

    Wat meng ‘Roserei’ ugeet, sou ass där awer menger Meenung no net vill hei (an ech sinn generell och seelen wirklech rosen). Mee verschidden Dommheeten, Absurditéiten an Ongerechtegkeeten verleeden mech schon mol zum Fluuchen an Fettdrock.

    Ah, d’Simpsons. Jo, mat dat Bescht wat aus Amerika komm ass!!🙂

    Fir de Rescht: Nüschts für ungut!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: