Home > Gesellschaft, Natur > Leider verpasst.

Leider verpasst.

Koch-Schock mit Jamie Oliver.

Schon ‘cool’ fir en Hung do live doud ze man. Schliesslech hunn die meescht Läit jo wirklech vergiess, wou den Poulet oder de Bifteck um Teller hier kënt an dass déi Saachen net am Cactus oder Auchan am Keller wuessen.

Ech sinn absolut och e Fleesch-iesser, mee a Moossen. Ech fannen awer dass d’Déieren mat enger gewësser Würde solle behandelt ginn. An net nëmmen als (méiglechst bëlleg) Fleeschmaschinnen ugesinn solle ginn.

Fleeschkonsum ass an villen Hisiichten net onproblematesch: Déierenhaltung, Medikamenter etc, Urwaldrodung, Gasen, …

Och hei gëlt, weniger ist mehr. Mussen net all Dag e Bifteck, Ham an Zoossis sinn.

Categories: Gesellschaft, Natur
  1. July 15, 2008 at 4:39 pm

    Mussen net all Dag e Bifteck, Ham an Zoossis sinn
    amen to that!

    souwiesou wann een “bio” fleesch keeft dann get et esou deier dat een sech et nemmen 1 mol d’woch kannn leeschten.

    schued awer dat den fesch esou verpescht an iwer-fescht gin ass. soss ging ech mer all daach esou een gegrilltenen mahi-mahi erann zeihen🙂

  2. July 16, 2008 at 1:44 pm

    D’Froo ass op et iwwerhaapt méiglech ass déi ganz Mënschemassen mat biologescher Landwirtschaft ze fidderen.

  3. July 16, 2008 at 6:14 pm

    dat ass villeicht eng berechtegt fro. mee ech mengen dat bio and lokal besser viir den mensch an d’natur ass. an och besser waer viir ganz wellt ze fidderen ewei waat mir elo maachen.

    waat dei traditional agriculture/alimentation opfeiert ass daach eng sauerei.
    an ech vestinn net ewei een mesch daat nach kann verteidegen.

  4. July 17, 2008 at 9:13 am

    Ged net längst genuch produzéiert, fir jiddereen saat ze maachen, mee et ginn eben haaptsächlech Déiren domadder gefiddert…

    Ween net verdroen kann, ze kucken, wéi sain Iessen “gemaach” ged (och während dem Iessen!) , den soll et nët iessen.

  5. July 19, 2008 at 4:15 am

    Et gëtt genuch gudd Nahrungsmëttel fir eis z’ernähren, ech kann net verstoen wat un engem Stéck Déierläich sou appetitlech soll sinn, ausser wann ee nekrophil veranlagt as.
    Ouni Massentierproduktioun as et haut schon net méi méiglech de weltwäite Fleeschkonsum ze befriddegen. Den ethesche point de vue mol ganz op der Säit geloss.
    D’Argumenter fir eng vegetaresch Ernährung si längst wëssenschaftlech ënnermauert, nix mat Esoterik oder esou. Mir bréichten 3 Planéiten fir sou weider ze liewen wéi elo.
    Pro Joer kommen 81.267.634 Menschen dobäi….

  6. johnny
    July 19, 2008 at 3:54 pm

    Näischt géint e Steck Fleesch, mee natierlech kennt alles, wat mer iessen, vu Pflanzen. Fir 100 Kalorien Rendfleesch ze produzéiren, brauch een ongeféier 1000 Kalorien Fudder, an och Gromperen sinn op de Kilo méi siedegend, wann een se net duerch en Fierkel virverdaue léisst.

    Wann een de Probleem quantifizéiert, de Kaloriebedarf vun der Menschheet als Basis hellt a kuckt, wéivill Ertrag en Hektar Ubaufläch huet, dann fennt sech, dass een am Bäschten probéiert, keen zevill groussen Undeel vun deene Kalorien a Fleesch ze convertéiren. Fir en Sonndesbifteck fir deen, dee frou dermatt as (mech) geet et probleemlos duer, mee dräi mol den Dag Fleesch as net onbedengt sustainable…

    Wat d’Ethik ugeet, dat as eng aner Saach. Ech appréciéieren eng korrekt Véihaltung a Schluechtung, mee am Fong kann ech mech dermadd arrangéiren, dass Déieren fir meng Ernährung ëmkommen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: