Home > Gesellschaft, Luxembourg, Wëssenschaft > Dénivellement vers le bas!?

Dénivellement vers le bas!?

Wat ech gëschter vun engem Prof erzielt krut, konnt ech bal net gleewen … Hautzudags kann een anscheinend mat bis zu 5 DATZEN duerch kommen (opmanst mol am Technique)!?

An zwar well een anscheinend mat ZWOU Datzen nach net méi duerchfalen kann! Dat ass jo scho krass genuch. Mee wann een awer lo zB an der Chimie, an der Physique an an der Bio dräi Datzen huet, sou zielt dass just als ENG well die 3 op der Zensur als ‘Sciences naturelles’ zesummengefaasst ginn, obwuel dat 3 verschidde Fächer, mat verschiddenen Proffen an verschiddenen Prüfungen sinn!? Dat selwecht gëlt dann fir d’Géo an d’Geschicht, déi als ‘Sciences sociales’ zesummengefaasst ginn. Sou dass een dann en effet an 5 Fächer kann Datzen hunn, awer ‘just’ zwou ugerechent kritt an doduerch d’Joer da gepackt ass!

An dann wonnert een sech verschiddener Schüler net méi motivéiert sinn ze léieren? Sie wëssen jo, dass wann se an enger Rëtsch Fächer gudd genuch sinn, dann kënnen se an deenen Fächer, déi set net interesséieren, sech foutéieren … Duerch kommen se jo awer trotz Datzen.

Jojo, dem Mady seng utopesch-idealistesch-naiv-sozialistesch Pläng hunn wirklech Kapp a Fouss!! Jo, d’Kanner sollen adequat betréit ginn, mee dat heescht nët dass jidereen muss permanent duerchkommen an Astrophysiker kann ginn! Wat e Brachsystem. An währenddeem gët d’Handwierk etc komplett vernooléissegt.

Ech verstinn de Proffen hier Frustratiounen sou lues. An da sollen och d’Noten anscheinend komplett ofgeschaaft ginn, well déi jo die aarem Kanner traumatiséieren … Ma déi wäerten Aan maachen, wann se no der Schoul am richtegen Liewen ukommen!

  1. Chris
    July 13, 2008 at 6:04 pm

    Déi Problematik hu mir an de Lycéen virun 2 Joer rop- a rofdiskutéiert. An och wann de Proff deen der dat gezielt huet am Prinzip vläicht näicht falsches gesot huet, ass et net ganz sou einfach wéi s de dat lo unhëlls.

    Duerchfalen kann een nach ëmmer, well d’Noexamen si jo o na net ofgeschaf. An kompenséiren kann ee jo och just, wann een eng gewëss Moyenne huet. An déngem Beispill ginn extrem vill Facteuren äusser Uecht geloss, déi et als sollecht onrealistesch maachen, dass ee mat 5 Datzen op der Zensur säi Joer packt.

    Trotzdem wëll ech den neien System net verteidegen, e bitt onnéideg Schlupflächer fir Lidderhanessen, an e mécht et zum Beispill méiglech, dass de däi klengt Latinum kriss ouni je eng genügend am Latäin geschriwwen ze hunn. Dat ganzt ass ze komplizéiert, fir dass ee wierklech en Iwwerbléck behale kéint.

  2. Dan
    July 13, 2008 at 6:35 pm

    Dénivellement vers le bas seet et allerdings genau richteg… Ech gesin déi Richtung och an der Schoul, leider awer net nemmen do, mee och soss am Liewen…

  3. July 13, 2008 at 7:39 pm

    Chris:

    Wat fir eng Moyenne muss een dann hunn fir 2 Datzen kompenséieren ze kënnen? Mee theoretesch wier et awer méiglech fir mat 5 Datzen weider ze kommen? Dann kéint jo awer een deen sech net fir Sciences Naturelles interesséiert drop spekuléieren fir déi sausen ze loossen an sech op die aner ze konzentréieren? Freet een sech op dat awer gutt fir seng Allgemeinbildung ass …

    An et wäert just eng Fro vun der Zäit sinn bis d’No-Examen och wäaerten ofgeschaaft ginn, vue dass se jo d’Noten och lo ofschaafen. Mee d’Mady wäaert jo och net éiweg do sinn … Ech hoffen alt mol, dass d’DP die nächst Kéier rem e puer méi Stëmmen kritt!

    Komplizéiert ass et sécher. An et ginn sécher vill Beräicher, wou een och par rapport zu menger Zäit, sécher villes kéint verbesseren. Mee dat muss een awer och gescheit usetzen!

    Dem Mady säi Mantra ‘Jidereen kann alles, wann en nëmmen permanent gefördert gët’ ass och Quatsch an onrealistesch. D’Mënschen sinn numol net all gläich, an dat ass net onbedengt schlecht. An et seet och näischt iwwert den Charakter oder d’Valeur vun der Persoun aus!

    Dan:

    Dat schéngt en effet leider sou! Dee Prof sot mer och, dass vill Jonker en komplett falscht Bild vun der Arbechtswelt hunn. Léiwer e Superstar-Casting wéi richteg schaffen ze goen. Sou eppes maachen jo nëmmen déi ‘Domm’ … A firwat fir 2000 Euro de Mount schaffe goen, wanns de 1600 Euro Arbechtslosengeld kriss? (kann mech bei deene genauen Montant’en lo bëssen ieren)

  4. July 14, 2008 at 4:54 am

    ahhh den letzebuerger “lycee”!

    ech hoffen ech maachen elo keen zevill rosen. 🙂

    wann ech eppes ze soen hatt dann ging ech dei 4 eischt joer keng proffen mee Schoulmeechter an den lycee setzen.

    “profen” zu letz haalen “schoul” ewei op enger (schlechter) uni .
    kanner vun 13-17 joer brauchen een schoulmeechter, een deen se mam ouer hellt wann se neischt fouteieren.

    ech wor jo och net besser. mier waar et scheiss egal an deenen meeschten profen och .
    ech un eng flott erennerung un meng primaer schoul
    an eng flott un meng uni (dei meecht couren woren daach genial!)
    mee den lycee dat wor dach scheiss,.(den cours, den recht , milkbar and co dat wor jo schon spass🙂 .

  5. Chris
    July 14, 2008 at 9:10 am

    @Grommel:
    D’Moyenne ass sou wäit ech mech erënneren relativ héich fir dee Fall. Sou wäit ech mech erënneren bei 37 oder 38. An déi kriss de net einfach sou. Ech wees net op d’Mady wierklech sou ausgesprooche schlecht Iddien huet – chaotesch sinn se awer, an dat ass de gréisste Problem.

    A lo komm mer net mat däer Witztrupp vun der DP. Ganz éierlech.😉
    Do schuddert et mer all Kéiers wann ech liese muss, dass een sech wënscht déi krite Stëmmen.

  6. July 14, 2008 at 11:16 am

    urban:

    Milkbar? Woers du am Kolléischt resp. Rodange?😉

    Ech ginn der Recht mat denger Analyse. An jo, d’Schüler missten optimalerweis motivéiert ginn, mee wann dat net geet oder hëlleft, dann mussen se halt bëssen forcéiert ginn. Meeschtens braucht een halt e bëssen Drock.

    chris:

    Dat mat der Moyenne wier jo dann alt ze hoffen!

    Dem Mady seng Pläng sinn en effet chaotesch, dat ass dat mannst wat een soen kann. Hatt mengt et wuel gutt, mee dat heescht net, dass seng Iddien och gutt an efficace sinn.

    DP ass sécher net perfekt. Mee mat den Sozialisten kënnen se awer mathalen. An et ass jo och net alles schlecht vun de Sozialisten.

  7. July 14, 2008 at 3:21 pm

    Daatoen gesin ech sws och kommen. Et gouf jo souguer spekuléiert dass den Diplomsniveau vum technique sollt eroofgesaat gin soudass et net mei duergeet fir op d’Uni ze goen.

    An mengen aan huet Mady komplett versoot an daat ganzt just na verschlechtert. Wann ech mat menger klenger Schwester leieren dann kann ech o nemmen den Kapp rësselen. Sou wei sie et beibruet kreien ass einfach kompletten Blödsin. An dei saach mam Gudd bis schlecht? Et gët schon su eng Art Zensur wu et amplatz Nummeren just eng “meenung” vun ganz schlecht op ganz gudd get. Vun esou wait ass daat net opgegraff.

    Ech fannen et get emol Zait dass do een eppes mescht. (Biergerinitiative?) ^^

  8. denjclaude
    July 14, 2008 at 6:37 pm

    Jojo eis Schoul. Mier hun eent fun deenen schlechtesten Schoulsystemer fun der Welt, mee dofier ass et wahrscheinlech dat deierst. Dobei misst et Prioiteit Nr.1 sinn, well mer ausser eisen groen Zellen weider neischt hun zou Lëtzebuerg.

    Den Problem ass dat et emmer an d’Extremer geet. Dei eng Regierung zidd extrem un, dei nächst leist erem ganz labber. Mee weinistens probeieren se emol eppes, wien hat dann firun der DP an der LSAP joerzengtenlaang (!) den Unterichtsministere ennert sech?

    Birgerinitiativ wier eng gudd Idii. Firun allem well jo d’nächst Joer Wahlen sinn.

  9. July 14, 2008 at 9:54 pm

    Also ech wees jo net, mee bei mir an der Schoul (déi huet och en T am Numm, woufir den wuehl steht?) sin Chemie an Physik getrennte Fächer an gin och net zesummen bewert an
    Haaptfächer kann en net kompenséiren. Et kann en mat entsprechender Moyenne Fächer kompenséiren, mee je noch Wellen vum Prof/Conseil de Classe kann en zu enger Vakanzaufgab an enger Prüfung déi als eischt vum Joer zielt, verdonnert gin.
    Déi Ännerungen sin an mengen Aan awer keng Verschlechterungen, mee dorobb gees du leider guer net an.

    Dest Joer waar daat eischt, zenter daat ech am Lycee sinn (8 ofgeschlossen Schouljoer), daat d’Spillregelen déi selwescht waaren wéi am Virjoer. Hätt ech een Joer méi speit meng Mathésnote vermasselt, wier ech duerchkomm an wier net an engem Mathésnoexamen duerchgefall – an wier wahrscheinlech lo schon färdeg mat der Schoul…

    De Problem ass net LSAP oder DP, mee de System, den uraal ass an bis no der eischter PISA-Etude nie verännert gin ass. Virwaat hun mir zwee Systemer wou herno prinzipiell deen selweschten Diplom rauskennt, mee deen een ass awer méi “liicht” wéi den aaneren?
    Et braischt eng grondlegend Reform, déi alles op d’Kopp werft, mee déi well keen Politiker, well se méi laang dauert wéi 5 Joer an déi wellen virun allem keen Prof, well sie fueren jo gudd esou wéi se fueren. (Bah, vill, et gin och extrem engagéiert an gudd Proffen!)

    Nach eppes zum Thema “alles kennen”: Ech fillen mech am Fong net “gerecht” behandelt, well ech an engem Fach duerchgefall sin, daat zwar eng extrem heich Valeur an eisem Schoulsystem huet, mee weder Allgemengbildung nach an villen Berufer gefroot ass (Mathé) – mee ech dierf awer wéinst der Schwächt an dem engem Fach net deen Wee goen, den ech gären gaangen wier (an wou ech herno mol keng Mathé méi gehaat hätt!)

  10. July 15, 2008 at 2:38 am

    grommel: yup ech wor am LMR

    den letz lycee mecht een zum intellectuelen an artistechen kreppel!
    et hellt ongefeier 15-20 joer viir sech dervun ze erhuelen an erem “creative” ze gin🙂

  11. July 15, 2008 at 10:57 pm

    Ech ginn dem Joël bezüglech deenen fënnef Joër Recht. Bei der Educatioun wier et nach méi wéi bei all anerem Ministère noutwendeg, dass den zoustännege Minister méi laang am Viraus géing plangen. Iwwerhaapt fannen ech, dass net iergenden x-beliebegen Idiot kann ugelaatscht kommen an sou ee Posten kritt. Jo, d’Mady war Proff. Dat heescht awer nach laang net, dass et Ahnung huet vun der Edukatioun. Firwat hunn mer do net NEMMEN Leit schaffen, déi tatsächlech Edukatiounswëssenschaft studéiert hunn? (An net hei op der Uni.lu, well wat déi do futéiren ass jo absolut lächerlech.)

    An ee klengen Denkustouss: NEMMEN mat enger Générale gett een op enger Uni ugeholl, anerwerts muss een sech mat enger Héichschoul begnügen. An der Schwäiz huelen se mëttlerweil guer kee méi aus dem Technique, egal wéi eng Branche, an déi Leit mat enger A (déi op dem Mady senger Mécht gewuess ass!!) ginn an der Schwäiz och net ugeholl. Lo kann ee soen, d’Schwäizer sinn e bëssen elitär, mee d’Belsch an Éisterräich sinn de Lëtzebuerger Schüler jo och scho vill méi kritesch agestallt, bei de Fransousen muss een op de besseren Unien souwisou een Examen maachen, bei de Briten muss ee firdéischt mol nach een Examen ofleen fir seng Engleschkenntnisser ze beweisen (wien bretzt sech eigentlech nach emmer mat eisem Multilingualismus?!) an et ass just nach eng Fro vun der Zäit bis all d’Länner (zu Recht!) ganz dicht maachen fir d’Lëtzebuerger.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: